Sagittarius (Stärebild)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Date vum Stärebild Sagittarius | |
---|---|
Lëtzebuergesche Numm | Schëtze |
Laténgesche Numm | Sagittarius |
Latäineschen Genitiv | Sagittarii |
Latäinesch Ofkierzung | Sgr |
Lag | Ekliptik |
Rektaszensioun | 17h 43m bis 20h 29m |
Deklinatioun | -11° 40’ bis -45° 15’ |
Fläch | 867 Quadratgrad |
Ze gesinn op Breedegraden | 55° Nord bis 90° Süd |
Bescht Observatiounszäitraum | Summer |
Unzuel vu Stäre mat Gréisst < 3m |
7 |
Hellste Stäre, Gréisst |
ε Sagittarii, (Kaus Australis) 1,79m 2,1m |
Meteorstréim | |
Nopesch Stärebiller (vu Norden am Auerzäresënn) |
Aquila Scutum Ophiuchus Scorpius Corona Australis Telescopium Microscopium Capricornus |
De Sagittarius ass e Stärebild op der Ekliptik.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Beschreiwung
De Schëtz ass dat südlechst Déierekreeszeechen a läit tëschent dem Scorpius an dem Capricornus.
Déi hellste Stäre vum Sagittarius bilden eng Form, déi un en Téibiz erënnert. Am engleschem Sproochraum gëtt dofir dacks och „Teapot“ gesot.
De Sagittarius läit am stäreräichsten Beräich vun der Mëllechstrooss. An dëser Richtung ass den Zentrum vun eiser Galaxis. Dofir fënnt een am Schëtz vill niwweleg Objeten, wéi oppe Stärekéip, Kugelstärekéip a Gasniwwel.
Duerch de Sagittarius zitt sech d' Ekliptik, dofir wanderen d'Sonn, den Mound an d'Planéiten duerch d'Stärebild. Et gehéiert zu den Déierekreeszeechen. Opgrond vun der Präzessiounsbewegung vun der Äerdachs huet sech den Zäitpunkt vum Sonnenduerchgang géintiwwer der Antikitéit verréckelt. D'Sonn hält sech vum 17. Dezember bis zum 20. Januar am Schëtz op.
[Änneren] Geschicht
Den Ursprong vum Stärebild geet wahrscheinlech op e fréiert Reidervollek zeréck, a gouf vun de Sumerer iwwerholl.
Bei den Babylonier verkierperen d'Stären Pabilsag, e Gott mat engem Léiwekapp a Flilleken.
Fir d'Ägypter an d'Inder stellt d'Stärebild e Reider oder e Bouschëtz duer.
Bei de Griichen an der Antike existéieren ënnerschiddlech Deitungen. Sou gesäit een dorann e weideren Zentaur Centaurus um Himmel oder de Krotos, e Mënsch, deen d'Konscht vum Bouschéissen erfonnt huet.
De Schëtz gehéiert zu de klasseschen 48 Stärebiller, déi vun Ptolemäus beschriwwe goufen.
Am Joer 1932 entdeckt den Karl Jansky am Sagittarius eng staark Radioquell Sagittarius A*. No dem haitege Fuerschungsstand handelt et sech dobäi ëm ee supermassivt Schwaarzt Lach mat ca. 3,7 Milliounen Sonnenmassen am Zentrum vun der Mëllechstrooss.
[Änneren] Himmelsobjeten
[Änneren] Stären
B | F | Numm o. aner Bezeechnungen | Gréisst | Lj | Spektralklass |
---|---|---|---|---|---|
ε | 20 | Kaus Australis | 1,79m | 145 | B9.5 III |
σ | Nunki, | 2,05m | 224 | B2.5 V | |
ζ | 38 | Askella | 2,60m | 89 | A3 IV |
δ | 19 | Kaus Medius | 2,72m | 306 | K3 III |
λ | 22 | Kaus Borealis | 2,82m | 77 | K1 IIIb |
π | 41 | Albaldah | 2,88m | 440 | F2 II/III |
γ2 | 10 | Alnasl oder Nash | 2,98m | 96 | K0 III |
η | 3,10m | 149 | M2 III | ||
φ | 27 | 3,17m | 231 | B8.5 III | |
τ | 40 | 3,31m | 120 | K1 / K2III | |
ξ2 | 37 | 3,52m | 372 | G8 / K0II/III | |
ο | 39 | Manubrij | 3,76m | 139 | K0 III |
μ | 13 | Polis | 3,84m | B2 III | |
ρ1 | 44 | 3,92m | 122 | F0 III/IV | |
α | Rukbat | 2,98m | 170 | B8 V | |
β1 | Arkab Prior | 3,96m | 378 | B9 V | |
ι | 4,12m | 189 | K0 III | ||
β2 | Arkab Posterior | 4,72m | 139 | F2 III | |
θ1 | 4,37m | 618 | B2.5 IV | ||
V3872 | 4,43m | 448 | M4 III | ||
υ | 46 | 4,52m | 1673 | F2p | |
3 | X | 4,53m | 1077 | F7 II | |
b1 | 59 | Terebellum | 4,54m | 1208 | K3 III |
HR 6766 | 4,55m | 348 | K0 III Cnpvar | ||
h2 | 52 | 4,59m | 189 | B8 / B9V | |
HR 6842 | 4,66m | 700 | K3 III | ||
γ1 | 4,66m | 2078 | G0 Ib/II | ||
ω | 58 | Terebellum | 4,74m | 78 | G3 / G5 III |
4 | 4,74m | 437 | B9 V | ||
HR 7652 | 4,77m | 405 | K4 III | ||
21 | 4,81m | 597 | A1 / A2V | ||
60 | 4,84m | 341 | G8 II/III | ||
ν1 | 32 | Ain al Rami | 4,86m | 1853 | K1 II |
ψ | 4,86m | 330 | K0 / K1III | ||
HR 7029 | 4,86m | 451 | B2 V | ||
f | 56 | 4,87m | 205 | K0 III | |
d | 43 | 4,88m | 536 | K0 III | |
11 | 4,96m | 244 | K0III | ||
HR 7659 | 4,99m | 325 | K1 III/IV | ||
ν2 | 35 | 5,00m | 270 | K1 Ib/II | |
HR 6693 | 5,00m | 935 | K5 / M0III | ||
61 | 5,01m | 292 | A2 V | ||
χ1 | 47 | 5,02m | 221 | A4 IV/V | |
ξ1 | 36 | 5,02m | 5018 | B9.5 Ib | |
e2 | 55 | 5,06m | 175 | F3 IV/V | |
HR 6944 | 5,12m | 213 | B9 / B9.5 V | ||
29 | 5,22m | 750 | K2 III | ||
HR 6960 | 5,28m | 2234 | B2 III/IV | ||
15 | 5,29m | B0/1Ia/ab | |||
θ2 | 5,30m | 157 | A4 / A5IV | ||
HR 7703 | 5,32m | 20 | K2 V | ||
V3961 | 5,32m | 339 | A0p | ||
V4050 | 5,33m | 619 | B7 Ib/II | ||
7 | 5,37m | 1106 | F2 / F3 II/III | ||
HR 6936 | 5,37m | 350 | A5 V | ||
28 | 5,37m | 1279 | K5 III | ||
χ3 | 5,45m | 506 | K3 III | ||
HR 7454 | 5,46m | 101 | F7 V | ||
HR 7398 | 5,46m | 254 | K1 / K2 III | ||
14 | 5,49m | 506 | K2 III | ||
24 | 5,49m | 3434 | K3 III | ||
HR 7496 | 5,49m | 120 | F5 V | ||
HR 7211 | 5,49m | 546 | A0 V |
Den hellste Stär am Schëtz ass den ε Sagittarii. Hie "steet" op enger Distanz vun 145 Liichtjoer an ass e bloe Risestär mat der 250facher Liichtkraaft vun eiser Sonn. Am Teleskop erschéngt hien als Duebelstär. An engem Ofstand vun 3,3 Bouminutten gëtt e Stär vun der 7. Gréissteklass siichtbar. Et handelt sech allerdéngs net ëm ee Stäresystem. Déi zwéi Stäre leien, vun der Äerd aus gesinn, an derselwechter Richtung.
Den Numm Kaus Australis ass aus dem laténgeschen an arabeschen zesummegesat a bedeit „Südleche Bou“.
De σ Sagittarii, och e bloe Ris, läit op enger Distanz vun 245 Liichtjoer .
Den Numm Nunki geet op de Gott vun der Sumerer zeréck.
De ζ Sagittarii dréit op enger Distanz vun 89 Liichtjoer. Et ass e Stär dee wäiss liicht, vun der Spektralklass A3.
Den Numm Askella bedeit „Achsel“ (vum Schëtz).
Deen orange γ2 Sagittarii ass 96 Liichtjoer ewech a gehéiert der Spektralklass K0 III un.
Den Numm Alnasl kënnt aus dem arabeschen an heescht esou vill wéi „Feilspëtzt“ .
Den α Sagittarii ass net, wéi meeschtens, den hellste Stär vum Stärebild, mee nëmmen e Stär vun der 3. Gréissteklass. Hie steet op enger Distanz vun 170 Liichtjoer. Säin Numm Rukbat kënnt och aus dem Arabeschen a bezeechent de „Knéi“ vum Schëtz.
[Änneren] Duebelstären
System | Gréisst | Ofstand |
---|---|---|
μ | ||
υ |
[Änneren] Verännerlech Stären
Stär | Gréisst | Period | Typ |
---|---|---|---|
R | 6,7 bis 12,8m | 268,8 Tage | Mira-Typ |
W | 4,3 bis 5,1m | 7,595 Deeg | Cepheiden |
X | 4,3 bis 4,9m | 7,011 | Cepheiden |
RY | 6,0 bis 15m | R-Corona-Borealis-Stär | |
RR | 6 bis 14m | 334,6 | Mira |
RU | 6 bis 14m | 240,3 | Mira |
W an X Sagittarii si verännerlech Stäre vum Typ Cepheiden. Dës Stäre pulséieren regelméisseg a veränneren dobäi hir Hellegkeet.
RR und RU Sagittarii si Verännerlecher vum Typ Mira. Stäre vun dësem Typ weisen iwwer laang Zäitraim staark Hellegkeetsschwankungen op.
[Änneren] Messier- anNGC-Objeten
Messier (M) | NGC | diverse | Gréisst | Typ | Numm |
---|---|---|---|---|---|
M 8 | 6253 | Lagunenniwwel | 5,8m | Gasniwwel | |
M 17 | 6618 | 7,0m | Gasniwwel | Omeganiwwel, Schwanenniwwel | |
M 18 | 6613 | 6,9m | Oppene Stärekoup | ||
M 20 | 6514 | 8,5m | Gasniwwel | Trifidniwwel | |
M 21 | 6531 | 5,9m | Oppene Stärekoup | ||
M 22 | 6656 | 5,1m | Kugelstärekoup | ||
M 23 | 6949 | 5,5m | Oppene Stärekoup | ||
M 24 | 4,6m | Usammlung vu Stären | |||
M 25 | IC 4725 | 4,6m | Oppene Stärekoup | ||
M 28 | 6626 | 5,1m | Kugelstärekoup | ||
M 54 | 6715 | 7,6m | Kugelstärekoup | ||
M 55 | 6809 | 6,4m | Kugelstärekoup | ||
M 69 | 6637 | 7,6m | Kugelstärekoup | ||
M 70 | 6681 | 8,0m | Kugelstärekoup | ||
M 75 | 6864 | 8,5m | Kugelstärekoup | ||
6637 | 7,6m | Kugelstärekoup | |||
6522 | 8,6m | Oppene Stärekoup | |||
6544 | 8,3m | Kugelstärekoup | |||
6546 | 8,0m | Oppene Stärekoup | |||
6553 | 8,3m | Kugelstärekoup | |||
6568 | 8,6m | Oppene Stärekoup | |||
6595 | 7,0m | Oppene Stärekoup | |||
6645 | 8,5m | Oppene Stärekoup | |||
6649 | 8,9m | Oppene Stärekoup | |||
6652 | 8,9m | Oppene Stärekoup | |||
6716 | 7,5m | Oppene Stärekoup | |||
6723 | 7,3m | Kugelstärekoup | |||
6818 | 10,0m | Planetareschen Niwwel | |||
6822 | 8,8m | Galaxis | Barnards Galaxis |
Am Schëtz ass eng Villzuel vu niwwelege Objeten ze gesinn. 15 Stéck huet de franséischen Astronom a Koméitejeeër Charles Messier a säi Katalog (Messier-Katalog) opgeholl. De Schëtz ass domat dat Stärebild mat deene meeschten „Messierobjeten“.
D’Stäre, Gas- an Donkelwolleken vun der Mëllechstrooss verspäeren allerdéngs d’Siicht op weider Objete, déi méi wäit ewech leien. Dofir ass am Schëtze nëmmen eng hell Galaxis ze gesinn.