See also ebooksgratis.com: no banners, no cookies, totally FREE.

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Verännerlech Stären - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Verännerlech Stären

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

E ganze Koup vu Stären hunn keng gläichbleiwend Liichtkraaft wéi z.B. eis Sonn, mä weisen onregelméisseg oder periodesch Hellegkeetsschwankungen a ginn dofir verännerlech Stäre, variabel Stäre oder kuerz Verännerlecher genannt. Dës Hellegkeetsschwankungen sinn net ze verwiesselen mat der Szintillatioun, dem Fonkelen vun de Stäre, wat duerch d'Loftonrou ausgeléist gëtt.

Engersäits hunn d’Observatiounen an de Fortschrëtt d’Wëssen iwwer verännerlech Stäre enorm verbessert, anersäits ass et immens komplizéiert ginn, eng sënnvoll allgemenggülteg Definitioun ze fannen, fir verännerlech Stäre vun den onverännerlechen ofzegrenzen:

  • Eng Hellegkeetsverännerung fënnt an Zäiträim statt, déi am Vergläich zu der allgemenger Stärenentwécklung als kuerz unzekucken ass. (Liichtwiessel bannescht vu Jorzéngten)
  • De Liichtwiessel ass am opteschen an am noinfraroudem Beräich ze gesinn. (Et bleiwt unzumierken, datt eis „onverännerlech“ erschéngent Sonn an extremen Wellelängteberäicher en eendeitegen Liichtwiessel opweist.)
  • D’Amplitud vun der Hellegkeetsschwankung ass visuell souwéi fotografesch oder liichtelektresch noweisbar.

Inhaltsverzeechnis

[Änneren] Geschicht

Den 3. August 1596 ass den éischte wëssenschaftleche Bericht iwwer en verännerleche Stär duerch de David Fabricius niddergeschriwwe ginn. Hien hat Schwankungen vun der Hellegkeet vum Stär Mira entdeckt. Am Joer 1669 schreiwt de Geminiano Montanari éischtmols iwwer de Liichtwiessel vum Algol. Am Joer 1784 geléngt dem John Goodricke d’Entdeckung vun der Verännerlechkeet vun δ Cephei an η Aquilae.

Am Joer 1844 publizéiert de Friedrich Wilhelm August Argelander seng „Aufforderung an die Freunde der Astronomie“, déi wuel als Ustouss fir eng systematesch Entdeckung an Observatioun verännerlecher Stäre ugesinn ka ginn. Duerch d’Aféierung vun der Fotografie klëmmt d’Zuel vun de bekannten Verännerlecher staark un; an a Verbindung mat der Stärespektroskopie gëtt d’Méiglechkeet geschaaf, dem physikaleschen Verständnes fir d’Ursaachen vun den Hellegkeetsännerungen verännerlecher Stäre méi no ze kommen.

[Änneren] Andeelung

Verännerlech Stäre loossen sech no hiren Eegeschaften a verschidde Gruppen andeelen:

[Änneren] Bedeckungsverännerlecher

Bedeckungsverännerlech Stäre kann een observéieren, wann d’Komponenten vun engem Duebelstäresystem hannereneen laanscht lafen a sech dobäi géigesetzeg bedecken. Bedeckt dee klenge Stär een Deel vum grousse Stär, ergëtt sech e schmuele Minimum an der Liichtkurv vum Systems. Wann dee klengen hannert dem grousse Stär duerchleeft, observéiert een e weidert, manner déift Minimum an der Liichtkraaft. E bedeckungsverännerleche Stär huet eng periodesch Liichtkurv. Déi zwee Stäre variéieren hir Liichtkraaft dobäi ne, dofir ginn d’Stäre vun dësem Typ och als optesch Verännerleche bezeechent.

[Änneren] Rotatiounsverännerlecher

Rotatiounsverännerlech Stäre si Stäre, déi am Laf vun hirer Rotatioun hir Hellegkeet veränneren, entweder well se als Komponenten vun enke Duebelstäre ellipsoidesch deforméiert sinn oder well si op enger Säit grouss Stäreflecken hunn.

[Änneren] Pulsatiounsverännerlecher

D’Ursach fir d’Liichtkraaftsännerung vu Pulsatiounsverännerlechen läit doran, datt dës Stäre selwer hir Zoustandsgréisst veränneren, besonnesch de Radius an d’Uewerflächentemperatur. Doduerch ännert sech och d’Liichtkraaft (fir Detailler kuckt Kappa-Mechanismus).

[Änneren] Eruptiv Verännerlecher

Dës Stäre veränneren hir Liichtkraaft a ganz kuerzer Zäit méi oder wéineger staark. Och wa sech d’Ausbrëch widerhuelen, verlaafen si net streng periodesch.

[Änneren] Diverses

Doriwwer eraus gëtt et och nach e puer wéineg Stären, déi um Enn vun hirem Lieweszyklus onregelméisseg Ausbrëch an a keng Klass unzeuerdne sinn. Dozou gehéiert an der Mëllechstrooss den onstabilen bloe Risestär η Carinae.


[Änneren] Literatur

  • Hoffmeister, C., Richter, G. u. Wenzel, W.: Veränderliche Sterne, J. A. Barth Verlag, Leipzig (1990), ISBN 3335002245

[Änneren] Um Spaweck


aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -