Camelopardalis (Stärebild)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Date vum Stärebild Camelopardalis | |
---|---|
Lëtzebuergesche Numm | Giraff |
Laténgesche Numm | Camelopardalis |
Laténgesche Genitiv | Camelopardalis |
Laténgesch Ofkierzung | Cam |
Positioun | Nërdlechen Fixstärenhimmel |
Rektaszensioun | 3h 15m bis 14h 27m |
Deklinatioun | +52° 39' bis +86° 05' |
Fläch | 757 Quadratgrad |
Siichtbar op de Breedegraden | 90° Nord bis 37° Süd |
Observatiounsszäitraum fir Mëtteleuropa |
Am ganze Joer |
Zuel vun de Stäre mat Gréisst < 3m |
0 |
Hellste Stär, Gréisst |
β Cam, 4,03m |
Meteorstréim | - |
Nopeschstärebiller (vu Norden am Auerzäresënn) |
Cassiopeia |
De Camelopardalis) (Giraff) ass e Stärebild vum Nordhimmel.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Beschreiwung
D’Giraff ass e laangt awer onoffällegts Stärebild.
Tëschent de markanten Stärebiller Ursa Major a Cassiopeia souwéi déi hell Stären Polaris (am Grousse Bier) an de Capella (am Auriga) ass eng grouss Fläch, déi keng offälleg Stären huet. An dësem Gebitt läit Giraff, déi nëmmen aus Stären vun der véierter, fënnefter oder sechster Gréissteklass zesummegesat ass. Den hellste Stär, β Camelopardalis, huet eng schäinbar Hellegkeet vun 4,0m.
[Änneren] Geschicht
An der Antikitéit goufen d’Stäre vun der Giraff zu kengem Stärebild gezielt. Erréicht den hollännesche Geléierten Petrus Plancius huet de Camelopardalis am Joer 1613 agefouert, fir déi fräi Plaz um Himmel zouzemaachen.
Den däitschen Astronom Jacob Bartsch, en Edem vum Johannes Kepler huet d’Stärebild a säin Planisphaerium Stellaris am Joer 1624 iwwerholl. Hien huet allerdéngs een an der Bibel erwähntend Reitdéier dra gesinn, op deen d’Rebekka op hir Hochzäit geridden ass. Wahrscheinlech huet de Bartsch gemengt, datt et sech ëm e Kaméil handelt.
[Änneren] Himmelsobjete
[Änneren] Stäre
B | F | Nimm, an aner Bezeechnungen |
m | M | Lj | Spektralklass |
---|---|---|---|---|---|---|
β | 16 | 4,03 | -3,4 | 1000 | G0 Ib | |
CS | 4,21 | -6,4 | 4000 | B9 Ia | ||
α | 9 | 4,26 | -7 | 7000 | 09.5 Ia SB | |
BE | 4,39 | -3 | 1000 | M1 III | ||
7 | 4,43 | -0,9 | 380 | A1 V | ||
HR 1040 | 4,55 | -5 | 2500 | A0 Ia SB | ||
M | 4,55 | 0,76 | 187 | K4 III | ||
γ | 4,59m | -0,5 | 340 | |||
BK | 4,74 | -2 | 800 | B2.5 V | ||
HR2209 | 4,76 | 1,1 | 176 | A0 V | ||
HR 1129 | 4,78 | -2 | 800 | A3 V | ||
VZ | 4,92 | -0,9 | 470 | M4 IIIa | ||
3 | 5,05 | |||||
11 | 5,08 | |||||
43 | 5,12 | |||||
42 | 5,14 |
Den α Camelopardalis, ass mat enger schäinbarer Hellegkeet vun 4,26m den drëtthellste Stär an der Giraff. Miessungen vum Satellit Hipparcos hunn eng Distanz vun 7000 Liichtjoer erginn. Well d’Parallaxemiessungen bei wäite Stäre mat groussen Ongenauegkeeten verbonnen sinn, kéint d’Distanz och „nëmmen“ 4.000 Liichtjoer sinn. Bei dem Stär handelt et sech ëm ee masseräichen blo-wäissen Iwwerris.
[Änneren] Duebelstäre
System | m | Ofstand |
---|---|---|
β | 4,03/7,4 | 81" |
11 | 5,1/6,3 | 180" |
Den β Camelopardalis ass en Duebelstäresystem op enger Distanz vun 1.500 Liichtjoer. Hie besteet aus engem gielen Haaptstär mat der Spektralklass G0 an engem wäiss liichtendem Begleetstär vun der Spektralklass A5. Den Haaptstär huet déi 7fach Mass an déi 32fach Liichtkraaft vun eiser Sonn.
D’System 11 Camelopardalis ass 600 Liichtjoer ewech. Et besteet aus engem blo-wäisse Stär vun der Spektralklass B3 an engem orangenen Stär mat der Spektralklass K0.
[Änneren] Verännerlech Stären
Stär | m | Period | Typ |
---|---|---|---|
CS | kuerzperiodesch Verännerlecher | ||
BE | kuerzperiodesch Verännerlecher | ||
11 | RS-Canum-Venaticorum-Stär |
[Änneren] Messier- an NGC-Objete
Messier (M) | NGC | sonstige | m | Typ | Numm |
---|---|---|---|---|---|
1502 | 6,0 | Oppene Stärekoup | |||
2403 | 8,5 | Galaxis |
Den NGC 1502 ass en oppene Stärekoup op enger Distanz vun 6.800 Liichtjoer. Endeckt gouf si vum Wilhelm Herschel.
Den NGC 2403 ass eng Galaxis déi ronn 10 Mio. Liichtjoer vun eis ewch ass.