See also ebooksgratis.com: no banners, no cookies, totally FREE.

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Dräifaltegkeet - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Dräifaltegkeet

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

De Gott präsentéiert sech nom Verständnis vum Chrëschtentum als Dräifaltegkeet (Trinitéit), bzw. Dräieenegkeet. D.h. den eenzege Gott - déi eng gëttlech Natur (et ass ëmmer nach eng monotheistesch Relioun) besteet aus dräi verschiddene "Persounen":

  • Gott Papp, de Schöpfer vun Himmel an Äerd;
  • Gott Sohn, de gëttleche Logos, dee sech a Jesus Christus inkarnéiert huet;
  • Gott hellege Geescht, deen an der Welt wierkt.

Vun dëser Konzeptioun steet näischt explizit an der Bibel, awer schonns an der Urkierch setzt sech de Glawen un d'Dräifaltegkeet duerch, och wann d'Spekulatiounen iwwert de "genauen interne Fonktionnement" vun dëser zu vill Streidereie gefouert hunn.

Klassesche Schema vun der Dräifaltegkeet
Klassesche Schema vun der Dräifaltegkeet

Problematesch ass besonnesch d'Ried vun den dräi "Persounen". Eist heitegt Persouneverständnis ass gekennzeechent duerch Individualitéit an Autonomie. An desem Sënn wir ee Gott an dräi Persounen net ee Gott, mee dräi Götter (Tritheismus). Fir dëser Gefor aus dem Wee ze goen, hun aner Theologen proposéiert, net méi vun dräi Persounen ze schwätzen, mee vun dräi "Seinsweisen" oder "Subsistenzweisen". Des Theologen kruten anerersäits Modalismus virgeworf: Si géife Gott verstoen als just eng Persoun, déi sech emol am Modus vum Papp, emol am Modus vum Jong, an eng aner Kéier am Modus vum hellege Geescht géif manifestéieren. De Sträit tëscht der modalistescher an der tritheistescher Tendenz wäert wuel ni geléist gin. Vläicht sollt een sech zréckbesënnen op d'Aussointentioun vun deser Léier: Gott ass keng einsam Monade, mee a sech Bezéiung. Dofir ass Bezéiung gëttlech, an och de Mënsch, deen als Ofbild vu Gott gesi get, ass Bezéiung a soll Bezéiung sin.

Den Islam refuséiert d'Konzeptioun vum dräifaltege Gott.ru-sib:Троица


aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -