Méifachstär
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Méifachstär
E physescht System aus méi wéi zwee Stäre gëtt Méifachstär genannt.
Meeschtens ginn Méifachstäre am Ufank als Duebelstär entdeckt. Déi oft onsiichtbar Begleeder maachen sech dann als Stéierungen bemierkbar.
Méifachstäre bestinn aus Ënnersystemer, déi ëmmer puerweis virkommen. D’Ënnrsystemer bestinn hirersäits aus Eenzel- oder Duebelstären.
Beispiller fir Méifachstäre sinn:
- 3 Komponenten
- η Orionis: e spektroskopeschen Duebelstär mat engem Beleeder, deen ziemlech wäit ewech ass, mat enger Ëmlafzäit vum Duebelstär vun 8 Deeg, de Begleeder ëm den Duebelstär brauch dofir 3470 Deeg.
- 4 Komponenten
- ξ Ursae Majoris: erschéngt als Duebelstär mat enger Ëmlafzäit vun 59,6 Joer, all Komponent huet awer nach ee Duebelstäresystem (mat Ëmlafzäiten vun 4 an 699 Deeg).
- 5 Komponenten
- ε Hydrae
- 6 Komponenten
[Änneren] Kuckt och
[Änneren] Um Spaweck
- (de) Chr. Pinter: Seltsame Paare. Im All herrscht eine Tendenz zur Doppelsternbildung
- (de) Christian Mayers „Verzeichnis aller bisher entdeckten Doppeltsterne“ von 1781
- (de) Duebelstäre
- (en) The Internet Stellar Database – Internetdatenbank