Andromeda (Stärebild)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D’Andromeda ass e Stärebild vum nërdlechen Stärenhimmel.
Si ass eent vun de bekannteste Stärebiller, well an dësem Stärebild d’Nopeschgalaxis vun eiser Mëllechstrooss, och eng Spiralgalaxis M 31, de groussen Andromedaniwwel läit.
[Änneren] Beschreiwung
D' Andromeda besteet aus enger Kette vu véier Stären, déi vum Pegasus Rechteck ausginn. Déi dräi hellste Stären, Alamak, Mirach a Sirrah leie souzesoen op enger Linn.
Ënner gënschtegen Observatiounsbedingungen ass nërdlech vun der δ Andromeda en Niwwelfleck z'erkennen dee schwaach liicht, d’Galaxis M 31, och als Andromedaniwwel bekannt. Déi siichtbar Stäre vum Stärebild gehéiren zu eiser Galaxis a sinn net méi wäit wéi ronn 1.000 Liichtjoer ewech. D’Distanz zum Andromedaniwwel ass dergéint mat ronn 2,7 Milliounen Liichtjoer vill méi grouss.
[Änneren] Geschicht
D’Andromeda ass eent vun den 48 klassesche Stärebiller aus der Antikitéit, déi vum Ptolemäus beschriwwe goufen.
Benannt gouf d’Stärebild no der Andromeda, enger Prinzessin aus der griichescher Mythologie.
|
|
---|---|
Numm | Andromeda |
Laténgesche Numm | Andromeda |
Laténgesche Genitiv | Andromedae |
Laténgesch Ofkierzung | And |
Rektaszensioun | 22h 57m bis 2h 40m |
Deklinatioun | +53°20’ bis +21° 35’ |
Fläch | 722 Quadratgrad Rang 19 |
Siichtbar op Breedegraden | 90° Nord bis 37° Süd |
Beobachtungszäitraum fir Mëtteleuropa |
Hierscht |
Unzuel vu Stäre mat Gréisst < 3m |
3 |
Hellste Stär, Gréisst |
α Androedae (Alpheratz), 2,06m |
Meteorstréim | |
Nopeschstärebiller (vun Norden am am Auerzäresënn) |
Cassiopeia Lacerta Pegasus Pisces Triangulum Perseus |
[Änneren] Stären
B | F | Numm o. aner Bezeechnungen | m | Lj | Spektralklass |
---|---|---|---|---|---|
α | 21 | Sirrah, Alpheratz | 2,06 | 97 | B8 IV |
β | 43 | Mirach, Mirakh, Merak, Mirar, Mirath, Mirax, El Mizar, Al Mizar | 2,07 | 199 | M0 IIIa |
γ1,2 | 57 | Alamak | 2,26 | 355 | K3 /B9 /B9 |
δ | 31 | 3,27 | 101 | K3 III | |
51 | 3,59 | 174 | K3 III | ||
ο | 1 | 3,62 | 692 | B6 III | |
λ | 16 | 3,81 | 84 | G8 III | |
μ | 37 | 3,86 | 136 | A5 V | |
ζ | 34 | 4,08 | 181 | K1 IIe | |
υ | 50 | 4,09 | 44 | F8 V | |
κ | 19 | 4,15 | 170 | B9 IV | |
φ | 42 | 4,26 | 740 | B6 IV + B9 V | |
ι | 17 | 4,29 | 503 | B8 V | |
ε | 30 | 4,34 | 169 | G6 III | |
π | 29 | 4,34 | 660 | B5 V + F8 V | |
η | 34 | 4,40 | 243 | G8 IIIb | |
σ | 25 | 4,51 | 141 | A2 V | |
ν | 35 | 4,53 | 680 | B5 V + F8 V | |
7 | 4,53 | ||||
θ | 24 | 4,61 | 253 | A2 V | |
3 | 4,64 | ||||
65 | 4,73 | ||||
58 | 4,78 | ||||
8 | 4,82 | ||||
ω | 48 | 4,83 | 92 | F5 V | |
b | 60 | 4,84 | |||
ξ | 46 | Adhil | 4,88 | 196 | K0 IIIb |
τ | 53 | 4,96 | 680 | B8 III | |
ψ | 20 | 4,97 | 1310 | G5 Ib + A0 V | |
χ | 52 | 5,01 | 242 | G8 III | |
22 | 5,01 | ||||
41 | 5,04 | ||||
2 | 5,09 | ||||
ρ | 27 | 5,16 | 160 | F5 III |
D'Andromedae steet op enger Distanz vun 200 Liichtjoer vun der Äerd. Et ass e Roude Ris mat engem 30fachen Duerchmiesser vun der Sonn.
