Runn
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
?
Runn |
|||||||||||||||||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
Runn (Vespa crabro) |
|||||||||||||||||||||
Wëssenschaftlech Klassifikatioun | |||||||||||||||||||||
|
|||||||||||||||||||||
Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||||||||||||
Vespa crabro „L.“. 1758 |
D' Runn, Vespa crabro L., ass déi gréissten Harespel, déi a Mëtteleuropa lieft.
[Änneren] Den Numm
Op Lëtzebuergesch huet d'Runn a ganze Katalog vun Nimm: Droun, Dusch, déck Vesper (am Norde vum Land), gëfteg Vesper, déck Harespel, Hesper, Huesch (Veianen), Hujel, Humm, Kinnek, Päerdsharespel, Rosch, Rumm, Runsch, Runnert, rose Bei.
D'Kierperlängt vun der Kinnigin ass bis 35 mm, déi vun den Aarbechtsrunnen 16 bis 25 mm an déi vun de männleche Runnen 20 bis 28 mm. D'Runne liewen a Staaten, déi ee Joer halen.
[Änneren] Liewensweis
D'Runne bauen hir Näschter op Späicheren, ënner Diecher oder a Bamhielen. Dës bestinn aus alem Holz dat zerknat a mam Spaut gebonne gëtt.
Am Fréijoer formt d'Kinnigin e Still, si mécht den Ufank. Duerno hänkt si Woben dru fir déi éischt Eeër ze leeën. An all eenzel Wob gëtt en Ee geluegt.
D'Larve brauchen dann zwou Woche bis se gewuess sinn. Da verpuppt d'Larv sëch. No weideren zwou Wochen ass d'Runn aus der Larv eraus. Déi éischt Aarbechtsrunne bauen da weider Woben. Esou geet et dann no an no weider bis d'Nascht ëmmer méi fest a méi grouss gëtt. Am spéide Summer ass d'Nascht da fäerdeg a kuerz drop stierft d'Vollek. Iwwereg bleiwe just déi jonk Kinniginnen.