Osama Bin Laden
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den Usāma ibn Muhammad ibn Awad ibn Lādin (* 10. März 1957 zu Riad, Saudi-Arabien), kuerz als Osama bin Laden (arabesch أسامة بن لادن) bekannt, huet als Mudschahid géint d’Besatzung am Afghanistan duerch d’Sowjetunioun gekämpft a gëlt haut als de weltwäit am meeschte gesichten Terrorist besonnesch wéint den him zougeschriwwenen Terroruschléi vum 11. September 2001 an den USA.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Liewen
Hie gouf als 17. vun 52. Kanner gebuer, déi säi Papp mat sengen zéng Fraen hat. Säi Papp, Muhammad bin Laden, war Beduin aus dem Hadramaut, Jemen. Hie war Bau-Entrepreneur mat enke Kontakter zum deemolegen saudesche Kinnek Faisal. 1931 huet hien zu Dschidda d’Entreprise Saudi Binladin Group SBG gegrënnt.
Seng Mamm soll ënnerschiddleche Quellen no entweder aus dem deemolege Mandatsgebitt Palästina ënner britesch-franséischem Mandat oder aus Saudi-Arabien stamen.
De Bin Laden soll mat 5 bestuete Fraen – vun enger erëm gescheet – am ganze mindestens 24 Kanner hun. Seng éischt Frau Nadschwan Ibrahim Ghanim huet angeeblech eelef Kanner vun him. Eng vu sengen Duechtere soll mam Mullah Omar, dem Uféierer vun den Taliban, bestuet sinn.
Den Osama Bin Laden schwätzt Arabesch an anscheinend och Urdu.
[Änneren] Studium
Den Osama bin Laden ass zu Dschidda (Saudi-Arabien) opgewues an huet do un der Kinnek-Abduliaziz-Universitéit Wirtschaftswëssenschaften (Sciences Economiques) a Betriibsmanagement studéiert. Aner Source schwetze vun Civil Engeneering, also Bauingénieur-Wiesen. Hien huet 1979 säin Oofschloss gemaach. Sàit dem Ufank vun de 70er Joren hat hien fundamentalistesch-relieis Kontakter.
[Änneren] Relioun
Als Saudi-Araber ass den Osama bin Laden an der Traditioun vun de Wahabiten opgewues, eng pietistesch Richtung vum sunniteschen Islam, déi am 18. Joerhonnert op der arabescher Hallefinsel entstan ass.
[Änneren] Militäresch Carrière
[Änneren] Afghanistan Krich
D'Revolution am Iran ënnert dem Ayatollah Chomeini an d'sowjetesch Invasioun am Afghanistan dat selwescht Joer hun hien iwerzeegt, e gewaltsame Kampf fir eng geeenten islamesch arabesch Welt féieren ze missen, eng nei Pax Arabica.
Hie war vun 1980 bis 1988 Mujahedin-Guerilla-Féierer an huet mat der Ënnerstetzung vum pakistanesche Geheimdéngscht [[ISI an der CIA am Afghanistan d'Rout Arméi bekämpft.
1982 huet den Osama bin Laden sech fir d'éischte keier entschloss, och direkt an den Afghanistan ze goen. Hien huet eng gréisser Zuel vu Baumaschinnen, wéi dringend zur Oofwierlogistik gebrauchten Bulldozer an ähnlecht Material, an d'Land.
[Änneren] Openthalt a Saudi-Arabien
Nom Oofzuch vun de sowjeteschen Truppen huet de Bin Laden an der Firma vu sengem Papp a Saudi-Arabien geschafft. Am Zweete Golfkrich 1990/91 huet hien öffentlech d'Stationéierung vun amerikaneschen Zaldoten a Saudi-Arabien kritiséiert. Hien hat d'Viirstellung, datt seng Mujahedin d'Iraker aus Kuwait verdreiwe sollten. Dat gouf vum saudesche Kinnékshaus awer oofgelehnt. Dorophin huet hien all Sympathien vum saudesche Kinnékshaus verluer.
[Änneren] 1993–1995 Openthalt zu Sarajevo
[Änneren] 1994-1996 Zäitweise Wunnsëtz a Libyen
De Bin Laden soll sech zäitweis an der Stad Jabala-Larde net wäit vun Banghazi opgehaalen hun.
[Änneren] 1998 Éischten internationalen Haftbefehl
Den éischten Haftbefehl géint de Bin Laden gouf vu Libyen de 16. März 1998 ugefrot a vun Interpol de 15. Abrëll 1998 verbreet. E gouf dem Mord un zwee Beamte vum Bundesnooriichtendéngscht verdächtegt.
[Änneren] 1996 bis haut - Afghanistan
Opgrond vu saudeschem an amerikaneschen Drock huet de Sudan 1996 den Osama Bin Laden aus dem Land verwisen, deen dorophin erem an den Afghanistan gereest war, wou hien ongféier 50 militäresch Camp'en opgeriicht huet. 1998 hu sech seng Organisatioun an déi vum Aiman az-Zawahiri mateneen fusionéiert.
An der Zäit duerno huet hien déi éischt Dschihad-Erklärung publizéiert: Ziel vu senger Organisatioun al-Qaida wär „d'Verdreiwung vun amerikaneschen Truppen aus der Golfrégioun, de Stuerz vum saudesche Kinnékshaus an domat d'Befreiung vun den hellege Gebaier vun de Muslimen an déi weltwäit Ënnerstetzung vu militanten islamesche Gruppen“.
Zwëschenzäitlech gouf vu russescher Säit spekuléiert, de Bin Laden hätt sech am georgesche Pankissi-Dall verstoppt gehaal.
Als Chef vun der islamescher Organisatioun al-Qaida (d.h. Basis, Datenbank) get him reprochéiert, Drootzéiher vu verschiddenen Terroruschléi ze sin. Him get och viirgeworf an d'Terroruschléi vum 11. September 2001 an den USA implizéiert ze sin. Den Ugrëff vun den USA op den Afghanistan huet bezweckt - esou déi offiziell Stellungnahm vun den USA - d'Festnahm vum Bin Laden an d'Zerschloe vu senger Organisatioun am Land.
No der Bombardéierung vum Bin Laden senger Biergfestung Tora Bora am Dezember 2001 war zunächst onkloer, ob hie selwer dobäi ëmkoum oder iwerlieft huet a sech an d'Ausland oofsetze kont. Mëttlerweil gëtt awer dovun ausgaangen, net zu lescht wéint ëmmer erëm nei opdauchend Billermatérial, datt en nach ëmmer lieft a sech am Grenzgebitt tëschent dem Afghanistan a Pakistan (Waziristan) ophällt.
Am Februar 2004 gouf gemellt, datt den Osama bin Laden am Nordwesten vum Pakistan agekreest gi wär. De Bin Laden an ongeféier fofzeg vu sengen Unhänger wären an engem ronn 16x16 km grousse Bierggebidd nördlech vun de Stied Khanozai, Murgha an Quetta noo bei der afghanescher Grenz lokaliséiert gin. D'USA an de Pakistan dementéieren dest awer.
Den 20. Juni 2005 huet den amtéierende Chef vum US-amerikanesche Noriichtendéngscht CIA, Porter Gross, an engem Interview mam US-Magazin Time bekannt ginn, datt hie wéisst, wou de Bin Laden sech géif ophaalen. Hien huet ugedeit, datt en auslännesche Staat d'schützend Hand iwwert den Osama bin Laden géif haalen. Et gouf ugeholl, datt dëst de Pakistan wär an d'Regierung am Land aus bannepolitesche Grënn derzäit keng Art vun Ausliwerung wéint radikale Stréimungen am eegene Land kéint duerchféieren.
[Änneren] Finanzen
D'USA beméie sech d'Finanzen vum Osama bin Laden anzefréieren. D'Isalmesch Bank zu Tirana soll hiirt Grondkapital zu 60 Prozent aus der Schatull vum Bin Laden krut hun (Quell: "Wie der Dschihad nach Europa kam", vum J.Elsässer). Paräis huet d'Enquêten zu de Finanzstréim vum bin-Laden-Clan ausgewäit. Den Osama an Yeslam bin Laden hate vun 1990 bis 1997 e Kont zesumme bei der Schwäizer Bank UBS. 241 Milliounen Euro sollen iwer déi Däitsch Bank an de Pakistan un Al-Kaida-Féierer gefloss sin (Quellen: [1], [2] [3] )
[Änneren] Medien
[Änneren] Säi System
Dem bin Laden säi System besteet aus der Zesummefaassung vu mëttelalterleche Reliounsfragmenter, dem Kampfgeescht vun de Beduinen an den arabesche Nationalstolz, verbonne mat Militär-, Medien- an Geheimdéngschttechniken. Dobäi gët hie vun e puer Memberen aus senger räicher a wäit verzweigter Famill (dorënner och offiziell Waffenhändler) ënnerstëtzt. Dëse System schéint bis elo relativ stabil ze fonktionnéiren, trotz enger Belounung vun am ganze 27 Milliounen US-Dollar vu Säite vun der Bush-Regierung, militäreschen Operatiounen a finanziell Ausdrëschenungsversich. Säi Wonsch ass et, e Staat nëmmen aus Muslime bestoend als Weltstaat ze kontrolléieren.
[Änneren] Terroruschléi
Terror-Attacken, déi mam Osama bin Laden a Relatioun bruecht gin :
- De 26. Februar 1993 huet eng Autobomm an der Déifgarage vum World Trade Center zu New York sechs Persounen ëmbruecht an iwer dausend Mnsche verletzt.
- Den 13. November 1995 si siiwen US-Zaldoten an der saudi-arabescher Haaptstad Riad, och duerch eng Autobomm gestuerwen.
- De 25. Juni 1996 hu bei enger Terror-Attack op US-Zaldoten zu Dharan a Saudi-Arabien 19 Mënschen hiirt Liewe verluer, méi wéi 500 goufe blesséiert.
- Bommenuschléi op d’US-Ambassaden zu Nairobi (Kenia) an Daressalam (Tansania) de 7. August 1998, 224 Doudeger.
- Suicide-Attentat op d’US-Krichsschëff USS Cole (DDG-67) den 12. Oktober 2000.
- D’Terroruschléi vum 11. September 2001 an den USA op de World Trade Center an de Pentagon hu knapp 3.000 Mënschen d’Liewe kascht.
- Den 11. Abrëll 2002 loosse vill Mënschen, an der vun Touristen besichte Synagog al-Ghriba zu Djerba an Tunesien, hiert Liewen.
- Den 11. März 2004 stierwen 191 Mënschen bei den Madrider Zuch-Attacken.
[Änneren] Kuckt och
[Änneren] Literatur
[Änneren] däitschsproocheg
[Änneren] engleschsproocheg
[Änneren] Um Spaweck