Cassiopeia (Stärebild)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Date vum Stärebild Cassiopeia | |
---|---|
Laténgesche Numm | Cassiopeia |
Latémgesche Genitiv | Cassiopeiae |
Laténgesch Ofkierzung | Cas |
Positioun | Nërdleche Fixstärenhimmel |
Rektaszensioun | 22h 56m bis 03h 38m |
Deklinatioun | +77°40’ bis +56°40’ |
Fläch | 598 Quadratgrad |
Siichtbar op de Breedegraden | 90° Nord bis 12° Süd |
Observatiounszäitraum fir Mëtteleuropa |
am ganze Joer |
Zuel vu Stäre mat Gréisst < 3m |
4 |
Hellste Stär, Gréisst |
α Cas (Schedir), 2,24m |
Meteorstréim | |
Nopeschstärebiller (vu Norden am Auerzäresënn) |
Camelopardalis |
D’Stärebild Cassiopeia ass en opfällegt Bild um nërdlechen Himmel.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Beschreiwung
Déi fënnef Haaptstäre vun der Cassiopeia maachen e markante W um Himmel. D’Spëtzt an der Mëtt vum W weisen ongeféier op de Polarstär, deen een esou mat Hëllef vum Cassiopeia opfanne kann.
De Cassiopeia gehéiert zu de nërdleche zirkumpolare Stärebiller, déi an eise Breeden dat ganzt Joer ze gesinn sinn.
An der Géigend vum Stär β Cassiopeiae (Caph), dem ëstlechste Stär, verleeft de Colur mat 0° Rektaszensioun - also de „Nullmeridian“ vum Himmel.
D’Regioun vun der Cassiopeia ass stäreräich, well sech d’Mëllechstrooss duerch d’Stärebild zitt. Verschidden oppe Stärekéip kënnen hei observéiert ginn.
[Änneren] Geschicht
D’Cassiopeia gehéiert zu den 48 Stärebiller déi schonns an der antiker Astronomie, dem Ptolemäus bekannt waren.
Am Laf vun der Zäit gouf et Versich, d’Stärebild ëmzebenennen, sou z.B. am 17. Joerhonnert, wou een d’Stärebild mat der biblescher Maria Magdalena a Verbindung bruecht huet. All déi Bestriewungen hunn sech net duerchgesat.
Den Tycho Brahe huet am Joer 1572 an der Cassiopeia eng Supernova (SN 1572) gesinn.
An der Cassiopeia befannen sech déi no eiser Sonn gréisste Radioquell um Himmel, déi als Cassiopeia A bezeechent gëtt. Et handelt sech ëm den Iwwerrescht vun enger Supernova, déi wahrschäinlech ëm d’Joer 1680 explodéiert ass.
[Änneren] Himmelsobjete
[Änneren] Stäre
B | F | Numm o. aner Bezeechnungen | Gréisst | Lj | Spektralklass |
---|---|---|---|---|---|
α | 18 | Schedir, Shedir, Schedar | 2,24m | 230 | K0 IIIa |
β | 11 | Caph, Kaff, Al Saman al Nakah | 2,28m | 54 | F2 V |
γ | 27 | Tsih | 2,47 bis 3,4m | 800 | B0 IV |
δ | 3 | Ksora, Ruchbah, Rukbah | 2,68 bis 2,74m | 990 | A5 IV |
ε | 45 | Segin (och Navi) | 3,38m | 440 | B2 V |
η | 24 | Achird | 3,44m | 19,4 | G3 V + K7 V |
ζ | 17 | 3,69m | 600 | B2 IV | |
50 | 3,95m | ||||
κ | 15 | 4,17m | |||
θ | 33 | Marfak | 4,33m | 137 | A7 V |
ο | 22 | 4,48m | |||
48 | 4,49m | ||||
ι | 4,5m | 150 | A4 + F5 | ||
ρ | 7 | 4,51m | 8000 | F8 Ia | |
υ2 | 28 | 4,62m | |||
χ | 39 | 4,68m | |||
ψ | 36 | 4,72m | |||
λ | 14 | 4,74m | 300 | B8 + B9 | |
ξ | 19 | 4,80m | |||
υ1 | 26 | 4,83m | |||
1 | 4,84m | ||||
σ | 8 | 4,88m | |||
τ | 5 | 4,88m | |||
ν | 25 | 4,90m | |||
π | 20 | 4,95m | 10.000 | F0 + B5 | |
φ | 34 | 4,95m | |||
4 | 4,96m | ||||
ω | 46 | 4,97m |
Den α Cassiopeiae ass mat enger schäinbarer Hellegkeet vun 2,24m den hellste Stär an der Cassiopeia. Hien ass 120 Liichtjoer vun eis ewech an huet d’Spektralklass K0.
De Numm Schedir ass aravesch a bedeit „Broscht“.
Den β Cassiopeiae (Caph, arabesch „Handfläch“) läi op enger Distanz vun 46 Liichtjoer a gehéiert zu der Spektralklass F2.
Den δ Cassiopeiae (Ksora, arabesch „Knéi“) ass ronn 80 Liichtjoer wäit ewech a gehéiert zu der Spektralklass A5.
Den ρ Cassiopeiae ass e gielen Iwwerris. Et handelt sech ëm een vun de gréisste bekannte Stären mat dem 740fachen Duerchmiesser vun eiser Sonn !.
[Änneren] Duebelstäre
Objet | Gréissten | Ofstand |
---|---|---|
η | 3,44m/7,51m | 13" |
ι | 4,6m/6,9m | 2,5" |
φ | 5,0m/7,0m | 134" |
λ | 5,3m/5,6m | 0,6" |
Den η Cassiopeiae ass en Duebelstäresystem op enger Distanz vun nëmmen 19,4 Liichtjoer. D’System besteet aus engem giel liichtendem Stär mat der Spektralklass G0 an engem roudelzechem Begleeder vun der Klass M0.
D'System ι Cas ass 150 Liichtjoer ewech a besteet aus zwee wäisslech-bloe Stäre mat den Spektralklassen A4 anF5.
D'System φ Cas ass mat 10.000 Liichtjoer vill méi wäit vun eiser Sonn ewech. Seng Stäre gehéieren zu de Spektralklassen F0 an B5.
Den λ Cas ass 300 Liichtjoer ewech a besteet aus zwee Stären mat der Spektralklassen B8 an B9.
[Änneren] Verännerlech Stären
Objet | Gréisst | Period | Typ |
---|---|---|---|
γ | 2,47 bis 3,40m | onregelméisseg Verännerlecher | |
δ | 2,68 bis 2,74m | ||
SU | 5,7m–6,2m | 1,9493 Tage | Cepheid |
V509 |
Den γ Cassiopeiae ass en onregelméisseg verännerleche Stär vun der Spektralklass B0 a läit op enger Distanz vun 800 Liichtjoer. Am Maximum erreecht hien eng Hellegkeet vun 1,6m a gëtt domat nach méi hell wéi de Schedir. De Stär ass eng staark Röntgenquell um Himmel. Wahrschäinlech handelt et sech ëm en engt Duebelstäresystem, bestoend aus engem Risestär an engem Neutronestär.
Den SU Cas ass e verännerleche Stär vum Typ Cepheiden. Mat enger regelméisseger Period vun 1,9493 Deeg verännert sieh seng Hellegkeet vun 5,7 bis 6,2m. Hien ass 800 Liichtjoer vun eis ewech a gehéiert zu der Spektralklass F6.
[Änneren] Messier- an NGC-Objete
Messier (M) | NGC | divers | Gréisst | Typ | Numm |
---|---|---|---|---|---|
52 | 7654 | 6,9m | Oppene Stärekoup | ||
103 | 581 | 10,6m | Oppene Stärekoup | ||
281 | 14m | Emissiounsniwwel | |||
457 | 8,5m | Oppene Stärekoup | Eulenhaufen | ||
559 | 8m | Oppene Stärekoup | |||
654 | 7,5m | Oppene Stärekoup | |||
663 | 8m | Oppene Stärekoup | |||
7789 | 10,5m | Oppene Stärekoup |
Well d’Mëllechstrooss sech duerch d’Cassiopeia zitt, ass dës Regioun stäreräich an huet interessant Objete, wéi oppe Stärekéip. Zwee dovun huet de franséischen Astronom Charles Messier a säi Katalog mat niwwelechen Objete opgeholl.
5.000 Liichtjoer ewech ass den oppene Stärekoup M 52, hie gouf 1774 vum Charles Messier entdeckt. Den M 52 ass e grousse Stärekoup. Am Teleskop ginn bei héijer Vergréisserung 80 bis 100 Stäre siichtbar.
De M 103 ass en oppene Stärekoup op enger Distanz vun 6.000 Liichtjoer.
Den Emissiounsniwwel NGC 281 ass ca. 10.000 Liichtjoer ewech. Bei dem Objet handelt et sech, wéi beim Orionniwwel, ëm e Stäregebuertsgebitt.
5.000 Liichtjoer ewech läi och de Stärekoup NGC 457. Hie gouf am Joer 1787 vum Wilhelm Herschel entdeckt. Den hellste Stär vum Koup ass schonns mat bloussem A ze gesinn.
Den NGC 559 ass ca. 6.000 Liichtjoer vun eis ewech.
Den NGC 654 ass 7.000 Liichtjoer vun eiser Äerd ewech.