De Numm Mirach huet en arabeschen Ursprong a bedeit esouvill wéi, "d'Hëften".
[Änneren] Duebelstären
System | m | Ofstand |
---|---|---|
α | 2,1 / 11,8 | |
γ | 2,2 / 5,0 / 5,5 | 9,6"en |
π | 4,5 / 8,8 | 36" |
56 And | 5,7 / 5,9 | 200" |
59 | 6,0 / 6,5 | 16,6" |
Den hellste Stär an der Andromeda ass den Alpheratz (α Andromedae). Et handelt sech ëm een Duebelstäresystem op enger Distanz vun 97 Liichtjoer. De blowäissen Haaptstär huet déi 110fach Liichtkraaft vun eiser Sonn. Et ass ee verännerleche Stär vum Typ Alpha2-Canum-Venaticorum. Hie gëtt vun engem liichtschwaache Stär vun der 11. Gréissteklass begleet.
De γ Andromedae ass een Dräifachstäresystem op enger Distanz vun 355 Liichtjoer. Den orange liichtenden Haaptstär huet den 80fache Duerchmiesser an déi 2.000fach Liichtkraaft vun eiser Sonn. Hie gëtt vun zwee bloe Stären mat der 5. Gréissteklass begleet, déi ganz enk zesummestinn. Den arabesche Numm Alamak bedeit „Wüsteluchs“.
De System 56 And läit 250 Liichtjoer wäit ewech a besteet aus zwee Stäre mat de Spektralklassen K0 an K4. De System weist, vun der Äerd aus, e wäiten Ofstand vun 200 Bousekonnen.
59 And besteet aus zwee Stären vun de Spektralklassen B9 an A1. De System ass 300 Liichtjoer vun eiser Sonn ewech.
Och den Adhil, oder Xi Andromedae genannt, ass en Duebelstär am Stärebild Andromeda.
[Änneren] Verännerlech Stären
Stär | m | Period | Typ |
---|---|---|---|
α | 2,02bis 2,06 | 23,19 Stonnen | kuerzperiodesch Verännerlecher |
λ | 3,69 bis 3,97 | 54,2 Deeg | RS-Canum-Venaticorum-Stär |
ζ | 3,92 bis 4,14 | 54,2 Deeg | RS-Canum-Venaticorum-Stär |
R | 5,8 bis 14,9 | 409 Deeg | Mira-Stär |
Den R Andromedae ass e verännerleche Stär vum Typ Mira, deen iwwert en Zäitraum vun 409 Deeg seng Hellegkeet ännert. Am Maximum erreecht hien eng Hellegkeet vun 5,8m a kann, ënner gënschtege Bedingungen, just nach mam bloussen A gesi ginn. Am Minimum fällt seng Hellegkeet op 14,9m erof. Eng Observatioun ass dann nëmme nach mat engem Teleskop méiglech.
[Änneren] Messier- an NGC-Objete
Messier (M) | NGC | aner | Gréisst | Typ | Numm |
---|---|---|---|---|---|
31 | 224 | 4m | Galaxis | Andromedaniwwel | |
32 | 221 | 8 | Galaxis | ||
110 | 205 | 8 | Galaxis | ||
752 | 8,5 | Oppene Stärekoup | |||
891 | 10 | Galaxis | |||
7662 | 8,5 | Planetareschen Niwwel |
Den M31, den Andromedaniwwel, ass mat enger Distanz vu ronn 2,7 Millioune Liichtjoer déi notste Spiralgalaxis. Si ka schonns mat bloussem A als niwweleche Fleck gesi ginn.
De M32 ass eng kleng Begleetgalaxis vum Andromedaniwwel.
De M 110 ass och eng Begleetgalaxis vum Andromedaniwwel. Entdeckt gouf si am Joer 1773 vum Charles Messier.
Den oppene Stärekoup NGC 752 läit op enger Distanz vun 1.500 Liichtjoer a gouf 1786 vum Wilhelm Herschel entdeckt.
Op 40 Mio. Liichtjoer Distanz läit d’Spiralgalaxis NGC 891. Si gouf am Joer 1783 vum Karoline Herschel entdeckt. Vun der Äerd aus gesi mer d’Galaxis op d’Kant, sou datt si als längleche Niwwel erschéngt.
De planetareschen Niwwel NGC 7662 gouf 1784 vum Wilhelm Herschel entdeckt. Et handelt sech ëm d’Iwwerreschter vun engem Stär op enger Distanz vun 4.000 Liichtjoer.