Michail Sergejewitsch Gorbatschow
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Michail Sergejewitsch Gorbatschow gouf den 2. Mäerz 1931 zu Privolnoje am Kaukasus gebuer. Hie gëtt 1960 e permanente Member vun der kommunistescher Partei vun der Sowjetunioun. Wéi hien dunn 1970 zum éischte Sekretär vun der Régioun vu Stavropol ernannt gëtt, kënnt en an den Zentralcomité, spéider dann, 1979, kënnt en och an de politesche Büro. Den 11. Mäerz gëtt hien zum Generalsekretär vun der Sowjetunioun gewielt. Dees hie säi Posten untrëtt, féiert hien eng reformistesch Politik an, déi Perestroika genannt gëtt.
1990 gëtt hien zum President vun der Sowjetunioun gewielt. No engem géint hee geriichte Putschversuch am August 1991, deen zwar mëssgléckt ass, kënnt de Michail Gorbatschow duerch d'Ëmstänn trotzdeem net laanscht seng Demissioun, wat zum Zerfall vun der Sowjetunioun féiert.
[Änneren] Kuckt och