See also ebooksgratis.com: no banners, no cookies, totally FREE.

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Benoît XVI. (Poopst) - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Benoît XVI. (Poopst)

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.


Dësen Artikel zum Chrëschtentum ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Benoît XVI.
Benoît XVI.

De Benoît XVI. (biergerlech Joseph Ratzinger), gebuer de 16. Abrëll 1927 zu Marktl an Däitschland, ass den 265. Poopst an der Geschicht vun der Kathoulescher Kierch. Säi Pontifikat huet den 19. Abrëll 2005 ugefaangen, nom véierten oder fënneften Tour um zweeten Dag vum Konklav.

Virdru war hie Dekan vum Kardinolskollegium a bis zum Doud vum Jean-Paul II. Präfekt vun der Glawenskongregatioun. Domadder war hien ee vun de bedeitendste Kardineel an huet theologesch a perséinlech als riets Hand vum Jean-Paul II. gegollen. A senger Kardinolszäit ass de Ratzinger de Leit als relativ konservativ virkomm.

Inhaltsverzeechnis

[Änneren] Seng Jugend a säi Studium

De Joseph Ratzinger ass de 16. Abrëll 1927 am uewerbayresche Marktl bei dem Floss Inn, am Landkrees Altötting (Sprengel, am Bistum Passau) als Jong vum Jandaarm Joseph (1877-1959) an der Käche Maria, geb. Peintner (1884 - 1963), um 4:15 Auer [1] op Karsamschte gebuer, an deselwechten Dag gedeeft ginn. D'Tatsaach, datt hien an der Ouschternuecht kuerz no senger Gebuert gedeeft gouf, mam frësch geweiten Ouschterwasser, huet hie selwer als besonnesch Verbindung vu sengem Liewenswee am Outschtergeheimnis verstanen a betount.

Hien huet zwee Gesëschter, d'Maria Ratzinger (* 7. Dezember 1921; † 2. November 1991) an de Georg Ratzinger (* 15. Januar 1924). Säin Ëmfeld an deem hien opgewuess ass war déif religiéis geprägt. Säi Groussmonni Georg Ratzinger (1844-1899) war kathoulesche Paschtouer a Reichtagsabgeordneter.

Zwee Joer no senger Gebuert, den 11. Juli 1929, ass d'Famill op Tittmoning an der Salzach geplënnert, de 5. Dezember 1932 dunn op Anschau am Inn, wou hien du seng Primärschoulzeit verbruecht huet. An den 1930er Joren, no der Muechtergräifung duerch d'Nationalsozialisten, huet säi Papp e klengt Bauerenhaus zu Hufschlag bei Traustein kaf. Do, sou de Ratzinger spéider, wier déi eigentlech Heemecht vun der Famill gewiecht, well säi Papp, e Jandaarm, deen d'ganzt Liewe laang huet misse flexibel sinn, sech och no senger Pensioun do néiergelooss huet. Trotz der finanzieller Belaaschtung hu seng Elteren hien an de Séminaire St. Michael ob Traustein geschéckt, wou hien duerch säin Éiergäiz besonneg opgefall ass.

1941 ass de Joseph Ratzinger am Alter vu 14 Joer, esou wei all Seminaristen zënter 1939, onfräiwëlleg an d'Hitler-Jugend opgholl ginn. Am Alter vu 16 Joer ass hien dunn als Flakhelfer fir de Schutz vun enger BMW-Fabrik baussent München agesat ginn. Zu dëser Zäit huet hien d'Maximiliangymnasium zu München besicht. 1944 ass hien dunn zur Grondausbildung agezu ginn an an d'éisträichescht Burgenland bei de Reichsarbeitsdienst versat ginn, wou hien ënnert anerem fir d'Ariichte vun Panzerspären agesat gouf. 1945 ass hie kuerzzäiteg an US-amerikanesch Krichsgefaangeschaft an d'Lager Neu-Ulm. komm Als Seminarist vum Traunsteiner Priesterséminaire huet hien do um Chiemgau-Gymnasium Abitur gemaach.

Vun 1946 bis 1951 huet hie kathoulesch Theologie a Philosophie op der Philosophescher an Theologescher Héichschoul zu Freisingen studéiert, dono war hie Seminarist um Herzoglichen Georgianum vun der Ludwig-Maximilians-Universität München.

[Änneren] Akademesch Lafbunn

Am Joer 1953 ass de Joseph Ratzinger mat der Aarbecht „Volk und Haus Gottes in Augustins Lehre von der Kirche“ op der Universitéit München zum Dokter an der Theologie promovéiert. Am Joer 1957 ass hien op der selwechter Universitéit géint de Widderstand vum ugesinnen Dogmatiker Michael Schmaus beim Gottlieb Söhngen am Fach Fundamentaltheologie habilitéiert mat der Schrëft: „Die Geschichtstheologie des Hl. Bonaventura.“.

1958 huet den 31 Joer alen Joseph Ratzinger mat senger Professur fir Dogmatik a Fundamentaltheologie an der Philosophesch-Theologescher Héichschoul Freising (haut een Deel vun der Ludwig-Maximilians-Universität München) ugefaang. 1959 ass hien ob d'Universitéit Bonn beruff ginn. Hien hat seng éischt Virliesung iwwert d'Thema „Der Gott des Glaubens und der Gott der Philosophie“. De Bonner Léierstull hat hie bis 1963, wou hien dunn an de Séminaire fir Dogmatik an Dogmegeschicht an der Westfälischen Wilhelms-Universität Münster gewiesselt ass. Seng éischt Vierliesung do huet hien zum Thema Offenbarung und Überlieferung virun engem iwwerfëllten Auditorium gehal.

1966 krut de Ratzinger dunn op Emfehlung vum Hans Küng e Léierstull fir kathoulesch Dogmatik an der Katholesch-Theologescher Fakultéit vun der Eberhard Karls Universitéit Tübingen. Aus Virliesungen aus dëser Zäit ass d'Buch Einführungen in das Christentum entstan. Kuerz virun de Stundentenprotester vun Enn de 1960er Joren huet hien 1969 eng Plaz op der Universitéit Regensburg ugeholl, wou hien nees eng Kéier Dogmatik an Dogmatikgeschicht ginn huet. Do huet hien zesumme mam Alma von Stockhausen d'Gustav-Siewerth-Akademie gegrënnt, eng zënter 1988 staatlech unerkannte wëssenschaftlech Héichschoul. Hie war, ier hien 1977 Äerzbëschof gouf, am Joer 1976 Vizepresident vun der Universitéit. Och nodeems hien zum Poopst gewielt gouf, ass hien nach weiderhinn Honorarprofesser zu Regensburg.

[Änneren] Paschtouer an Erzbëschof

...

[Änneren] Prefekt vun der Glawenskongregatioun

...

[Änneren] Linken

[Änneren] Kuckt och

[Änneren] Um Spaweck

[Änneren] Referenzen

  1. Donnéeën aus dem Dafregëster


Virgänger Nofolger
Jean-Paul II. Lëscht vun de kathoulesche Peepst -
Commons: Benedict XVI – Biller, Videoen oder Audiodateien


aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -