Polarstär
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Polarstär ass deen hellste Stär (α) am Stärebild Ursa Minor (och am Volleksmond Klenge Won genannt). Hie ass no beim Nordpol vum Stärenhimmel (Himmelsnordpol).
Fir dëse Stär si vill Nimm iwwerliwwert, wat seng grouss Bedeitung an de verschiddensten Kulturkreesser erëmspigelt: Stella Polaris oder nëmme Polaris sowéi Nordstär; bei de Griiche vun der Antikitéit huet hie Phoenice („de Phönizesche“) geheescht, aner Nimm sinn Alruccabah (arabesch al-Rukkabah „de Reider“), Angel Stär, Cynosaura, Cynosura (griichesch Κυνόσουρα „Schwanz vum Hond“), Lodestar, Mismar, Navigatoria, Tramontana, Yilduz (tierkesch yıldız „Stär“) a Poljarnaja. Déi systematesch Bezeechnung an der Astronomie ass α Ursae Minoris oder kuerz α UMi.
De Polarstär ass en Dräifachstäresystem (Stand: 01.2006): Polaris A, Polaris Ab an Polaris B. Polaris A ass en Iwwerris an ongeféier 2.000 mol sou hell wéi eis Sonn. De Polaris A gehéiert zu den Cepheiden an ass gläichzäiteg de nächste vun dëse Stäre. De Polaris Ab ass en Zwergstär, deen de Polaris A an engem Ofstand vun ca. 3 Milliarde Kilometeren a ronn 30 Joer ëmkreest.
[Änneren] Date vum Polarstär
astronomesch Bezeechnungen | |
Positioun (Äquinoktium 2000.0) | RA 2h31m48.70s Dekl. +89°15'51.0" |
schäinbar Hellegkeet | Polaris A: 2,02m (variabel) / Polaris B: 8,6m |
absolut Hellegkeet | ca. -4,6M * |
Spektralklass, Liichtkraaftklass |
Polaris A: F7:Ib-II (fahlgiel) / Polaris B: F3V |
Ofstand vum Sonnesystem | ca. 430 Liichtjoer |
* berechent aus schäinbarer Hellegkeet an Ofstand
De Polarstär befënnt sech nëmmen ronn 0,7° vum nërdlechen Himmelspol ewch an ass dofir op der nërdlecher Nordhallefkugel vun der Äerd d’ganzt Joer ze gesinn (zirkumpolar), op der Südhallefkugel dogéint kann hie net gesi ginn.