Foussball Nationaldivisioun
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Nationaldivisioun / FORTIS LIGUE | |
---|---|
Federatioun: | FLF |
Éischt Saison: | 1909/1910 |
Equippen: | 14 |
Aktuelle Champion: | F91 Diddeleng |
Rekordchampion: | Jeunesse Esch (27) |
Rekordspiller: [1] | Denis Scuto (424) |
Meescht Goaler: [1] | Armin Krings (255) |
↓ Éirepromotioun (II)
|
D'Foussball Nationaldivisioun (fr.: Division Nationale, de.: Nationaldivision) ass déi iewescht Spillklass am lëtzebuergesche Foussballchampionat vun den éischte Seniorsequippen (Männer). Zënter der Saison 2007/08 heescht d'Nationaldivisioun FORTIS LIGUE, dem Sponsornumm vun der Fortis Bank Lëtzebuerg (FLB) no.[2]
D'Championat gëtt vun der Foussballfederatioun organiséiert an ass déi éischte Kéier 1909/1910 gespillt ginn.
Net gespillt ginn ass an der Saison 1912/13 an an de Krichsjoren 1941-1944. Ënnert der däitscher Okkupatioun ass d'Federatioun vun den Nationalsozialisten opgeléist, an d'nationalt Championat ofgeschaaft ginn. D'Veräiner aus der ieweschter Divisioun goufen an de Fußballgau Mosel agegliddert. Anengems hunn d'Nimm vun all de Clibb missen agedäitscht ginn. No der Liberatioun vun 1945 gouf en improviséiert Championat als Coupe gespillt, d'Coupe de la Liberation. Clibb aus dem Éislek woren net mat dobäi.
Spillmodus an Numm sinn am Laf vun der Zäit e puer mol geännert ginn. Tëscht 1909 an 1912 huet déi héchst Divisioun Klass A geheescht, vun 1913 bis 1932 war et d' Éischt Divisioun an tëscht 1932-1957 gouf se Éirepromotioun genannt. Fir d'Saison 1957/58 krut d'héchst Spillklass dunn den Numm Nationaldivisioun. Den 31. Juli 2007 huet d'FLF e Kontrakt mat der Fortis Bank Lëtzebuerg als Haaptsponsor a privilegéiertem Partner fir d'Liga gemaach. D'Ofkommes fixéiert eng finanziell Ënnerstëtzung déi virop de Nationaldivisiounsveräiner ze gutt komme soll [3] a gëlt fir véier Saisonen. Och wann d'Nummrechter un der Divisioun anengems mat verkaaft goufen, ännert sech näischt un der Zuel vun de Clibb oder de Spillmodalitéiten wéi dat fir d'lescht fir d'Saison 2006/2007 de Fall war. D'Zuel vun den Equippe gouf deemols vis-à-vis vun de Saisonë virdru vun 12 op 14 gehéicht an de komplexe System mat Play-Off-Gruppen ass anengems mat ofgeschaaft ginn.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Saison 2007/2008
[Änneren] Equippen
An der Saison 2007/2008 spille 14 Equippen aus der Nationaldivisioun fir de Champion.
Champion vun der virechter Saison ass den F91 Diddeleng. Avenir Beggen an RM Hamm Benfica sinn aus der Éirepromotioun, Saison 2006/2007, an d'Nationaldivisioun geklommen.
[Änneren] Spillmodus
D'Championat geet iwwert eng Saison an huet zesummen 26 Spilldeeg. Et gëtt -mat enger Wanterpaus dertëschent- an zwee Tir gespillt. Jiddwer Equipe spillt am Laf vun der Saison zwee Matcher géint all eenzel aner Equipe, eng Kéier um eegenen Terrain an eng Kéier auswäerts.
Bei enger Victoire ginn et dräi Punkten, gëtt gläichgespillt, kritt all Equipe just nëmmen ee Punkt. D'Punkte ginn zesummegezielt an an engem Tabelleklassement gelëscht.
Déi Equipe, déi um Enn vum Championat op éischter Plaz am Klassement steet, ass lëtzebuergesche Champion. D'Equippen op de Plazen 13 a 14, falen aus der Nationaldivisioun eraus a spillen d'Saison drop an der Éirepromotioun. D'Equipe op der 12. Plaz muss en décisive Barrage-Match géint den Drëttplazéierten aus der Éirepromotioun spillen. De Gewënner qualifizéiert sech fir d'Nationaldivisioun, d'Equipe déi verléiert, spillt déi aner Saison Éirepromotioun.
[Änneren] Lëtzebuerger Championen (1910-2007)
[Änneren] Championen der Zuel vun den Titelen no
Veräin | Champion | Vizechampion | Champion an de Joren |
---|---|---|---|
Jeunesse Esch | 27 | 12 | 1921, 1937, 1951, 1954, 1958, 1959, 1960, 1963, 1967, 1968, 1970, 1973, 1974, 1975, 1976, 1977, 1980, 1983, 1985, 1987, 1988, 1995, 1996, 1997, 1998, 1999, 2004 |
Spora Lëtzebuerg | 11 | 10 | 1925, 1928, 1929, 1934, 1935, 1936, 1938, 1949, 1956, 1961, 1989 |
Stade Diddeleng | 10 | 6 | 1939, 1940, 1945, 1946, 1947, 1948, 1950, 1955, 1957, 1965 |
Red Boys Déifferdeng | 6 | 11 | 1923, 1926, 1931, 1932, 1933, 1979 |
Union Lëtzebuerg | 6 | 8 | 1927, 1962, 1971, 1990, 1991, 1992 |
Avenir Beggen | 6 | 5 | 1969, 1982, 1984, 1986, 1993, 1994 |
F91 Diddeleng | 6 | 3 | 2000, 2001, 2002, 2005, 2006, 2007 |
Fola Esch | 5 | 7 | 1918, 1920, 1922, 1924, 1930 |
US Hollerech Bouneweg | 5 | 2 | 1912, 1914, 1915, 1916, 1917 |
Progrès Nidderkuer | 3 | 5 | 1953, 1978, 1981 |
Aris Bouneweg | 3 | 1 | 1964, 1966, 1972 |
Sporting Club Lëtzebuerg | 2 | 3 | 1911, 1919 |
CS Gréiwemaacher | 1 | 8 | 2003 |
National Schëffleng | 1 | 2 | 1952 |
Racing Club Lëtzebuerg | 1 | 0 | 1910 |
US Diddeleng | 0 | 4 | |
US Rëmeleng | 0 | 3 | |
Etzella Ettelbréck | 0 | 2 | |
Alliance Diddeleng | 0 | 1 |
[Änneren] Notizen a Referenzen
- ↑ 1,0 1,1 Vun 1945/1946 bis 2005/2006. Source: [1]
- ↑ Fortis Bank kauft Nationaldivision (d'Wort Online, 31. Juli 2007)
La Fortis Ligue est née (Le Quotidien, 1. August 2007) - ↑ Dräivéirels aus der Sponsoringkees vun der Fortis Bank sollen direkt un d'Veräiner goen. D'Somme déi all eenzel Veräin ze gutt huet, ass bis ewell net gewuer ze ginn. Source: Interview mam FLF-President Paul Philipp am Artikel A l'aube d'une nouvelle ligue (Le Quotidien, 3. August 2007)
- ↑ De Sporting Club Déifferdeng huet 1919 den Numm gewiesselt a bis zu der Fusioun mat der AS Déifferdeng 2003 FA Red Boys Déifferdeng geheescht.
- ↑ Der FLF no gouf 1926/27 vum Numm hier net d'Union, mee US Hollerech-Bouneweg Champion, US Hollerech-Bouneweg war awer schonn 1925 mat der Jeunesse Sportive Verluerekascht zu der Union Lëtzebuerg fusionéiert. Source FLF: Champions de 1910 à 2005 (PDF)
- ↑ D'Coupe de la Libération war keen offiziellt Championat, gëtt hei awer -fir komplett ze sinn- matgezielt.
[Änneren] Um Spaweck
- (fr) flf.lu Offizielle Site vun der FLF
- (de) Private Site iwwert de Foussball zu Lëtzebuerg