See also ebooksgratis.com: no banners, no cookies, totally FREE.

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Henry-Draper-Katalog - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Henry-Draper-Katalog

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Den Henry-Draper-Katalog ass en astronomesche Stärekatalog mat Daten zu Positiounen an Spektraltype vun 225.300 Stären. Déi doran enthale Stäre gi mat der Ofkierzung HD an enger Nummer vum Stär datéiert; de Polarstär huet beispillsweis d’Bezeechnung HD 8890.

De Katalog gouf fir d'éischt tëscht 1918 an 1924 vum Anny Jump Cannon an hire Mataarbechter um Harvard College Observatoire ënner der Opsiicht vum Edward Charles Pickering a 9 Bänn erausginn. Hie gouf zu Éieren vum Henry Draper genannt, deem seng Wittfra dat noutwendegt Geld fir d’Finanzéierung gestallt hat. Am Joer 1949 gouf de Katalog ëm weider 133.783 op am Total 359.083 Stäre vergréissert.

Déi am Katalog enthale Stäre hunn eng mëttel schäinbar Hellegkeet bis erof op 9m, wat ongeféier 50-mol méi schwaach wéi déi liichtschwaachsten, mat bloussem A nach siichtbar Stäre ass. Dës mécht si zu duerchschnëttleche Objeten fir Amateurteleskope, awer zu helle Stären fir professionell Instrumenter. De Katalog deckt de ganzen Himmel of a kann ausserdeem als déi éischt groussugeluechten Ustrengung gëllen, d’Spektraltypen vun de Stären ze katalogiséieren.

HD-Katalognummeren ginn haut bei Stären uginn, déi keng Bayer- an och keng Flamsteed-Bezeechnung hunn. D’Stäre mat de Nummeren 1 bis 225300 entstaamen dem Originalkatalog a sinn an der Reiefolg hirer Rektaszensioun fir d’Epoch 1900.0 enthalen. Stäre am Beräich 225301 bis 359083 sinn aus der Erweiderung vum Katalog vun 1949. Fir déi läscht ginn gelegentlech d’Ofkierzung HDE (HD extension) gebraucht, wéinst der Eendeitegkeet vun der Nummeréierung awer meeschtens och nëmmen HD.

[Änneren] Kuckt och


aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -