Niwwel (Astronomie)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Als Niwwel ( laténgesch nebula vum griicheschen nephele, »Wollek«) oder Niwwelfleck gouf an der Astronomie fréier als liichtend flächefërmegt Objet bezeechent. Dozou gehéierten och d’Galaxien (Spiralniwwel) an d’Stärekéip, well se bei klenger Opléisung am Teleskop oder mam bloussen A als Niwwelfleck ze gesi waren.
Haut gëtt Bezeechnung Niwwel oder Gasniwwel bal nëmmen fir interstellar Wolleken aus Stëbs a Gas gebraucht, déi je no Art vun hirem Liichten a verschidden Kategorien agedeelt ginn:
- Emissiounsniwwel, déi ugereegt duerch d’Liicht vu waarme Stäre selwer Liicht aussenden, z. B. den Orionniwwel M 42.
- Reflexiounsniwwel, déi dat ugestrahlte Liicht vun noe Stäre reflektéieren, wéi z. B. an de Plejaden M 45.
- Rankniwwel, bei deenen déi ofgestoussen Gashüllen vum waarmen Stäriwwerrescht zum Liichten ugereegt gëtt, z. B. de Rankniwwel M 57 an der Lyra.
- Supernovaiwwerreschtter, déi mat héiger Vitesse op d’interstellar Matière treffen an doduerch zum Liichten gebrueten Gashüllen, déi an der Supernova vun engem Stär fortgeschleidert goufen, z. B. de Kribsniwwel M 1.
- Gelegentlech Donkelwolleken (Donkelniwwel), déi d’Liicht vun dohannert leienden Objete absorbéiert, also net liichten, z. B. de Päerdskappniwwel B 33.
- Aussergalaktesche Niwwel: Dëst sinn d’Galaxien. Am bekanntesten ass hei wuel den Andromedaniwwel M31, deen ongeféier esou grouss ass wéi eis Galaxi a sech ronn 2,3 Millioune Liichtjoer vun eis ewech ass.
Dat éischt systematescht Verzeechnes vu Niwwelen ass dee vum Charles Messier opgestallten Messier-Katalog am Joer 1774. Ee weidert wichtegt Verzeechnes ass den New General Catalogue (NGC) vum Johan Ludvig Emil Dreyer am Joer 1888. Déi zwee Katalogen hunn Niwwelen, Galaxien a Stärekéip opgelëscht a ginn haut nach gebraucht.
Och als Niwwel gëtt an der Astronomie de Sonneniwwel bezeechent, d’Gaswollek, aus der sech dSonnesystem ôpgebaut soll hunn.
[Änneren] Literatur
- James B. Kaler: Kosmische Wolken. Materie-Kreisläufe in der Milchstraße. Spektrum Akademischer Verlag, 1998.
[Änneren] Kuckt och
[Änneren] Um Spaweck
Commons: Niwwel – Biller, Videoen oder Audiodateien |