See also ebooksgratis.com: no banners, no cookies, totally FREE.

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Eisebunnsstreck Péiteng - Fond-de-Gras - Doihl - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Eisebunnsstreck Péiteng - Fond-de-Gras - Doihl

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

D'Streck Péiteng - Fond-de-Gras - Doihl ass gebaut ginn fir d'Minette, déi hei ofgebaut gouf, an d'Héichuewen ze transportéieren. Et war also eng reng Marchandise-Streck. Sie ass 1-gleisig an a Normalspur (1.435 mm) gebaut ginn.

D'Streck gouf a gëtt haut nach "Misärsbunn" genannt: Duerch déi schwéier Chargen an dee liichten Ënnerbau hun d'Gleiser nët duergehaal an et koum dacks zou Entgleisungen an Akzidenter.

Train 1900, Lok Arbed 5
Train 1900, Lok Arbed 5

Inhaltsverzeechnis

[Änneren] Geschicht

  • 1869: D'Société Luxembourgeoise des chemins de fer et minières Prince Henri ("PH" oder "Prënz") gëtt vum Lëtzebuerger Staat chargéiert vir an déier neier Industrieregioun am Süde vum Land Eisebunnsstrecken ze bauen. Sie huet, vir dës Projeten finanzéieren ze kënnen, 417 ha Konzessiounen fir Minette ofzebauen zougesprach kritt. Als Contre-partie sollten 162 Km Eisebunnsstrecken gebaut ginn. Eng dovun war d'Streck "Péiteng - Fond-de-Gras - Doihl". De "Prënz" war allerdéngs net autoriséiert fir selwer seng Konzessiounen z'exploitéieren, hat awer de Monopol fir den Transport. Verschidde belsch, franséisch an, awer och, lëtzebuergesch Gesellschaften hunn den Ofbau bedriwwen an d'Minette mat der Eisebunn an hir Héichuewen transportéiert.
  • 1873 ass d'Sektioun Péiteng - Fond-de-Gras a Betrib geholl ginn a
  • 1879 d'Sektioun Fond-de-Gras - Doihl - Bois châtier.
  • 1938: D'Streck gëtt moderniséiert: D'Schinne ginn mat Tirefondën un d'Schwellen ugeschrauft. Am selwechte Joer gëtt de Betrib tëschend dem Doihl an dem Bois châtier agestallt.
  • 1940 - 1944: D'Deutsche Reichsbahn iwwerhëlt d'Gestioun.
  • 1944: Nom Enn vun der däitscher Besatzung huet de Lëtzebuerger Staat provisoresch e Comité de gérance an e Comité de Direction agesat fir d'Eisebunn ze bedreiwen.
  • 1946: Déi nei gegrënte Société Nationale des Chemins de Fer Luxembourgeois (CFL) iwwerhëlt d'Gestioun.
  • 1962 ass de Betrib agestallt ginn wëll d'MMR ("Minière et Métallurgique de Rodange"), deemools déi eenzeg Firma déi d'Minière nach exploitéiert huet) hir Minette iwwer hir eege Minièresbunn a mat hirer Seelebunn an d'Rodanger Schmelz gefouert huet.
  • 1964 am Fréijoer: Um Km 2,500 rutschen 30.000 m³ Steng, Leem a Buedem, op der Héicht vum Fuussbësch, de Bierg erof a begruewen d'Gleis. Domat war et dunn Schluss mam Schinneverkéier op enger Streck, déi net onweesentlech zum Räichtem vun eisem Land bäigedroen huet.
  • 1970 huet d'AMTF (Association des Musée et Tourisme Ferroviaires) sech konstituéiert mam Zil, d'Streck erëm zu touristischen Zwecker a Betrib ze huelen. Fir t'éischt ass den Tronçon Fond-de-Gras - Doihl an d'Rei gesaat gin, fir en Zougank zu der Strooss ze kréien. Duerno gouf d'Streck Fond-de-Gras - Fuussbësch an Ugrëff geholl.
  • 1973, den 4. August, war et souwäit: Den "Train 1900" huet de Betrib opgeholl.
  • 1981, den 1. Dezember, ass déi lescht Minière vu Lëtzebuerg, den "Tillebierg" zu Déifferdeng, zougemeet ginn.
  • 1986: Bis elo huet den Terrain vun der Streck a vun der Gare Lamadelaine nach ëmmer den CFL gehéiert. Den deemolegen Kulturminister Robert Krieps léist e Projet ausschaffen fir am Fond-de-Gras en Industriepark anzeriichten.
  • 1987: D'Decisioun, fir den Erdrutsch am Fuussbësch ewechzebaggeren, fält.
  • 1989, 9. Mee: Den Tronçon Fuussbësch - Péiteng kann erëm befuer ginn. Awer nach nët bis an d'Péitenger Gare: An der Tëschenzäit waren hei d'Gleiser erausgerappt ginn fir nei Industriehalen opzeriichten.
  • Terrainën hu missen opkaaft ginn, fir e neit Gleis laanscht dës Halen ze leeën.
  • An der Gare Péiteng ass e neie Quai an 2 nei Gleiser (+ Waasserkran) fir den "Train 1900" ugeluet gin an endlech war déi ganz Streck erëm pratikabel.

[Änneren] Beschreiwung vun der Streck

Si huet deemools aus zwou Sektioune bestanen:

[Änneren] Sektioun Péiteng - Lamadelaine

Obschon d'Streck vu Péiteng ronderëm de Prënzebierg an den Tëtelbierg op Fond-de-Gras (och kuerz "Gras" genannt) gefouert huet, huet d'Gare vu Fond-de-Gras de Numm "Lamadelaine" krut.

Dës Sektioun ass den 20. Dezember 1873 a Betrib gaang an ass 6,060 Km laang. Ënnerwee huet sie eng ganz Rei Quaië, wou d'Minett an d'Wagonen getippt gouf, bedingt.

[Änneren] Streckeverlaf

  • Gare Péiteng: Quai d'Huart (Numm vun der Gesellschaft, déi d'Minettskonzessioun exploitéiert huet), wou d'Minett iwert e "Plang" (plan incliné) vum Prënzebierg erof transportéiert gouf (bis 1928).
  • Gare Péiteng: Silo Providence (och "Käseminn" (case à mine) oder "d'Bréck" genannt). Dëst war e Gebai aus Bëtong, wou d'Minette an enger Héicht vu 15 Meter a Siloe getippt gouf a wou se ënnen an d'Wagonen ( Talboten ) agefëllt gouf.
  • Kuerz hannert der Gare huet en "embranchement" (Gleisanschluss) d'Firma GENEWO-BERG, déi mat Baumaterial gehandelt huet, bedingt.
  • Vun hei aus, ass et géi biergop gaang (~ 20 ‰).
  • Quai Prënzebierg (KM 2,00), dee vun der Société Athus exploitéiert gouf. Dëse Quai ass awer nëmme bis ufanks 20. Joerhonnert gebraucht ginn, well duerno um Prënzebierg am Tagebau à ciel ouvert ofgebaut gouf.
  • Quai vun der Société des Hauts-Fourneaux de Hollerich, dee nëmmen bis an 1880-er Joren a Betrib war.
  • Quai Angleur. Hei bestinn 2 Gleiser op ongeféier 100 Meter an eng bascule.
  • Päerdsstall. Do waren d'Päerd ënnerbrued, déi an de Galerieën d'Buggie gezunn hunn.
  • Quai Rolleng (Providence). Hei war fréier och eng Barriär, déi d'Uertschaft Rolleng (Lamadelaine) mat der Muttergottesknipchen verbonnen huet.
  • D'Streck féiert elo laanscht den Tëtelbierg.
  • Quai Hackels (Angleur), wou ee schéin Vueën op Rodange an op Nidderréideng huet.
  • Quai Stackels, dee vun der Entreprise Schiltz-Lacroix exploitéiert gouf.
  • Quai Blenken.
  • Gare Lamadelaine.

[Änneren] Sektioun Lamadelaine - Bois châtier

Dës Sektioun ass den 19. Abrëll 1879 a Betrib gaang an huet no 3,390 km d'franséisch Grenz ereecht.

[Änneren] Streckeverlaf

  • No e puer honnert Meter kënt den Doihl, wou d'Rodanger Schmelz Minièren bedriwen huet an d'Minette mat enger Seelebunn bei d'Héichuewen transportéiert huet.
  • Quai Bois de Rodange, dee vum Léon Berens vu Rëmleng exploitéiert gouf.
  • D'Strooss "Rodange - Zowaasch", ass deemools mat enger Barriär gesechert ginn. Hei ass haut den Terminus vum "Train 1900".
  • Bois châtier, Endpunkt vun der Streck.

[Änneren] Gare Lamadelaine

D'Gare Lamadelaine war als Gare 2. Klass aklasséiert. Sie huet aus 8 PH-Gleiser, 6 Privat-Gleiser, 19 Weichen, 1 Englänner (= duebel Kräizungsweich), 4 Basculen an ee Waasserkran bestanen. Eng Lokomotiv huet d'Wagonen an der Gare rangéiert während zwou anerer d'Rammen op Péiteng gezunn hunn. Wéinst den enke Kéieren an deem liichten Ënnerbau vum Gleis sinn nëmmen 3-achseg Damplokomotiven agesat ginn. An engem Gebai (wat haut nach profitéiert gëtt) ware Bureauen an e klengt Stellwierk.

Dëst Gebai, dat haut als Gare benotzt gëtt, steet deelweis op dem Territoire vun der Gemeng Déifferdeng.

An der Gare selwer waren nach 5 Quaie fir Minette ze lueden: Collart, Reuter a Van Mossevelde, Langfuhr, Chiers an Unterst Blanken.

[Änneren] Um Spaweck


aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -