Web - Amazon

We provide Linux to the World

ON AMAZON:


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Breedegrad - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Breedegrad

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Äerdkugel. Breedegraden (Latidude) a Merisian schneiden sech rechtwénkleg.
Äerdkugel.
Breedegraden (Latidude) a Merisian schneiden sech rechtwénkleg.
50. Breedegrad zu Mainz
50. Breedegrad zu Mainz

Breedegraden oder d'geographesch Breet φ oder B (englesch latitude, lat. latitudo, franséisch: latitude oder och däitsch ofgekierzt mat Lat. oder LAT) ass déi am Wénkelmooss (also a Grad) notéiert nërdlech oder südlech Distanz vun enger Plaz (Punkt) vun der Äerduewerfläch vum Equator. D’Breet ka Wäerter vun 0° (um Equator) bis ±90° (un de Polen) unhuelen. Amplaz vum Virzeechen (traditionell +Nord, −Süd) ass och N oder . S zougelooss.

  • Plaze mat derselwechter Breet leien op engem Breedekrees, och Breedeparallel oder Parallelkrees genannt.
  • Fir d’Identifikatioun vun engem Punkt op der Äerduewerfläch – fir d’Bestëmmung vu senger geographescher Positioun – gëtt zousätzlech zur Breet och d’Positioun vu senger geographescher Längt gebraucht. D’Definitioun ass bis op de Claudius Ptolemäus zréckzeféieren.

[Änneren] Ënnerdeelung

D’geographesch Breet gëtt sexagesimal a Grad, Minutten an a Sekonnen uginn, woubäi eng Minutt 60 Sekonnen an ee Grad 60 Minutten huet (wéi bei der Zäit). Bei Dezimalgrade/-minutten/-sekonnen ginn Nokommastellen uginn.

Et gëtt verschidde Methode vun Darstellungen, z.B.:

  1. Grad, Dezimalminutten: 66° 43,2′
  2. Dezimalgrad: 66,72°
  3. Grad, Minutten, Sekonnen: 66° 43′ 12″
  4. Grad, Minutten, Dezimalsekonnen: 66° 43′ 12,96″

Nëmmen déi éischt Form ass an der Fluchnavigatioun an zënter laangem och an der Nautik gebräichlech.

Eng Bouminutt entsprëcht laanscht dem Equator a laanscht de Meridianen enger Streck vun enger Séimeil oder 1852 Meter, während d’Streck vun der Bouminutt op de Breedekreeser φ (nërdlech oder südlech vum Equator) ëm de Faktor cosφ méi kleng ass.

Bei der Donneeën vu geographesche Koordinaten ass d’Breet ëmmer fir d’éischt unzeginn, dann erréischt d’Längt: „B virun L, wéi am Alphabet“. Hire Grond huet dës Konventioun an der Geschicht: d’Breet konnt schonns Joerhonnerte virun der Längt ziemlech exakt bestëmmt ginn.

[Änneren] Koordinatebeispiller

  • München: ca. 48° 09′ nërdlech Breet, 11° 35′ ëstlech Längt
  • San Francisco: ca. 37° nërdlech Breet, 122° westlech Längt

[Änneren] Bestëmmung vun der geografescher Breet

D’Breet léisst sech zimlech einfach aus dem héchste Sonnestand (Mëttesbreet) oder aus der Héicht kulminéierender Stäre bestëmmen.

Op der Nordhallefkugel vun der Äerd gëtt d’Héicht vum relativ helle Polarstär (Polaris) iwwer dem Horizont zimlech genee de Breedegrad un: Um Äquator erschéngt de Polarstär um Horizont, um Nordpol steet e souzesoen senkrecht um Himmel. Tatsächlech ass de Polaris knapp 1° vum Himmelspol ewech; de Feeler deen doduerch entsteet ass wéinst der Äerddréiung zweemol am Dag 0°, zweemol 1,5° a kann duerch einfach Formele verklengert ginn.

Schonns d’Séifuerer vum spéide 15. Joerhonnert hate verstanen d’Breet fir Navigatioun ze gebrauchen. D’Bestëmmung vun der geografescher Längt war dogéint méi komplizéiert an huet eng méi genee Koppelnavigatioun gefuerdert oder d’Miessung vun den Äerdmound-Stär-Distanzen. Zënter dem 18. Joerhonnert geschitt dat mat der geneeër Auerzäit vu Chronometeren, an zënter 1990 nach méi einfach mat GPS-Satellitenempfängeren.

[Änneren] Geodätesch, ellipsoidesch, astronomesch an geozentresch Breet

D’ellipsoidesch Breet
entsprëcht, wann als Äerdmodell en Rotatiounsellipsoid gebraucht gëtt, dem Wénkel tëscht der Äquatorniveau an der Ellipsoidnormalen. Dës Breet gëtt och geodätesch Breet genannt an an der Landesvermiessung an an der Kartografie gebraucht.
D’astronomesch Breet
bezeechent an der Geodäsie de Wénkel tëschent der tatsächlecher Senkelrichtung an der Äquatorgläiche. D’Differenz zu der ellipsoidescher Breete ass eng Komponent vun der Senkelofwäichung.
D’geozentresch Breet
ass d’Richtung zum Äerdmëttelpunkt. Senkelrichtung an Ellipsoidnormale verlafen – ausser um Equator an un de Polen – net duerch den Äerdmëttelpunkt. Déi geozentresch Breet ënnerscheed sech vun der geografescher Breet ëm bis zu 0,2°.

[Änneren] Um Spaweck

Static Wikipedia 2008 (March - no images)

aa - ab - als - am - an - ang - ar - arc - as - bar - bat_smg - bi - bug - bxr - cho - co - cr - csb - cv - cy - eo - es - et - eu - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - frp - fur - fy - ga - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - jbo - jv - ka - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - ms - mt - mus - my - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nn - -

Static Wikipedia 2007 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -
https://www.classicistranieri.it - https://www.ebooksgratis.com - https://www.gutenbergaustralia.com - https://www.englishwikipedia.com - https://www.wikipediazim.com - https://www.wikisourcezim.com - https://www.projectgutenberg.net - https://www.projectgutenberg.es - https://www.radioascolto.com - https://www.debitoformativo.it - https://www.wikipediaforschools.org - https://www.projectgutenbergzim.com