Wëssenschaftlechen Numm
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Wëssenschaftlechen Numm vun de Liewewiesen ass en eendeitegen, laténgeschen Numm, dee gewéinlech aus zwee Wierder besteet an no bestëmmte Regele gebilt gëtt. Dës binominal Nomenklatur gouf 1753 vum Carl von Linné agefouert.
De wëssenschaftlechen Numm fir eng Aart vun engem Liewewiese setzt sech aus dem Numm vun der Gattung an engem Aart-Epitheton (en Adjektiv dat d'Aart beschreift) zesummen. Den éischte Buschstaf vun der Gattung gëtt heibäi grouss geschriwwen. Béid Wierder si Latäin a gi kursiv geschriwwen.
Bannent enger Gattung muss all Aart en aneren Numm hunn. Deeselwechten Aart-Epitheton kann et awer bei verschiddene Gattunge ginn.
Bei den Déiere kann den Numm vun der Gattung an dee vum Aart-Epithon d'selwecht sinn.
D'Nimm vun der Gattungs- an der Aartgrupp ginn dacks duerch e bestëmmtent Mierkmol (z.B. Faarf, Gréisst, Verhalen), aus der Uertschaft vun der Entdeckung oder aus engem Numm vun enger Persoun ofgeleet.
Beispiller:
- 2 Aarten an enger Gattung (op mannst éier se den Numm geännert hunn [1]):
- Parus ater ⇔ Mees däischter = Dënnemees
- Parus major ⇔ Mees grouss = Schielmees
- 2 Aarten aus veschiddene Gattungen mam selwechten Aart-Epitheton:
- Epilobium montanum ⇔ Biergwéideréischen
- Trifolium montanum ⇔ Biergkléi
Et ginn awer och verschidden Erweiderunge vun dësem System, wéi z.B. bei enger Ënneraart, bei Ziichtformen oder Hybriden. Do gëllt d'Regel och, datt laténgesch Wierder kursiv geschwriwwe ginn, mais all Tëschewierder sinn an normaler Schrëft. Den Auteursnumm, dee gewéinlech um Schluss steet, ass an normaler Schrëft oder a Kapitälche geschriwwen.
Beispiller:
- Cladonia fimbriata (L.) Fr. (Trompéiteflecht → einfach Aart mat Auteursnimm)
- Anguis fragilis Linnaeus, 1758 (Blannschlécher → einfach Aart mat Auteursnumm a Joer vun der Publikatioun)
- Triticum aestivum ssp. spelta (L.) Thell. (Spelz; "ssp." = "subspecies" = Ënneraart)
- Centaurea cyanus var. alba (Déi wäissbléiend Variant vun der Karblumm; "var." = "varietas" = Variant)
- Lychnis flos-cuculi L. f. pleniflora Schur (Form vun der Fleeschblumm mat gefëllte Bléien, "f." = "forma" = Form)