See also ebooksgratis.com: no banners, no cookies, totally FREE.

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Jyllands-Posten - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Jyllands-Posten

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Jyllands-Posten (kuerz JP) ass déi dänesch Dageszeitung mat der gréisster Oplo (ronn 150.000 Stéck ënnert der Woch). Si gëllt als rietsliberal.

Gegrënnt gouf Jyllands-Posten den 2. Oktober 1871. Hire Sëtz huet se zu Viby J, engem Faubourg vun Aarhus. 2003 koum et zu enger grousser Verlagsfusioun an Dänemark, sou datt JP zënter der JP/Politikens Hus A/S ënnersteet, mee als redaktionell eegestänneg Zeitung weiderfunktionnéiert. Editeur ass de Carsten Juste.

[Änneren] Rezent Kontrovers

Kuckt heizou och: Mohammed-Karikature vu Jyllands-Posten.

Jyllands-Posten vum 30/09/05
Jyllands-Posten vum 30/09/05

Nodeems datt den dänesche Jugendbuchautor Kore Bluitgen sech beklot hat, datt keen Zeechner wéilt säin neitstent Kannerbuch iwwert d'Liewe vum islamesche Prophéit Mohammed illustréiren, aus Angscht se kéinte grad esou vun islamesche Fanatiker ëmbruecht gi wéi den hollännesche Filmmécher Theo van Gogh, huet Jyllands-Posten dee Fall opgegraff. D'Zeitung huet bei der Vereenegung vun den däneschen Zeitungskarikaturisten nogefrot, op da wierklech kee vun hire Memberen de Mohammed zeechne wéilt.

Eraus koumen zwielef satiresch Zeechnungen zum Thema, déi Jyllands-Posten den 30. September 2005 verëffentlecht huet fir domadder oppen d'Selbstzensur vun de Medien unzeprangeren. D'Äntwert vun de Muselmanen, deer hir Relioun Biller vu Mënsche verbitt, huet net laang op sech waarde gelooss, éischt Muerddreeunge si bäim Blat agaangen, 3000 Mohammedaner sinn an Dänemark op d'Strooss gaangen, am Kaschmir gouf gestreikt, Protesterklärunge koume vum tierkesche Premier Erdogan, vun der Organisatioun vun der Islamescher Konferenz a vun der Arabescher Liga, Lybien a Saudi-Arabien hunn hir Ambassadeuren zréckgeruff. Jyllands-Posten berifft sech an enger Stellungnam op d'europäesch Gesetzgebung, déi Gottseidank d'Press- a Meenungsfräiheet garantéiert, a gesteet am Numm vun deene Fräiheeten dem islamesche Fundamentalismus net d'Recht zou, den däneschen Zeitungen ze diktéiere wat se nach drécken däerfen a wat net.

Wéi eng norwegesch Zeitung déiselwecht satiresch Zeechnungen am Januar 2006 nogedréckt huet, hunn eng Abberzuel vun islamesche Staaten den Totalboykott vun däneschen an norwegesche Produkter duerchgesat an d'Situatioun an der arabescher Welt ass komplett eskaléiert wéi déi palästinensesch Al-Aksa-Brigaden den EU-Büro an der Gaza-Sträif mat Handgranaten a Panzerfäischt gestiermt hunn. D'EU dreet mëttlerweil Saudi-Arabien mat Sanktiounen, sollt och hir Regierung de Boykott ënnerstëtzen. Fir all déi aner Staaten (dorënner d'Wahlgewënner Hamas a Palestina) goufen awer nach keng Sanktiounen an Aussiicht gestallt.


[Änneren] Um Spaweck


aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -