See also ebooksgratis.com: no banners, no cookies, totally FREE.

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Al Schmelz - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Al Schmelz

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Al Schmelz zu Stengefort
Al Schmelz zu Stengefort

D' Al Schmelz ass e Centre Culturel an der Gemeng Stengefort. Dëse Site läit direkt un der belscher Grenz. Et handelt sech heibäi em renovéiert Iwwerreschter vun der fréierer Stengeforter Schmelz.

Inhaltsverzeechnis

[Änneren] Geschicht

[Änneren] Ufank

Den éischte Schmelzuewen ass zu Stengefort schonns am Joer 1846 vum Guillaume Pescatore, deen och nach "de blanne Pescatore" genannt gouf, gebaut ginn. Duerch Alluvialäerz, dat direkt an der Géigend fonnt a gesammelt gouf, ass duerch Verbrenne mat Hëllef vun Holzkuelen Eisen hiergestallt ginn.

Schonns 1856, huet eng fir d'Geschicht vun der Stengeforter Schmelz wichteg Famill, d'Famill Collart dësen Uewen opkaaft. Déi zwéi Bridder Charel a Jules Collart hu schonn e Joer mi spéit en zweeten Uewen opgeriicht.

Eng ganz wichteg Roll fir d'Entwécklung vun der Schmelz, huet d'Entwécklung vu wichtegen Zuchlinnen zu Lëtzebuerg gespillt. Di zwéi Bridder konnten dunn Eisenäerzterrainen zu Rëmeleng, Téiteng an zu Esch-Uelzecht kafen, fir méi effizient zu Stengefort ze produzéieren.

An de Joren 1859 an 1860 hunn d'Zuchlinne Lëtzebuerg - Beetebuerg - franséisch Grenz, Lëtzebuerg - Klengbetten - Grenz, Beetebuerg - Esch-Uelzecht an Näerzeng - Rëmeleng et méiglech gemeet vun Holzkuel op méi bëllege Kock als Brennmaterial zereckzegräifen. Wéi dunn 1873 och nach d'Zuchlinnen Esch-Uelzecht - Péiteng a Péiteng - Stengefort funktionéiert hunn, ass amplaz vun dem Alluvialerz och Minette verschafft ginn.

Experten hunn ausgerechent, datt d'Reserven u Minette fir d'lëtzebuergesch Industrie géif bis 1963 duergoen. Am Süde vum Land huet d'Eisenindustrie floréiert. Zu Stengefort war d'Fabrikatioun wéinst dem Transport vun der Minette bis op Schmelz méi deier. Nëmmen duerch Konzessiounen duerch de Staat kann d'Stengeforter Schmelz iwwerliewen. 1874 kruten d'Gebridder Collart esou 10 Hektar zougesprach. Dëst Lous louch zu Roudengen an huet staark kiselhaltegen Äerz geliwwert. Eréischt 1881 koum eng Konzessioun vu weidere 25 Hektar zu Esch derbäi. An de Joren 1891 an 1887 koumen nach weiderer derbäi.

  Méi doriwwer am Artikel Siderurgie zu Lëtzebuergan den Artikelen [[{{{2}}}]] an [[{{{3}}}]]an den Artikelen [[{{{4}}}]], [[{{{5}}}]] an [[{{{6}}}]]an den Artikelen [[{{{7}}}]], [[{{{8}}}]], [[{{{9}}}]] an [[{{{10}}}]]. 


[Änneren] Ära Charel a Jules Collart

Collartsschmelz ëm 1930
Collartsschmelz ëm 1930

Di zwéi Propriätaire woussten, datt wirtschaftleche Fortschrett nëmme méiglech war, wann hir Installatiounen um neieste Stand vun der Technik waren. Minendirekter war deemols den André Koch. Hie krut d'Aufgab d'Äerzminen ze moderniséieren. Déi eenzel Grouwe sinn dunn zu engem zusummenhaltege System verbonne ginn. Dëst Galeriegeflecht war ënnert dem Numm Grouw Kaazebierg bekannt.

1882 ass rout Minette aus der Grouw Schlassbësch erausgebaut ginn. Et koumen nach weider Grouwen derbäi sou datt am Joer 1892 47.000 Tonnen roude Minette ofgebaut si ginn.

Am Joer 1894 hunn d'Gebridder Collart mat der ARBED Terrain getosch a sou kounte si en neien Galeriesystem tëschend de Grouwen Heintzebierg a Schlassbesch schëafen. Duerch dës ënnerierdesch Systemer ass den Erzofbau vill méi effektiv ginn an eng méi economesch Oarbecht war méiglech. Duerch ds Zesummeleeung vu Galerien konnt d'Produktioun vun der Stengeforter Schmelz am Joer 1898 op 72.000 Tonne gesteigert ginn.

Zu Esch-Uelzecht hunn dunn d'Gebridder Collart eng weider Innovatioun agefouert fir hir Produktioun nach steigeren ze kënnen: duerch de laange Grouwesystem waren d'Weeër fir d'Minette un d'Daagesliicht ze kréien vill mi laang ginn a vill Grouwewaasser huet missen ofgepompelt ginn. Déi eenzeg Léisung war den elekresche Stroum. Duerfir hunn di zwee Bridder eng elektresch Zentral baue gelooss. 1891 sinn zwee Gasmotoren a Betrieb gaangen an 2 elektresch Lokomaotiven hunn dunn d'Buggyen mat der Minette un d'Daagesliicht bruecht. Zu Esch-Hoehl sinn se dann an Zuchwagonen gekippt ginn fir se dann op Stengefort ze transportéieren.

De Staat huet tëschent dem 10. Abrëll 1881 an dem 13. Abrëll 1892 streng Konventiounen a Kraaft gesat déi besot hunn, datt all d'Minette, déi zu Lëtzebuerg ofgebaut gëtt muss zu Lëtzebuerg - a kengesfals am Ausland - verschafft ginn. Dës Verhüttungsklausel genannte Konventioun huet souguer verlaangt, datt all Transport vun Esch op Stengefort huet missen vum Staat genehmegt ginn.

Am Joer 1910 ass de Charel Collart gestuerwen an d'Firma "Charles et Jules Collart" ass an eng Aktiengesellschaft emfunktionéiert ginn.

