Buggi
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
E Buggi ass e klengen Zuchwagon, dee virun allem an de Minièren am Minett agesat gouf, fir déi eisenhalteg Minettessteng ze transportéieren. An de meeschte Fäll si se vu der Ofbauplaz bis op en normalen Zuchquai gefuer, wou dat Bannescht a gréisser Eisebunnswagonen ëmgefëllt gouf. Am Ufank si se vu Schaffpäerd, spéider awer vun Damplokomtiven oder, an de Minièrë selwer, vun Elektrolokomotive gezu ginn.
Net seelen hu se misse beim Tagebau e groussen Héichtenënnerscheed iwwerwannen. An deene Fäll si beluede Wagone mat sougenannte Bremsschäpp erofgelooss an eideler eropgezu ginn.
Beim Entluede gouf den eisene Bac iwwert en Hiewelsystem ëmgekippt. Buggie gesäit een haut nach a ville Minettsstied, wou se als Monumenter opgestallt goufen.
[Änneren] Buggien an anere Formen
Do wou et noutwenneg war goufe Buggië benotzt déi zu zwou Säite konnte gekippt ginn. Well do d'Achs vum Kippsysteem net laanscht der Säit vum Chassis ubruecht war, mee an der Mëtt, haten déi den Nodeel datt se net vum selwe ganz eidel gelaf sinn.
[Änneren] Linken
[Änneren] Kuckt och
- Bieleser Gaalgebierg
- Bremsschapp
- Minière