Messier 43
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Messier 43 (och NGC 1982 oder De Mairans Niwwel genannt) ass e Gasniwwel am Stärebild Orion mat enger Hellegkeet vun +9,00 mag, deen een Deel vum Orionniwwel duerstellt. De Niwwel huet eng Wénkelausdeenung vun 20.0' × 15.0' , nërdlech vun Messier 42 (Orionniwwel).
De Niwwel gouf éischtmols am Joer 1731 vum Fransous Jean-Jacques Dortous de Mairan dokumentéiert. De Charles Messier huet dem Niwwel an sengem Katalog (Messier-Katalog) eng eegen Katalognummer ginn.
Den Emissiounsniwwel ass ronderëm de verännerleche Stär NU Orionis (HD 37061) a gëtt vun him beliicht. D'Gaswollek ass wéi de Rescht vum Orion-Niwwel eng HII-Regioun.
Koordinaten (Äquinoktium J2000.0)
- Rektaszensioun: 5h 35m 30.00s
- Deklinatioun: -05° 16' 00.0"
[Änneren] Kuckt och
[Änneren] Um Spaweck
- (en) http://www.seds.org/messier/m/m043.html M43 bei SEDS]
- (en) Virtuelle Tour bei Hubblesite.org (flash)