Ptolemäus
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Ptolemäus Claudius, gebuer ëm 100, et gëtt ugeholl zu Pelusium an Egypten; gestuerwen ëm 175, zu Alexandria an Egypten, war e griichesche Mathematiker, Geograph an Astronom. De Ptolemäus huet warscheinlech zu Alexandria (Egypten) geschafft.
De Ptolemäus huet d’Mathematike Syntaxis (mathematesch Zesummestellung) geschriwwen, spéider Megiste Syntaxis (grouss Zesummestellung), haut Almagest genannt (ofgeleet vum arabeschen al-Majisṭī). Et ass eng Ofhandlung zu der Mathematik an zur Astronomie an 13 Bicher. Si war am Mëttelalter ee Standardwierk an der Astronomie (spéider och "Weltbild vum Ptolemäus" genannt.
[Änneren] Weltbild vum Ptolemäus
Nom Ptolemäus ass eis Äerd fest am Mëttelpunkt vum Weltall. All aner Himmelskierper (Mound, Sonn, Planéiten, Stären) bewegen sech op Kreesbunnen ëm dëse Mëttelpunkt.
Fir astronomesch Beobachtunge mat dësem System an Eeklang ze bréngen, war et allerdéngs noutwenneg, all Himmelskierper op hire Bunne weider Kreeser ëm dës Bunn zéien ze loossen (sougenannten Epizykel, Epizykeltheorie), an deelweis och erëm Bunnen op dëse Bunnen. Duerch den Asaz vu ronn 80 deeër Bunne konnt de Ptolemäus d'Beobachtungen an Eeklang mat séngem Modell bréngen.
Dat ptolemäiescht Weltbild war an der Genauegkeet vu sénger Bunnenvirausso och dem heliozentreschem Weltbild vum Nikolaus Kopernikus iwwerleeën, wat (fälschlicherweis) ugeholl huet, datt d'Planéiten d’Sonn op Kreesbunnen ëmlafen. Eréischt dem Johannes Kepler seng Entdeckung, datt d’Planéiten op Ellipsen ëm d'Sonn lafen, huet zu engem méi genaue Modell gefouert an zulescht dann derzou gefouert, dass d'Kopernikanescht Weltbild akzeptéiert gouf.