[Änneren] Ära "Hauts Fourneaux et Aciéries de Steinfort"

Den Notär Jules Gruber huet am Joer 1912 d'anonym Gesellschaft "Hauts Fourneaux et Aciéries de Steinfort" um Pabeier gegrënnt. D'Statuten hunn d'Liewensdauer vun dëser Sociétéit op 30 Joer begrenzt.
Nëmmen e puer Joer no der Grënnung vun dëser Gesellschaft gouf d'Majoritéit vun den Aktien vum däitschen Felten-Gullaume Karlswerk vu Köln - Mühlheim opkaaft. Déi nei Hären hunn Modernisatioun an Ausbau versprach.
Effektiv krut d'Schmelz am Joer 1913 nei Konzessiounen. Sou 51,9 Hektar zu Esch-Uelzecht, 64 Hektar zu Déifferdeng op der "Ferme Vesque" an 8 Hektar op dem "Heidenfeldchen" zu Esch.
Nom Éischte Weltkrich stung d'Schmelz ënner Friemherrschaft a gouf zanter 1919 vun der "Société des Mines de la Loire" vu Paräis kontrolléiert.
De 16. Dezember 1919 gëtt de Gust Lollé aus Stengefort Direkter vun den "Hauts Fourneaux et Aciéries de Steinfort" an den Jos. Belot Chef vum Héichuewebetrieb. Am Abrëll 1920 gouf d'Betriebskapital vun 17 op 25 Millioune Lëtzebuerger Frang erhéicht. Et goufen 500 000 Aktien vu 500 Frang.
Den 20. Oktober 1921 gouf d'Iwwernam vun der "Société des Hauts Fourneaux et Aciéries de Steinfort" vun der belscher Gesellschaft "Athus-Grivegnée" iwwerholl. Obwuel den Numm vun de Stengeforter "Hauts Fourneaux et Aciéries" aus finanzielle Grënn bliwwen ass, war de Verwaltungsrot lo ganz a belschen Hänn. No de Fusiounen mat der "Société d'Angleur et des Charbonnages belges" an der "Société d'Angleur-Athus" am Joer 1927 waren keng Setzungen vum Verwaltungsrot méi am lëtzebuerger Land mee nemme méi zu Athus, Grivegnée oder zu Bréissel.

Dëst war den Ufank vum Ennergank vun der Stengeforter Schmelz.

[Änneren] Ënnergank

Di belsch Aktionäre waren net sonnerlech un der Stengeforter Schmelz interesséiert. Dat eenzegt wouru si Interessi gewiss hunn, waren d'Mine-Konzessiounen déi d'Stengeforter Schmelz hat. Duerch dat strengt Gesetz géint den Export vu lëtzebuergescher Minette hu si alles probéiert fir dës Konventioun ze emgoen a souguer ze sabottéieren. An der Chamber waren hefteg Diskussioune programméiert fir dat illegalt Schmuggelen ze ënnerbannen. Et war suguer ze héieren, datt déi lëtzebuergesch Minë regelrecht eidel geplëmmt si ginn. Hei ass besonneg den Numm vun engem Klengbettener Deputéierten, dem J.P. Mockel ze nennen. Hien huet sech getraut ganz direkt mat den auslänneschen Aktionären iwwert de Problem ze schwätzen. D'Regierung wollt hien ënnerstetzen an huet versprach eng Spezialkommissioun fir dëse Problem anzesetzen. Trotz all diem sinn am ganzen 1.178.782,0 Tonnen Minette sou ofgebaut ginn. De Fakt datt den auslänneschen Aktionären d'Schmelz ganz egal war an duerch déi héich Transportkäschten aus dem Süden vum Land op Stengefort an d'Wirtschaftskris vun den 30er Joren huet derzou geféiert, datt am Joer 1931/32 d'Schmelz zu Stengefort hir Dieren zou gemeet huet. Dëst war e grousse Verloscht fir déi ganz Gemeng wëll d'Schmelz fir de wirtschaflechen Opschwong vu Stengefort gesuergt hat. Ëmmer erëm hu verschidde Gerüchter an och falsch gedeiten Zeitungsartikele falsch Hoffnungen an der Stengeforter Bevëlkerung op eng weider Zukunft vun der Schmelz gemeet.

Iwwerraschend koum am Joer 1938 vun offizieller Säit d'Bestätegung, datt zu Stengefort awer rëm soll en Héichuewen a Betrib goen.

[Änneren] Falsch Hoffnung

D'Aktionäre vun den "Hauts Fourneaux et Aciéries de Steinfort" waren och Besetzer vun den Athuser Eisenindustrien. Duerch de Besëtz vun den Aktien vu Stengefort ware si och Besëtzer vun de Minen direkt virun hirer Dier. Si hätten doduerch kéinten ouni grouss Transportkäschten d'Minette aus der Grouf op Athus brénge wann do net déi Konventioun gewiecht wier, datt d'Minette net dier ausserhalb vu Lëtzebuerg exportéiert ginn. Natierlech hunn déi belsch Bedreiwer nëmmen drop gewaart fir kënne Minette op Athus ze transportéieren. Doduerch léisst sech erklären, datt si dem Lëtzebuerger Staat am Joer 1939 d'Verspriechen ginn hunn, datt wa si dierfe Minette op Athus exportéieren, si sech verflichten zu Stengefort op d'mannst een Héichuewen ze bedreiwen.

Di Stengeforter Schmelz krut eng Erlaabnis, maximal 4.000.000 Tonnen Erz ze verschaffen. Pro Joer ass den Transport op 300.000 Tonnen limitéiert. Zudem krute si d'Erlaabnis dat duebelt vun diem wat zu Stengefort verschafft gëtt ze exportéieren. De Maximum vum Export war op 250.000 Tonnen d'Joer fixéiert. Trotz skeptesche Stëmmen an der Oppositioun huet d'Chamber de Projet gestëmmt an obwuel den Klengbettener Oppositiouns-Deputéieren seng Bedenken iwwert eng Reouvertür vun der Stengeforter Schmelz ze bedenke ginn huet, huet den Staatsminister Pierre Dupong keng Bedenke gesinn an den Interessi vun den Athusser sou staark gesinn, datt si onbedingt giffen di Stengeforter Schmelz rëm opmaachen.

Hie sollt awer Onrecht hunn. Trotz dem Verspriechen un d'Regierung sinn d'Diere vun der Schmelz zu Stengefort net méi opgaang.

[Änneren] Zweete Weltkrich

Den 1. September 1939 ass den Zweete Weltkrich ausgebrach an den 10. Mee 1940 hunn déi däitsch Truppen och zu Stengefort vill Suergen a Leed matbruecht, esou datt de Projet vun der Reouverture vun der Schmelz an de Vergiess koum. Just déi belsch Aktionären hunn hire Projet vum Export vu Minette op Athus net vergiess. Am Joer 1940 hu si den Exportverbued opgehuewe kritt. Ganzer 302.268 Tonnen Erz si bis den 30. Abrëll 1942 op Athus transportéiert ginn.

Duerch de Krich bedéngt, sinn all Minièren den 1. Mee 1942, mat Ausnahm vun deene vun der ARBED, Hadir an MMR, un déi däitsch "Gewerkschaft Lützelburg" iwwergaangen. Bis 1944 hunn erëm 332.083 Tonnen Minette de Wee op Athus fonnt. Eréischt am September 1944 ass d'Exportgesetz nees a Kraaft getrueden, an d'Äerzgrouwe sinn zougemaach ginn.

An der Generalversammlung vum 21. September 1944 ass den Numm "Hauts Fourneaux et Aciéries de Steinfort" a "Steinforter Hochöfen und Stahlwerke AG" emgeännert ginn.

[Änneren] Nokrichsjoren

E wichtegen Datum war den 28. Mäerz 1945, wéi am Büro vum Notär Albert Frere zu Seraing d'Firma Angleur-Athus hir 47.418 Aktien vun den "Steinforter Hochöfen und Stahlwerke AG" der Firma John Cockerill vu Seraing verkaaft hunn. Den Haaptaktionär huet domatter gewiesselt.

Den däitschen Numm ass den 28. Juli 1945 zu Miersch ënnert der Leedung vum Notär Roger Würth op enger aussergewéinlecher Generalversammlung erëm zreck an "Hauts Fourneaux et Aciéries de Steinfort" ëmbenannt ginn. Zeréckwierkend op den 28. Juli 1942 ass och d'Liewensdauer vun dëser Gesellschaft op 30 Joer verlängert ginn. D'industriell Anlagen haten am Krich staark gelidden an eng wirtschaftlech sënnvoll Exploitatioun war fraglech. Zudem waren d'Aktionnäre quasi déi selwecht bliwwen an doduerch huet hiert primärt Zil, d'Stengeforter Schmelz als Alibi ze benotzen, fir Minette an d'Belsch ze kréien, och net geännert.

Fir dës Alibifunktioun ze realiséieren ass de 25. Mee 1946 vun der Societéit "Hauts Foruneaux et Aciéries de Steinfort" decidéiert ginn, an de futtisse Gebaier nei Industrie ze ëntweckelen.

Dat eenzegt wierklech gebrauchsfäegt Gebai war déi grouss Hal. Leider war all brauchtbart Material vun der "Hermann Goering Vertriebsgesellschaft" verschrott ginn. Et war esou net méi méiglech, duerch grouss Renovéierungsmoossnamen den industrielle Betrib erëm opzehuelen.

En Industriellen aus dem belschen Ransart, den Här Lefèvre hat dunn d'Iddi, zu Stengefort geschweeste Metallbehälteren ze produzéieren, déi op allméiglech Aart a Weis kéinten agesat ginn. D'Gemeng Stengefort war och bereet, fir dës Iddi en Terrain zur Verfügung ze stellen. Et sollt nëmmen nach eng Saach vum richtegen Präis sinn. Och den Industrielle Lefèvre hat den Export vun Äerz an d'Belsch als primärt Zil am Kapp. Vun dëser Visoun motivéiert si ganz séier Verhandelunge mam lëtzebuerger Staat opgeholl ginn. D'Resultat war, datt d'Regierung effektiv bereet war, en Export vu Minette ze erlaben ënnert der Bedingung, datt zu Stengefort duerch den Härr Lefèvre mat der Firma Cockerill oder den "Hauts Fourneaux et Aciéries de Steinfort" misst eng Gesellschaft entwéckelt ginn, déi iergend eng Aart vun Industrie giff an d'Liewen ruffen, fir de Stengeforter Aarbechter eng Aarbechtsplaz ze garantéieren. Well dem Staat bekannt war, datt d'Schmelz gréisstendeels a Ruinen luch war just d'Oplag ginn, datt den Exporttonnage sech un der Héicht vum Verdingscht vun den agestallten Aarbechter zu Stengefort ze moossen huet.

Fir de belschen Investoren dat Ganzt méi schmackhaft ze maachen, huet d'Regierung och eng uerdentlech Finanzsprëtz an Aussicht gestallt. Doduerch motivéiert, huet den Industrielle Lefèvre am Juni 1946 mat der Cockerill eng Sociétéit gegrënnt.

Schlecht Noriichte sinn den 9. September 1946 komm. Den Här Lefèvre wier ze krank fir nei Firmegeschäfter ze leeden. Trotzdem ass weider mat der Regierung verhandelt ginn. Et koum derbei eraus, datt de Staat pro 32 Frang Pai den Export vun enger Tonn Minette geneemegt. Dëst huet déi belsch Interessente motivéiert, och ouni de Lefèvre de Projekt weiderzeféieren.

Déi belsch Aktionären hate verstan, datt si dës Kéier de Lëtzebuerger Staat nëmméi fir domm hale kéinten an nëmme Minette exportéiere kéinten, wa si och wierklech zu Stengefort industriell täteg wieren. Si waren dunn zum Handele gezwong. Sollt zu Stengefort keng nei Industrie entstoen, géifen si vum Staat enteegent ginn. D'Entwécklungsoarbecht fir eng nei Industrie ass d'Aufgab vun der Cockerill ginn.

Méi speziell war d'Verwaltungsrotsetzung vum 6. Januar 1947: Déi nei Virschléi fir eng Industrie zu Stengefort waren op den Opstellungsdatum vum 20. August 1946 datéiert a si réckwierkend op den 1. September 1946 akzeptéiert ginn. Et ass decidéiert ginn, zu Stengefort eng Fabrik fir Phenol opzebauen.

[Änneren] D'Phenolsfabrik

D'Begrënnung fir d'Produktioun vu Phenol war, datt deemools de Bedarf vun der Industrie relativ staark war, mee um Kontinent vill ze wéineg dovunner produzéiert géif.

D'Cockerill huet sech bereet erkläert, e Prêt zur Verfügung ze stellen, fir eng Fabrik opzeriichten, déi am Mount 300 Tonnen Phenol zum Präis vun 40.000.000 Frang géif produzéieren. D'Beschafung vun der Matière Première sollt ganz vun der Cockerill iwwerholl ginn. Déi Stengeforter industriell Gebailechkeeten sollten eng Produktioun vun 750 Tonnen de Mount erlaaben. No Kalkulatiounen vun der Cockerill giff en Debouché fir Phenol an England, Dänemark an an der Schwäiz existéieren. Et gëtt net ausgeschloss, datt, wann d'Fabrik gutt giff lafen, D'Aarbechter e méi héicht Gehalt ausbezuelt kréichen (fir dann och méi Minette exportéieren ze kennen).

Den 31. Mäerz 1947 gouf bekannt, datt d'Installatioun vun der chemescher Fabrik amgaang wier an ee giff dermatter rechnen, d'Produktioun scho virun Enn vum Joer opzehuelen. Dësen Dag ass och de Vertrag tëschend der Cockerill an den "Hauts Fourneaux" ënnerschriwwe ginn, wou d'Finanzéierung vun der Produktioun, d'Benotzung vun den Installatiounen ann d'Bedreiwungskonditioune fixéiert goufen. Dëse Vertag ass réckwierkend op den 1. Januar 1947 a Kraaft getrueden an sollt 25 Joer gülteg sinn. Duerch d'Ënnerschrëft vun dësem Vertag huet Stengefort seng Eegenstännegkeet am finanziellen a kommerziellen Aspekt opginn an a belsch Hand geluecht.

De 27. Oktober 1947 ass e Betrag vun 1.500.000 Frang geneemegt gi fir eng Siidlung vu Wunnenge fir d'technecht Personal vun der Fabrik ënnerzebréngen. Sou konnten déi 6 Haiser, déi zanter 20 Joer am Réibau waren, färdeg gebaut ginn.

Am Joer 1948 sinn an de Méint Mee-Juni 89 Tonnen, am August 231 Tonnen an am September an Oktober 163 respektiv 263 Tonnen Phenol produzéiert ginn. Bis zu deem Moment waren 62.400.000 Frang an d'Fabrik investéiert ginn. Et war eng weider Investitioun vu 5 Milliounen Frang geplangt.

Den 1. Januar 1949 gouf den Här Logelin "Chef de Service" vum Phenolwierk. Hie gouf gläichzäiteg zum "Fondé de Pouvoirs" ernannt.

Op enger Verwaltungsrotssetzung den 28. Mee 1949 gouf bekannt, datt de President vun den "Hauts Fourneaux et Aciéries de Steinfort", den Grof Ancion de 27. Mee verstuerwe war. Als Nofolger ass den 24. Oktober 1949 den Albert Neef de Sainval ernannt ginn.

Duerch den Drock vum amerikanesche Moart ass de Phenolpräis rapid gefall. Well d'Matière Première an Europa deier war, konnt d'Stengeforter Wierk präislech mat der amerikanescher Produktioun net méi mathalen. D'Nieweprodukter vun der Produktioun waren vu mannerwäerteger Qualitéit a kounten am Géigesaz zu anere Phenolwierker och net verkaaft ginn. D'Wierk war an enger Kris. Et war ee sech bewosst, datt nëmmen eng Moderniséierung an eng Verbesserung vun der Qualitéit vun den eenzelne Produiten d'Wierk rette kéint. Fir dësen Challenge unzehuelen ass d'Produktioun den 30. Juni 1949 agestallt ginn. Wärend der Produktiounszäit ass äerdeg gefuerscht ginn an d'Paien un d'Aarbechter si weiderbezuelt ginn.

Wéi am Joer 1950 d'Phenolpräisser sech erholl hunn, ass am September mat der Produktioun weidergefuer ginn. Fir ausbaufäheg ze sinn, sinn direkt d'Produktiounsstroossen ausgebaut ginn.

De 5. September 1950 ass op enger Verwaltungsrotsitzung erauskomm, datt et finanziell net sou gutt ëm d'Wierk bestallt war wéi allgemeng ugeholl. D'Betribskapital luch bei 25 Milliounen a 50.000 Aktien zu 500 Frang. 49.307 Aktien waren am Besëtz vun der Cockerill. Et gouf awer en Immobilienkapital vun 125 Milliounen an eng Verscholdung géintiwwer der Cockerill vu 96 Milliounen Frang.

D'Steierverwaltung vu Lëtzebuerg huet soumat eng finanziell Afhängegkeet vun der Cockerill vermutt. Dës Verdächtegung huet di Stengeforter Aktionären méi wéi veronséchert. Well Aktiounen vu Steierfahnder gefaart goufen, huet eng séier Ëmstrukturéirung vun de Finanzen zur Verschleierung vun deer Situatioun misse stattfannen. D'Léisung war, datt Stengefort onbedingt seng Eegestännegkeet huet missen zeréckkréien. De 5. Dezember 1959 ass dunn decidéiert ginn, d'Kapital em 50 Milliounen ze erhéijen fir sou 100.000 nei Aktioen à 500 Frang ze kréien, déi dun vun der Cockerill opkaaft gi sinn. Sou ass d'Schold géindeniwwer dëser Firma ëm 50 Milliounen méi kleng ginn. Fir déi 46 Milliounen Schold, déi nach rescht waren, lass ze ginn, ass e Prêt iwwer 50 Milliounen opgeholl ginn. De Biergen war d'Cockerill. No dëser klorer Manipulatioun war d'Fabrik erëm "scholdefräi". D'Verträg vum 31. März 1947 sinn annuléiert ginn, sou datt Stengefort erëm wirtschaftlech mee och finanziell onofhängeg war.

Den 21. Februar 1951 huet Stengefort der Cockerill de Verkafmonopol vu sämtleche chemesche Produiten zougestanen. Cockerill krut 7,5% vum Verkafspräis.

1951 war e gutt Joer. D'Präisser si stabil bliwwen an d'Qualitéit war esou gutt, datt déi Stengforter Produiten international geschätzt an unerkannt waren.

D'Joer duerno stung awer ënnert engem schlechte Stär: d'Amerikaner haten d'Präisser fir d'Phenolsprodukter staark reduzéiert. Zu Stengefort sinn d'Präisser sou drastesch gefall, datt se wäit ënnert de Produktiounskäschte luchen an d'Kapazitéit drastesch erofgeschrauft huet misse ginn. Well de Verkaa op dës Manéier kengesfalls d'Produktiounskäschten decke konnt, war d'finanziell Lag extrem schlecht.

Obwuel et 1953 besser ausgesinn huet, sutz der Fabrik dat virecht Joer nach an de Schanken a vu que datt d'Verkafspräisser zwar geklomm waren mee ëmmer nach ze niddreg luche fir Profit ze maachen, ass een och dëst Joer vun engem Verloscht ausgaang. Aus deem Grond ass d'industriell Produktiounskapazitéit op 600 Tonnen pro Mount ëmgebaut ginn.

1954 konnten 2.000 Tonnen méi wéi 1953 produzéiert ginn, mee d'Finanzlag war ëmmer nach negativ. Obwuel de Verloscht um Enn vum Joer ëm 1 Millioun reduzéiert konnt ginn, an d'Produktioun huet missen op 800-850 Tonnen pro Mount eropgeschrauft ginn, war et néideg, e Kredit vun 1 Milliounen opzehuelen. Dës Moossnahmen hunn et erlaabt, de Produktiounspräis op 0,70 Frang pro Kilogramm ze reduzéieren.

An der Verwaltungsrotssetzung vum 23. November 1955 war bekannt ginn, datt d'Gesellschaft den 31. Dezember 1954 e Verloscht vu bal der Halschent vum Gesellschaftskapital hat. Och 1955 war defizitär: de Verloscht war du méi grouss wéi d'Hallschent vum Geschäftskapital.

Et huet eppes misse passéieren, fir d'Fabrik ze retten. Et hätt missen eng obligatoresch Aberuffung vun enger aussergewéinlecher Generlaversammlung ageruff ginn fir eng Liquidéierung vun der Gesellschaft ze verhënneren. De President huet duerfir folgend Schrëtt proposéiert: D'Kapital huet vu 75 Milliounen missen op 25 Milliounen reduzéiert ginn. D'Zuel vun den Aktien ass vunn 150.000 op 50.000 reduzéiert ginn. All Aktien am Wert vu 500 Frang sinn op Aktien ouni bestëmmte Wert ëmfunktionéiert ginn. D'Propos war, datt 3 al Aktië géint eng nei ausgetosch si ginn. No der Kapitalerniddregung eng nei Erhéijung op 100 Milliounen an eng Envelopp mat 150.000 neien Aktien. Mat Wierkung op den 1. Januar 1956 sinn et dunn rëm 200.000 Aktien ginn.

Fir d'Scholden vu Stengefort an der Héicht vun 74.763.000 Frang géinteniwwer der Cockerill ze reduzéieren, krut dës Firma 149.526 nei Aktien. De President huet eng nei Kreditopnam vun weidere 50 Millioune virgeschloen. Och deë Kéier sollt d'Garantie vum Kredit vun der Cockerill iwwerholl ginn.

E grousse Problem waren d'Nieweprodukter vun der Produktioun. Besonneg d'Glaubersalz an och de Sulfate de soude hunn iergendwéis misse stockéiert ginn, well dëse Produit trotz ufänglecher Hoffnungen nët konnt verkaaft ginn. Et gouf en 1 Hektar grousse Weier ugeluecht. Et hat ee gehofft ,duerch Verdonsten an Kristallisatioun dëst schwiefelhaltegt knaschtegt Waasser lass ze ginn. Mee wéi ee gesinn huet, datt dat net géif funktionéieren, ass een op d'Iddi komm, en déift Lach an de Buedem ze gruewen, dat bis zum waasserduerchlässege lëtzebuerger Sandsteen géif goen fir d'Glaubersalz dohinner verschwannen ze loossen. Den 2. Mee 1957 ass e Budget vun 5 Milliounen fir dës Aktioun votéiert ginn.

[Änneren] Eng grouss Ëmweltkatastroph

Direkt nom Start vun der Phenolsproduktioun ass dem deemolegen Habschter Fierschter, dem Pir Weyland, gemellt ginn, datt vu ville Leit doudeg Fësch an der Äisch entdeckt gi waren.

Donieft blouf den uewe beschriwwene Problem vum Glaubersalz bestoen. Wärend een op d'Geneemegung gewaart huet, fir dës chemesch bedenklech Substanz ënnert dem Buedem verschwannen ze loossen, koum et zu der bis dato gréisster Ëmweltkatastroph zu Lëtzebuerg: De 7. August 1957 um 12h30 ass den Damm vum Glaubersalzweier op enger Längt vun 10 Meter gebrach an déi gëfteg Substanz ass op den Terrain vun der Fabrik gelaf an iwwer d'Zuchschinnen an d'Äisch gelaf. Et sinn 10.000 Kubikmeter ausgelaf. Obwuel nach e groussen Deel am futtisen Basseng zréckbliwwen ass, ass déi ausgelafe Quantitéit duergaang, fir op ville Kilometer sämtléch Planzen an Déieren an an ëm d'Äisch auszeläschen. Experten hunn als Ursaach gesinn, datt de Bau vum Damm onvollkomme gewiescht wir.

An engem ministerielle Beschloss ass d'Sociétéit vun den "Hauts Fourneaux et Aciéries de Steinfort" den 21. August 1957 opgefuerdert ginn, en neie Weier ze bauen. Dëse sollt wéinst den neien Normen, déi d'Regierung virgeschriwwen hat, fir eng weider Katastroph vun deer Zort ze verhënneren, ronn 6 Millioune kaschten. Et war ee sech awer och bewosst, datt en neie Baseng déi ganz Problematik net géif léisen. Et ass un der Iddi vun engem déiwe Gruef fir dës Substanz verschwannen ze loossen, festgehal ginn. Aus deem Grond hu sech d'Verantwortlech vu verschiddene Verwaltungen an d'Häre Würth a Logelin vun der Phenolsfabrik de 17. August 1957 mam Justizminister Bodson getraff. De Minister huet bekannt ginn, datt hien nëmmen dann dem Wonsch vun der Fabrik kéint nokommen, wann d'Entscheedung an der Unanimitéit geholl géif ginn.

Et ass festgehal ginn, datt sech déi chemesch Fabrik an engem precairë finanziellen Zoustand befënnt. Fir ordnungsgeméiss de Sulfate de soude lasszeginn, missten héich finanziell Käschten opgeholl ginn. Et gouf notéiert, datt eng ëmweltgerecht Verwäertung duerchaus méiglech wier, awer vun der Fabrik net an Erwägung gezun kéint ginn, well d'Käschten dofir ze héich wiren. D'Responsabel vun der Fabrik hunn zouginn, datt, wa si net d'Erlaabnis kriten, fir de gëftege Produit am Buedem verschwannen ze loossen, si sech gezwongen geséichen, d'Fabrik ganz zou ze maachen. Et huet sech awer och erausgestallt, datt kee vun deene presente Persounen déi Iddi vun den Afleedunge vum Glaubersalz an de Sandsteen gutt fonnt huet. Obwuel de Michel Lucius der Meenung ass, datt een d'Grondwaasserschicht (mam Drénkwaasser) sou kéint duerchbueren, datt d'Drénkwaasser net verschmotzt kéint ginn, waren d'Responsabel vum Gesondheetsministère der Meenung, datt deen eenzege Wee d'biochemesch Opbereedung wier, fir dann d'Reschtwaasser an d'Äisch fléissen ze lossen. Dëst Waasser wier awer net ganz propper, mee et misst een eben dann d'Zesummesetzung an d'Quantitéit kontrolléieren.

D'Resultat vun de Verhandlungen war, datt ee léiwer d'Verschmotzung an d'Stierwen vun engem klenge Floss, ewéi de Riskio vun der Verschmotzung vum Drénkwaasser a Kaf huele wollt.

Als Léisung gouf vun de Politiker imposéiert, datt zu Stengefort obligatoresch en zweete Basseng gebaut huet musse ginn an datt eng Kommissioun ënnert der Presidence vum Direkter vum Staatslaboratoire mat Représentanten vu verschiddene Verwaltungen, wéi der Administration des Travaux Publics an der Santé Publique an och vun Delegéierten vun den "Hauts Fourneaux et Aciéries de Steinfort". Dës Kommissioun sollt studéieren, wéi ee mat minimalen Ëmweltschied kéinnt dat chemesch verschafftent Glaubersalz an d'Äisch afloossen.

[Änneren] Konsequenzen

De 26. Oktober 1957 ass decidéiert ginn, den neie Weier, dee vun der Regierung gefuerdert gi war, ze bauen. Aus wirtschaftleche Grënn huet de Bau 2,5 Milliounen net dierften iwwerschreiden. Vu que datt d'Fabrik jo hiert Glaubersalz léiwer wollt an de Buedem lafe loossen, huet ee sech mam opgezwongene Bau Zäit gelooss. Spéitstens am Ufank vun 1958 sollt d'Expertenkommissioun dem Wierk eng Léisung fir de Glaubersalzproblem virleeën an esou wollt ee méiglechst d'Zäit bis dohinner iwwerbrécken an der Hoffnung, datt dës Kommissioun eng méi präiswert Léisung wéi de Bau vum Basseng géif proposéieren.

D'Ernüchterung fir déi wéineg ëmweltinteresséiert Fabrikbedreiwer koum den 9. Januar 1958. Fir de Sulfate de Soude ofzebauen, sollten Ëmbauten am Wäert vun 18 Milliounen zwengend noutwendeg sinn. D'Bedreiwer hu weider Diskussiounen gefuerdert an dunn offegeluecht, datt ët sou déiwgräifend finanziell Problemer géif ginn, datt de Problem vum Glaubersalz deem géintiwwer nach niewesächlech wier.

Den Ofschlossbericht vum 8. Mee 1958 huet gewisen, datt d'Joer 1957 mat 10.041 Tonnen deen héchste Produktiounssaz zanter der Fabrikgrënnung hat. D'Präisser ware stabil an déi ganz Produktioun konnt verkaaft ginn. Leider war trotzdem e Verloscht vun 2.892.6769 Frang do. Et ass gefaart ginn, datt trotz zefriddenstellende Betriibsresultater de Fabrikbetriib bis zum Enn vum Joer misst agestallt ginn.

D'Generalversammlung huet den 31. Mee 1958 der Opléisung vum "Comité de Direction" zougestemmt. Den Här Wurth sollt dunn d'Regierung a Kenntnis setzen, datt de Verwaltungsrot den 25. Juli 1958 eestëmmeg decidéiert hat, d'chemesch Produktioun zum 31. Dezember 1958 anzestellen.

Obwuel nach 2 Méint doriwwer verhandelt gouf, ass dës Decisioun den 2. Oktober 1958 bestätegt ginn. Den 31. Juli 1958 haten déi 120 Beschäftegt hir Kënnegung an der Boîte. Bis zum 31. Januar 1959 ass hinnen d'Weiderbezuelen vun der Pai garantéiert ginn.

[Änneren] Rettungsversich

Vun der Decisioun, d'Fabrik definitiv zou ze maachen, war d'Stengeforter Gemengt déif betraff. Sonndes den 3. August 1958 ass eng Drénglechkeetssitzung vum Gemengerot aberuff ginn. D'Resultat war e Protestschreiwen un den Staatsminister Pierre Frieden. D'Gemeng huet ëm Hellef gefrot an den 23. November 1958 war eng Protestversammlung vun den Aarbechter vun der Fabrik an den Awunner vu Stengefort.

De Pierre Frieden huet d'Saach ganz serieux geholl an ugekënnegt, wann d'Situatioun et giff erfuerderen, se dem Parlement firzestellen. D'Regierung huet alles probéiert, fir d'Cockerill ze motivéieren, d'Fabrik net zou ze maachen, mee ouni Erfolleg. Zudem huet se probéiert, eng aner Gesellschaft ze fannen, déi bereet wier, an déi Stengeforter Fabrik ze investéieren an d'Wierk ze iwwerhuelen. Et hätten seriéis Interessenten hiren Intérêt gewissen, huet et geheescht.

D'Regierung huet der Cockerill dunn de Kaf vun hiren Aktien ugebuede fir Stengefort ze retten. D'Regierung wier bereet, se engersäist selwer ze kafen oder fir de Verkaf un eng Drëttpersoun ze suergen. D'Cockerill huet den 28. November 1958 proposéiert, seng 199.811,3 Aktien ze verkafen an dem Staat erlaabt, dës bis zum 1. Abrëll 1959 weider ze verkafen. De Pierre Frieden huet decidéiert, datt eng ëffentlech Debatt der Saach nëmme kéint schueden an de Stengeforter Buergermeeschter ugewissen, seng Interpellatioun bis zum Verhandlungsschluss zereckzestellen.

Eng ganz wichteg Konferenz huet den 28. Januar 1959 stattfonnt. D'Regierungsmemberen hu mat der Cockerill iwwert de Stellewert vum Wierk verhandelt. D'Cockerill huet d'Kapital vum 31. Dezember 1958 op 183.350.000 chiffréiert mat Scholden an der Héicht vun 107 Milliounen. No der Sustraktioun vun der Scholden wieren nach 76 Millioun iwwereg gewiercht. Dëst huet der Regierung als vill ze héich gegraff erschéngt an sou gouf no zéie Verhandelungen d'Cockerill no an huet de Wäert op 158 Milliounen reduzéiert. Et ass also e Rescht vun 51 Milliounen iwwreg bliwwen, wéi d'Scholde bis ofgezu waren. Dëse Betrag ass an 200.000 Aktien duergestallt ginn déi op 255 Frang d'Steck fixéiert gi sinn.

Dat sou festgeluechtent Kapital vun 158 Milliounen huet sech folgendermoossen zesummegestallt:

  • Konzessioun vun de Minen: 78 Milliounen
  • Haiser, Gebaier an hir Terrainen: 14 Milliounen
  • Maschinnen a Schaffgeschir: 17 an eng Hallef Milliounen
  • Ersatzdeeler: 2 Milliounen
  • Réimaterial fir d'Phenolproduktioun: 9.250.000 Frang
  • Färdegproduiten (Phenol a Sulfiter): 17.250.000 Frang
  • Eisenäerz: 1.070.000 Frang
  • Wertpabeieren: 200.000 Frang
  • Finanzbäidreeg: 16.230.000 Frang
  • Krichsschief: 2 an eng Hallef Milliounen

Nodeems d'Cockerill mam Aktienverkaf d'accord war, huet de Wirtschaftsminister der Gemeng Stengefort proposéiert, op hiert Virkafsrecht ze verzichten an der Gemeng de Kaf vun den Aktien proposéiert. D'Gemeng hat wéineg Zäit fir eng Decisioun ze huelen, well d'Frist den 1. Abrëll 1959 ofgelaf ass an esou d'Stengeforter bis zum 28. Abrëll 1959 um 10h der Regierung hir Decisioun matdeelen hu mussen.

De 27. Mäerz 1959 huet um 8h eng Dringlechkeetssetzung vum Stengeforter Gemengerot stattfond. Well keng Decisioun fonnt konnt ginn, ass de Staatsminister ëm Hëllef gefrot ginn. De Finanzminister Pierre Werner huet den Distriktskommissär Würth, de "Commissaire au Contrôle des Banques", de René Franck an de Generalsekretär vum Wirtschaftsministär Schummer opgefuerdert, am Nomëtten un der Sëtzung vum Gemengerot deelzehuelen. Et gouf der Gemeng matgedeelt, datt et de Wonsch vum Staatsminister wier, datt d'Gemeng Stengefort méiglechst ouni finanziell Belaaschtung aus der Affair giff goen. Wann d'Gemeng d'Aktien giff kafen, kéim si an de Besëtz vun allen Immobilien an de Staat giff sech ëm d'Paien vun den Aarbechter bis zum 31. Mee 1959 këmmeren. Dat Geld, dat sech aus der Transaktioun giff erginn (24 Milliounen) giff vun der Spuerkeess verwalt ginn, a wier als Subventiounen virgesinn fir Industren, déi sech méi spéit zu Stengefort giffen nidderloossen. Dem Gemengerot ass proposéiert ginn, den Handel anzegoen. De Gemengerot huet de Projet ouni Géigestëmme votéiert.

De Pierre Werner huet dem Stengeforter Gemengerot de 6. Abrëll 1959 matgedeelt, datt hien d'Optioun, déi Cockerill dem Staat ginn hat, den 28. Mäerz opgehuewen hat an datt Stengefort elo den Haaptaktionnär vun den "Hauts Fourneaux et Aciéries de Steinfort" war.

Mee Cockerill hat un den Aktienverkaf Konditioune gesat: Mat der Wiel vum neie Verwaltungsrot ass deen ale Verwaltungsrot voll ze entlaaschten. Zudem muss d'Regierung déi 2 Prêten vu 50 Milliounen vun der Cockerill iwwerhuelen an drëttens muss d'Regierung der Cockerill d'Minekonzessiounen vun der fréierer aler Schmelz iwwerloossen an den Exportverbuet an d'Ausland ophiewen.

D'Stengeforter Gemeng war elo Besetzer vun 58 Wunnhaiser mat 76 Wunnünitéiten an Indusrtiegebaier mat Terrain, Bëscher a Land vun 63,1647 Hektar. D'Gemeng hat dann awer eng Schold vun 199.810,33 Aktien à 255 Frang, also 50.951.634 Frang.

Fir der Gemeng ze hëllefen, huet de Staat dunn d'Minekonzessioune vun der Stengeforter Schmelz verkaaft. Den "Ingénieur-directeur du Service du Travail des Mines" François Huberty sollt de Wäert vun de Minen schätzen. "Schlossbuch", "Heintzenberg" a "Katzenberg" sinn op 4.300.000 Tonnen geschat ginn. Cockerill hat akzeptéiert a 5 Frang pro Tonn bezuelt, wat dunn 21,5 Milliounen abruecht huet. Den Exportverbuet gouf den 31. Mee 1960 opgehuewen.

De Verkaf vun de Konzessiounen "Eichels", "Ferme Vesque" an "Heedefeldchen" ass den 20. Mäerz 1959 mam Staatsminister Pierre Werner, dem Wirtschaftsminister Paul Elvinger a mat den Direktere vun der ARBED, Hadir an MMR am Staatsministär diskutéiert ginn. Et sinn 20.700.000 Tonnen Äerz do geschat ginn, zu engem Verkafspräis vun 103.300.000 Frang. De Verkaf vun de Minen huet soumatt 124.800.000 Frang erabruecht. Dës Somme huet de Staat der Stengeforter Gemeng iwwerlooss. Géindeniwwer dem Minewert vun 78 Milliounen an der Geschäftsbilanz war dat e Gewënn vu 46.800.000 Frang. Laut dem Steiergesetz hätt de Staat e Recht op 40% vum Gewënn gehat. Op Propositioun vum Pierre Werner huet de Staat allerdings dorobber verzicht. Zudem huet de Staat der Gemeng seng lescht 49 Aktien gratis iwwerlooss.

Duerch dës Hëllef vum Staat kount d'Gemeng hir Scholde meeschter ginn.

E wichtege Moment war de 14. Abrëll 1959. E Bréif vun der Cockerill huet matgedeelt, datt d'Membere vum bis dohin amtéierende Verwaltungsrot opgefuerdert gi sinn, bis zum 30. Abrëll 1959 ze kënnegen. Genau op diem Datum gouf den neien Verwaltungsrot bestëmmt. D'Memberen waren:

  • de Stengeforter Buergermeeschter Dominique Steichen
  • de Klengbettener Scheffen Edouard Wagner
  • de Staadter Affekot Emile Lemmer
  • de Sous-Direkter vun der Spuerkees Gustave Stoltz
  • de Stater Affekot Bernard Delvaux

Dëse Rot huet den 8. Juni 1959 op enger aussergewéinlecher Generalversammlung decidéiert, d' "S.A. Hauts Fourneaux et Aciéries de Steinfort" definitiv opzeléisen. Déi ganz Prozeduer huet méi laang gedauert an ass de 25. Juni 1962 an der Notärsetude vum Notär Manternach op der Cap definitiv ofgeschloss ginn.

Domat ass d'Geschicht vun der eigentlecher Stengeforter Schmelz definitiv ad Acta geluecht ginn.

D'Geschicht vun der Phenolsproduktioun um eigentleche Site war awer nach net färdeg, d'Sich vum Staat no enger neier Gesellschaft, déi d'Fabrik iwwerhuele sollt, hat Konsequenzen.

[Änneren] 2. Versuch vun enger Phenolsfabrik

Am Joer 1959 huet eng däitsch Gesellschaft mam Numm "Chemisches Werk Lowi Waldkraiburg Oberbayern" Informatiounen zur roueggeluechter Fabrik zu Stengefort gefrot. Dës Firma huet an der Fachzeitung "Chemical Age" vun der Faillite gelies.
De Bréifkontakt war intensv, "Lowi" huet Interet gewiss an den 5. Mee 1959 war suguer e Vertrieder zu Stengefort fir sech d'Fabrik mat eejenen Aan unzekucken.

Den 27. Juni 1959 hat de Stengeforter Gemengeroot eng Drenglechkeetssetzung, wou d'Iwwergaw vun de Stengeforter Anlagen un d'Lowi gestëmmt gouf.

Den 1. Juli 1959 ass d'Produktioun erëm ugelaf, wann och mat reduzéierte Kapazitéiten. De Problem vum Glaubersalz sollt duerch e speziellt Verfueren emweltschounend ze entsuergen. Och déi 120.000 Tonnen, déi déi al Fabrik dem neie Bedreiwer verierft hat, sollten verschafft ginn. Leider huet d'Realitéit manner roseg ausgesinn.

Schonn no kuerzer Zäit huet een erkannt, datt déi ganz Verspriechen just op Spekulatioune baséiert waren. Den 11. Juli 1959 war beim Notär Manternach op der Cap e Kontrakt ennerschriww, an diem Lowi fir 1.750.000 Frang d'Fabrik kafe sollt. 145.000 Metercarré Terrain em d'Fabrik sollte vun der Gemeng und d'Lowi verpacht ginn. D'Lowi war vun aller Verantwortung fir dat alt Glaubersalz fräigestallt.

Den neien Numm vun der Fabrik war "Chemische Werke Lowi GmbH - Phenolwerk Steinfort" mat Sëtz zu Stengefort an engem Kapital vun 3 Milliounen déi a 600 Undeeler zu 5.000 Frang opgedeelt waren. De Virstand ass vum Mathias Thoma mat 300 Undeeler assüréiert ginn. De Rescht gouf sech zu je der Hallschent vun den Häre Robert Muntefer an Wilhelm Lafontaine vu Frankfurt um Main gedeelt. De Geschäftsvirstand ass dunn op 7 Persounen ausgebaut ginn, wu och Lëtzebuerger Udeeler haten. D'G.m.b.H ass dunn an eng AG ëmgewandelt ginn. Existenzdauer gouf op 30 Joer fixéiert an di 3 Millioune Kapital sinn an 600 Aktien zu je 5.000 rang opgedeelt ginn.

De Robert Carmes war de President vum Verwaltungsrot an him zur Säit stungen den Emile Frank an de Joseph Nblot. Den technesche Beroder war de Mathias Thoma während den J.P. Bouché zum Kommissär benannt gouf.

[Änneren] Definitiven Schluss vun der Phenolsindustrie zu Stengefort

Schonn den 13. Juli 1961 ass dësen Administratiounsrot erneiert ginn. Vize-President gëtt den Alexander Albert vu Wiesbaden an den Dr. Arthur Greth gëtt zum Delegéierten vum Rod ernannt. De Genfer Joseph Noblot an de Wiesbadener August Wagner sinn och Membere vun dësem Gremium.
An engem Bréif un de Stengeforter Buergermeeschter vum 27. Mee 1964 gouf matgedeelt, datt sech d'Phensproduktioun giff verschlechteren a si verlaangen, datt aner Investeren oder suguer d'Gemeng hinnen finanziell misst entgéint kommen, well am anere Fall d'Fabrik sécher misst zougemeet ginn.
Den 30. Juni 1964 gouf d'Astellung vun der ganzer Produktioun zu Stengefort bekannt.
D'Gesellschaft ass definitiv den 23. Abrëll 1969 opgeléisst ginn. De Robert Calmes sollt sech em d'Faillite këmeren an den 23. März 1971 war déi ganz Liquidatioun ofgeschloss.

Leider louchen nom Enn vun der Produktioun nach ëmmer 120.000 Tonnen Glaubersalz zu Stengefort. D'Lowi hat dës Ressource ni ugepaakt.

Während der ganzer Zäit ware scho Verhandlunge mat enger grousser Pneue-Mark opgeholl ginn, di zu Stengefort eng Fabrik um Areal, dee Schwaarzenhaff genannt gëtt, namgaang. Aus dësem Grond huet de Staat der Gemeng intensiv nogeluecht, d'Industrie-Frichen vun der aler Stengeforter Schmelz séier ewech ze huelen an de ganzen industrielle Site dem Buedem gläich ze maachen.

E wichtegen Datum war den 13. Mee 1965, wu vu Säiten vum Gemengerot genehmegt ginn ass, datt di franséisch Firma A. Cominassi dat ganzt Glaubersalz aftransportéiert. Dat ganzt Tëscheprodukt war an engem provisoresche Weier an enger Stengkoll mam Numm "Enner der Berk". De Staat huet di 8 Milliounen, di de ganzen Transport kascht huet, iwwerholl. D'Firma hat 18 Méint Zäit fir de ganzen Weiher afzebauen. D'Firma huet sech misse verpflichten, d'Glaubersalz ouni Tëschestatioun zu Lëtzebuerg direkt an d'Ausland ze féieren. Zudem huet d'Gemeng eng Genehmegung vum Zielland gefrot fir sécher ze goen, datt se dëse chemesche Produit secher aus dem Land kréichen. Trotz anere Wënsch war d'Tëschelager zu Sterpenech, direkt op der Grenz zu Lëtzebuerg.

Den 23. Februar 1966 hunn déi belsch Autoritéiten vun der belscher "Inspection d'Hygiène du Gouvernement pour la Province de Luxembourg", datt schonn deemols op dësem Gebidd d'Grondwaasser verknascht wier. D'Oplaach vun de Lëtzebuerger, datt dëse geftege Produit, dien zu Lëtzebuerg produzéiert ginn ass, op kee Fall innerhalb vun de Grenzen vum Land dierft tëschegelagert ginn, ass staark hannerfrot an diskutéiert ginn. De Lëtzebuerger Staatslaboratoir huet de belschen Autoritéiten dunn di genee chemesch Formel vum fraglechen Produit matgedeelt souwi di eenzel Schrëtt vun der ehemoleger Phenolsproduktioun an huet verséchert, datt Sterpenech keen Endlager wier mee als Basis giff dingen, fir dëse Produit un industriell Betriber ze verkafen.

De Josy Barthel, senges Zeechens "Commissaire à la Protection des Eaux" huet de Stengeforter Schmelzensite den 9. November 1966 besicht an reportéiert, datt d'Afbauaarbechten zouverlässeg duerchgefouert gi wieren an d'Firma sech un de Kontrakt gehalen hätt.
Den 5. Dezember 1966 sinn di nom Accompte vun 2 Milliounen iwwreg bliwwen 6 Milliounen un di franséisch Firma iwwerwisse ginn. Kuerz duerno, den 9. Dezember 1966 koum en anert Schreiwen vum Josy Bathel, wu hien d'Gemeng drop opmierksam gemeet huet, datt d'Aarbechte vun der franséischer Firma awer divers Feeler opzeweisen hätten: d'Sterpenecher Tëschelager wier vill ze no un der Lëtzebuerg Grenz, sou datt och Gefoor fir dat lëtzebuerger Drénkwaasser giff bestoen. Hien huet proposéiert, just 3 Milliounen ze iwwerweisen. Et kann een unhuelen, datt dës Warnung schonn ze spéit koum.

De Stengeforter Lokalhistoriker Albert Lambert huet ausgesoot, datt hie sech erënnere kéint, datt nach laang duerno eng erschreckend Quantitéit Glaubersalz zu Sterpenech louch.
D'Phenolwier selwer ass fir d'Verschrottung fir 5 Milliounen den 14. November 1964 un di Déifferdenger Firma "Konsortium Jean Think" an di franséich Entrepriis E.I.P.T. vun Nivelange verkaaft. Nach vill Joren duerno hu vill krank Beem an der ganzer Emgéijend un d'Emweltverschmotzung vum Phenolswierk erënnert. Eréischt 1966 sinn di al Schlakentippen vun der Schmelz afgebaut ginn.

D'Skepsis iwwer d'Installatioun vun der neier industrieller Firma zu Stengefort ware grouss, mee och nach haut steet dës Firma um Site "Schwaarzenhaff" a bitt do eng ganz Rei Aarbechtsplazen.

[Änneren] Embau an de Centre Culturel

Nodiems d'Industriefrichen vun der ehemoleger Schmelz brooch luchen an ëmmer méi Veräiner zu Stengefort Räim gesicht hunn, fir hir Evenementer ënnerzebréngen, gouf decidéiert, d'Haaptgebaier zu engem Centre Culturel ëmzebauen. Dëse Sall sollt am éischten Stack vun der aler Hal sinn. No engem Agaangsberäich, vun e puer al industriell Maschinen, di detailléiert renovéiert goufen, dekoréiert, féiert eng Trap op den éischte Stack no engem Garderobeberäich an den Toiletten eng Buvette ze fannen ass, wu och Versammlungen stattfanne kënnen. E Stack méi héich ass e Sall mat Bühn, wou d'Publikumsfläch hannen zu Gradinen erhéicht ass. Hei ass e Regieraum, dien e genauen Toun- a Luuchtmanagement erlaabt. Duerch Vergréisserungsméijelechkeeten vun der Bühn gëtt dëse Sall dacks fir Theater Evenementer genotzt. Och Opféierunge vum Stengeforter Theaterfestival fannen hei statt. Nieft dëser Benotzung fannen do och Konferenzen, kleng Konzerten (Kammermusik a Schülerauditiounen) souwéi Hobbymärt statt. Eng Rei erhalen industriell Gebeier hannert dem Centre Culturel op der anerer Säit vun der Äisch, déi parallel vu dësem ëffentleche Gebei fléist, huet e Sanitärinstallateur d'Zentral vu sengem Betrieb.

De Site Al Schmelz huet e grousse Parking, dien Ausgangspunkt fir divers Sportsaktivitéiten am ugrenzenden Bësch ass. Hei sinn Méijelechkeeten fir Noridc Walking, Mountainbike Ausflich, Jogging a Spazéiere goen. Op dëser Plaz fënnt een zudem verschidden Pubells-Containeren fir privat Mülltrennung duerchzeféieren. Manner bekannt ass, datt ënnert dem Theatersall e grousst Lager fir d'Maschinnen fir d'Gemengenaarbechter ass. Hei stinn nieft dem Unimog verschidde Geräter, déi an der ganzer Gemeng agesat ginn.


aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -