Auriga (Stärebild)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Date vum Stärebild Auriga | |
---|---|
Lëtzebuergesche Numm | Fouermann |
Laténgesche Numm | Auriga |
Laténgesche Genitiv | Aurigae |
Laténgesch Ofkierzung | Aur |
Positioun | nërdleche Fixstärhimmel |
Rektaszensioun | 4h 37m bis 7h 31m |
Deklinatiun | +56° 10´ bis +28° 00´ |
Fläch | 657 Quadratgrad |
Siichtbar op de Breedegraden | 90° Nord bis 34° Süd |
Observatiounszäitraum fir Mëtteleuropa |
Wanter |
Zuel vu Stäre mat Gréisst < 3m |
5 |
Hellste Stär, Gréisst |
α Aurigae (Capella), 0,08m |
Meteorstréim | Alpha-Aurigiden |
Nopeschstärebiller (vu Norden am Auerzäresënn) |
Camelopardalis Perseus Taurus Gemini Lynx |
Den Auriga ass e Stärebild vum Nordhimmel.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Beschreiwung
Den Auriga ass en ausgedeenten, liicht erkennbart Stärebild. Et grenzt direkt ëstlech un den Taurus (Stéier) un. Zesummen mat dem Stär Elnath (β Tauri), deen zum Taurus gehéiert, mécht den Auriga en onregelméissegt Sechseck. Den Haaptstär Capella ass opfalend hell.
De nërdleche Deel vum Auriga ass op eise Breedegraden zirkumpolar, d.h., dat ganzt Joer iwwer ze gesinn. Et erreecht am Wanter seng héichste Positioun um Nuetshimmel.
Duerch den Aurifa zitt sech dat stäreräicht Band vun der Mëllechstrooss, dofir sinn hei vill interessant Objete, wéi Stärekéip a Niwwelen ze gesinn.
[Änneren] Geschicht
D’Stärebild war schonns bei de Babylonier als (Rukubi) bekannt. De latäin. Numm Auriga bedeit souvill wéi Wonlenker oder Steiermann.
D’Réimer identifizéierten d’Stärebild mat dem griicheschen Kinnik Erichthonios, deen de vàierspännegen Won erfonnt huet.
Den Auriga gehéiert zu den 48 Stärebiller aus der antiker griichescher Astronomie, déi vum Ptolemäus beschriwwe gouf.
[Änneren] Himmelsobjete
[Änneren] Stäre
B | F | Numm o. aner Bezeechnungen | m | M | Lj | Spektralklass |
---|---|---|---|---|---|---|
α | 13 | Capella, Alhajoth | 0,08 | -0,48 | 42 | G5 III + G0 III |
β | 34 | Menkalinan | 1,9 | -0,1 | 82 | A2 V |
θ | 37 | Bogardus | 2,65 | -0,98 | 173 | A0p + G |
ι | 37 | Hassaleh, Kabdhilinam, Al Kab | 2,69 | -3,29 | 510 | K3 II |
ε | 7 | Almaaz, Al Anz | 2,9 bis 3,8 | -5,9 bis –4,8 | 2000 | F0 Ia |
η | 10 | Haldus, Hoedus II, Haedus II | 3,18 | -0,96 | 219 | B3 V |
ζ | 8 | Azaleh, Hoedus I, Haedus I, Sadatoni, Saclateni | 3,7 bis 4,0 | -3,2 bis –2,5 | 790 | K4 II + B8 V |
δ | 33 | Prijipati | 3,72 | 0,55 | 140 | K0 III |
ν | 32 | 3,97 | -0,13 | 215 | K0 III | |
π | 35 | 4,24 bis 4,34 | 840 | M3 II | ||
κ | 44 | 4,32 | 169 | G8 IIIb | ||
τ | 29 | 4,51 | 213 | G8 III Fe-1 | ||
16 | 4,54 | |||||
λ | 15 | 4,69 | 41 | G1 IV | ||
χ | 25 | 4,71 | 2000 | B5 Iab | ||
υ | 31 | 4,72 | 475 | M0 III | ||
2 | 4,79 | |||||
ψ2 | 50 | 4,80 | 433 | K3 III | ||
μ | 11 | 4,82 | ||||
63 | 4,91 | |||||
ψ1 | 46 | 4,92 | ||||
4 | 4,93 | |||||
ξ | 30 | 4,96 | ||||
9 | 4,98 | |||||
ψ7 | 58 | 4,99 | ||||
14 | 5,01 | |||||
σ | 21 | 5,02 | ||||
ψ4 | 55 | 5,04 | ||||
19 | 5,05 | |||||
φ | 24 | 5,08 | ||||
ρ | 20 | 5,22 | ||||
AE | 5,78-6,08 | 1400 | O9.5 V |
Den α Aurigae ass mat enger schäinbarer Hellegkeet vun 0,08m den hellste Stär am Auriga. Et handelt sech ëm en spektroskopeschen Duebelstäresystem op enger Distanz vun 42 Liichtjoer, a besteet aus zwee Risestäre mat der Spektralklass G5 a mat der 70facher bzw. 90facher Liichtkraaft vun eiser Sonn . Déi zwee Stäre ëmkreesen sech an eso engem enken Ofstand, datt si mat engem opteschen Teleskop net getrennt kënne ginn. Nëmmen Ënnersich vun hirem Spektrums weisen, datt et sech ëm zwee Stären handelt.
De Numm Capella ass laténgesch a bedeit “kleng Geess”. Den arabeschen Numm Alhajoth leet sech och vu „Geess“ of.
[Änneren] Méifachstäre
System | m | Ofstand |
---|---|---|
θ | 2,7 / 7,2 / 9 | 3,0 / 45" |
δ | 3,72 / 9,7 / 9,7 | 115,4 / 197,1" |
ω | 4,9 / 7,8 | 5" |
ν | 4,0 / 9,5 | 54,6" |
λ | 4,69 / 13,4 | 29" |
14 | 5,1 / 7,5 | 14,6" |
26 | 5,4 / 8,0 | 12,4" |
41 | 6,2 / 7,0 | 7,6" |
Den θ Aurigae ass e Méifachstäresystem, bei deem sech dräi Stären ëm ee kollektive Schwéierpunkt bewegen. Fir all dräi Stären ze observéieren brauch een em Teleskop vun iwwer 8 cm Duerchmiesser.
Den ω Aurigae ass en Duebelstäresystem op enger Distanz vun 250 Liichtjoer, mat zwee wäiss liichtenden Stären vun der Spektralklasse A0 an F5.
[Änneren] Verännerlech Stären
Stär | m | Period | Typ |
---|---|---|---|
β | 1,85 bis 1,93 | 47,5 Stonnen | Bedeckungsverännerleche |
ε | 2,9 bis 3,8 | 9883 Deeg | Bedeckungsverännerleche |
ζ | 3,7 bis 4,0 | 972,16 Deeg | Bedeckungsverännerleche |
π | 4,24 bis 4,34 | 972,16 Deeg | onregelméisseg Verännerlechen |
RT | 5,0 bis 5,8 | 3,7281 Deeg | Cepheid |
AE | 5,78 bis 6,08 | onregelméisseg Verännerlechen |
Den zweethellste Stär, β Aurigae, ass 82 Liichtjoer ewech. Hien ass, wéi de Capella, en spektroskopeschen Duebelstär an doriwwer eraus e bedeckungsverännerleche Stär, d.h., zwee Stäre vun ënnerscheedlecher Liichtkraaft ëmkreesen sech. Wann sech déi donkel Komponent virun déi hell réckelt, hëllt déi schäinbar Hellegkeet of.
Den ε Aurigae ass e bedeckungsverännerleche Stär vum Typ Algol op enger Distanz vun 4.000 Liichtjoer. Vun alle bekannten Bedeckungsverännerlechen weist hie mat ronn 27 Joer déi gréissten Period op, woubäi d’Phas vum Hellegkeetsminimum ronn 18 Méint bedréit. Déi nächst Bedeckung fënnt am Joer 2009 statt.
Den ζ Aurigae ass och en Bedeckungsverännerlechen vum Typ Algol. D’System besteet aus engem rouden Iwwerris mat der Spektralklass K4, dee vun engem klengen blolechen Begleetstär vun der Spektralklass B ëmkreest gëtt. D’System huet déi zweetlängste bekannte Period: All 2,66 Jahre réckelt dee bloleche Stär virun den Haaptstär an d’Hellegkeet hëllt of. D’System läit 790 Liichtjoer vun eis ewech.
D’Stäre ε an ζ Aurigae ginn och als Haedus I an II (griichesch „d’Kanner“) bezeechent.
Den RT Aurigae ass e Pulsatiounsverännerleche Stär vum Typ Cepheiden op enger Distanz vun 2.500 Liichtjoer. De Stär ännert rhythmesch, an 3 Deeg, 7 Stonnen a 28 Minutten, seng Hellegkeet.
Den AE Aurigae ass e verännerleche Stärop enger Distanz vun 1400 Liichtjoer, deem seng Hellegkeet ouni erkennbar Regelméissegkeet tëschent 5,78 an 6,08m schwankt. Miessungen vun der Eegebewegung weisen, datt sech de Stär mat enger grousser Vitesse vun 100 km/s bewegt. Hie gehéiert zu enger Grupp vu Stären, déi als „Runaway Stars“ (Deserteure) bezeechent ginn. Méiglecherweis waren si Member vun engem Méifachstäresystem a goufen bei enger Supernovaexplosioun oder duerch Laanschtzéien vun engem aneren System virun zwou bis dräi Millione Joer an de Raum geschleidert. Déi aner bekannten „Deserteure“ sinn 53 Arietis am Aries an η Columbae an der Columba.
[Änneren] Messier- an NGC-Objete
Messier (M) | NGC | divers | m | Typ | Numm |
---|---|---|---|---|---|
36 | 1960 | 6,5 | Oppene Stärekoup | ||
37 | 2099 | 6,0 | Oppene Stärekoup | ||
38 | 1912 | 7,0 | Oppene Stärekoup | ||
1664 | 7,2 | Oppene Stärekoup | |||
1778 | 7,7 | Oppene Stärekoup | |||
1857 | 7,0 | Oppene Stärekoup | |||
1883 | Oppene Stärekoup | ||||
1931 | 10 | Emissiounsniwwel | |||
2126 | Oppene Stärekoup | ||||
2192 | Oppene Stärekoup | ||||
2281 | 5,4 | Oppene Stärekoup | |||
IC 405 | Emissiounsniwwel |
Am Auriga befannen sech dräi oppe Stärekéip, déi de franséischen Astronom a Koméitejeeër Charles Messier a sengem Katalog mat niwwelegen Objete (Messier-Katalog) opgeholl hat. All dräi Stärekéip sinn ronn 4.000 Liichtjoer vun eis ewech.
De M36 enthält ronn 60 Stäre vun der 9. bis 14. Gréisseklass.
De M37 ass en Stärekoup am Auriga.
Am Teleskop kann een de M38 opléisen a ronn 100 Eenzelstäre vun 8 bis 12m siichtbar maachen.
Den NGC 1931 ass en Emissiounsniwwel, eppes ëstlech vum M36. Dobäi gëtt eng Gaswollek vun engem Nopeschstär zum Liichten ugeregt.
Den NGC 2126 ass e oppene Stärekoup mat 20 Stären vun 11 bis 14m.
Den NGC 2281 gouf am Joer 1788 vum Wilhelm Herschel entdeckt an ass och en interessanten oppene Stärekoup.
[Änneren] Um Spaweck
Commons: Auriga – Biller, Videoen oder Audiodateien |