Anthropologie
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D' Anthropologie (gri. ανθρωπολογία, anthropo~ vun ανθρώπος - de Mënsch an ~logie vun λόγος - d'Léier) ass wéi d'Etymologie et weist d'Léier vum Mënsch, souwuel an de Naturwëssenschaften wéi och an den Humanwëssenschaften. De Fait datt ët also an zwee Domainer eng Léier vum Mënsch gëtt brengt matt sech datt och divergéierend Definitiounen gin.
Humanwëssenschaftlech gesinn befaasst si sech mam eenzele mënschliche Wiesen, mat der Gesamtheet vun de Mënschen an der mënschlecher Kultur. Si steet also an direkter Relatioun matt der Philosophie, der Psychologie an der Soziologie.
Naturwëssenschaftlech gesinn ass hieren Objet de vergläichende Studium vun der Anatomie vun den Urmenschen ënnert sech an am Verglach mam heitege Mensch. Iwwergeuerdnet kann een och soen, datt si sech och mat der Primatologie, der Wëssenschaft vun den Hallefafen, den Afen an den Mënschenafen befaasst. Si ass also en Deel vun der Biologie.
D'Paläoanthropologie, d'Prähistoresch Anthropologie an di rezent Biologie sinn däitlech vuneneen ze trennen, well si ganz ënnerschiddlech Fuerschungsziler a Methoden hunn.