See also ebooksgratis.com: no banners, no cookies, totally FREE.

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Orionniwwel - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Orionniwwel

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Orionniwwel
Lëtzebuerger Numm Orionniwwel
Englesche Numm Orion Nebula
Katalogbezeechnungen NGC 1976 + 1982
M 42+43
Rektaszensioun 5h 35m 24s
Deklinatioun −05° 27'
Äquinoktium J2000.0
Schäinbar Hellegkeet +4,0m
Distanz ~1500 Liichtjoer
Schäinbaren Duerchmiesser 85 × 60 Bouminutten
Absoluten Duerchmiesser ~25 Liichtjoere
Stärebild Orion

Den Orionniwwel ass een Emissiounsniwwel am Stärebild Orion a besteet aus den Eenzelobjeten M 42 (am Süden) an M 43 (am Norden) (och als NGC 1976souwéi 1982 bekannt). Duerch seng schäinbar Hellegkeet vun 4,0m a senger ziemlech groussen Ausdeenung um Stärenhimmel ass hie mat bloussem A als Deel vum Schwert vum Orion ze gesinn. Den Orionniwwel ass eng aktiv Stäregebuertsplaz an der galaktescher Noperschaft vun eiser Sonn. D^Ditanz vun eisem Sonnesystem ass ca. 460 Parsec (1500 Liichtjoer), den Duerchmiesser ca. 7,5 Parsec (25 Liichtjoer).

Inhaltsverzeechnis

[Änneren] Entdeckung a Geschicht

Schonns déi mëttelalterlech arabesch Astronomen observéierten den Orionniwwel an hun him de Numm „Na’ir al Saif“ (Den Hellen am Schwert) ginn, woumat munchmol och de Stär Iota Orionis gemengt ass.

Vun europäeschen Astronomen gouf den Orion-Niwwel fir d’éischt 1610 vum Nicolas-Claude Fabri de Peiresc dokumentéiert. Et kann een awer dovun ausgoen, datt de relativ helle Niwwel schonns vill méi fréi observéiert ginn ass. De Charles Messier huet den Niwwel éischtmools de 4. Mäerz 1769 gesinn an huet hien a säi säi Katalog opgeholl.

Spektroskopesch Observatiounen duerch de William Huggins hunn am Joer 1865 déi gasartege Natur vun der Niwwelregioun bewisen. Den Henry Draper huet 1880 déi éischt Foto vum Niwwels gemaach.

Den US-amerikaneschen Astronom Edward Singleton Holden huet Enn vum 19. Joerhonnert eng Aarbecht geschriwwen, an déier hie nogewisen huet, datt den Orionniwwel zënter Mëtt vum 18. Joerhonnert wuel net seng Form, awer seng Hellegkeet geänert huet.

Amateurastronomesch Foto vum Orionniwwel
Amateurastronomesch Foto vum Orionniwwel

[Änneren] Observatiounen

Am beschten kann een den Orionniwwel am Wanter observéieren, wann e spéit am Owend opgeet a bis zur Mueresdämmerung um Himmel steet.

[Änneren] Kuckt och

[Änneren] Um Spaweck


aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -