25. Juli
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De 25. Juli ass den 206. Dag (207. am Schaltjoer) vum Joer am Gregorianesche Kalenner.
Jun – Juli – Aug | ||||||
1 | 2 | 3 | 4 | 5 | 6 | 7 |
8 | 9 | 10 | 11 | 12 | 13 | 14 |
15 | 16 | 17 | 18 | 19 | 20 | 21 |
22 | 23 | 24 | 25 | 26 | 27 | 28 |
29 | 30 | 31 |
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Evenementer
- 1593: Abjuratioun vum Henri IV. vu Frankräich deen elo Katholik ass an de protestantesche Kult opgëtt.
- 1830: Frankräich: Ordonnance vu Saint-Cloud: Opléisung vun de Chamberen an Ofschafung vun der Pressefräiheet.
- 1921 Ënnerschrëft vun der Convetioun iwwert d'Union économique belgo-luxembourgeoise (UEBL).
- 2000: Eng Concorde fält bei Paräis erof, all 109 Leit déi dra waren, a 4 um Buedem, kommen em d'Liewen.
- 2002: Den Abdul Kalam gëtt Staatspresident an Indien.
[Änneren] Gebuer
- 1575: Christoph Scheiner, däitschen Astronom.
- 1798: Albert Knapp, däitschen Dichter a Grënner vum éischten Déiereschutzveräin an Däitschland.
- 1824: Peter (oder Pierre) Brandebourg(er), lëtzbuergesche Moler.
- 1898: Pierre Bertogne, lëtzebuergeschen Drogist, Fotograf an Hobbyfilmer.
- 1905: Elias Canetti, däitschsproochege Schrëftsteller a Nobelpräisdréier.
- 1947: Lucien Clement, lëtzebuergesche Politiker.
- 1969: Barbara Wagner, lëtzebuergesch Molerin.
- 1979: Nora Koenig, lëtzebuergesch Schauspillerin.
[Änneren] Gestuerwen
- 1834: Samuel Taylor Coleridge, engleschen Dichter a Philosoph.
- 1969: Otto Dix, däitsche Moler.
- 1984: Big Mama Thornton, US-amerikanesch Sängerin.
- 1986: Vincente Minnelli, US-amerikanesche Regisseur.
- 1990: Jean Fourastié, franséischen Economist.
- 2003: John Schlesinger, US-amerikanesche Regisseur.
[Änneren] Feierdeeg
Januar | Februar | Mäerz | Abrëll | Mee | Juni | Juli | August | September | Oktober | November | Dezember |