Nordhallefkugel
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Als Nordhallefkugel, nërdlech Hallefkugel oder nërdlech Hemisphär gëtt deen Deel vun der Äerd bezeechent, dee sech nërdlech vum Äquator befënnt. D'Geographesch Breet huet dobäi d'Virzeechen N.
Den astronomesche Summer geet hei vum Juni bis den August an de Wanter vun Dezember bis Februar.
Duerch d'Corioliskraaft sinn Déifdrockgebidder an och z. B. Hurrikaner op der Nordhallefkugel (bal) ëmmer lénks gedréit – géint den Auerzäresënn.
D'Nordhallefkugel huet eng méi grouss Landfläch wéi d'Südhallefkugel, ass awer net identesch mat der Landhemisphär.