Uerdnung (Biologie)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D' Uerdnung (lat. Ordo) ass an der Biologie eng héich systematesch Kategorie, déi verschidde Familljen zu enger Grupp zesummefaasst.
D'Uerdnunge ginn agedeelt an: Iwweruerdnung, Uerdnung an Ënneruerdnung.
E Beispill ass:
- Iwweruerdnung: Euarchontoglires
- Uerdnung: Primaten
- Ënneruerdnung: Afe mat dréchenen Nuesen
- Uerdnung: Primaten
D'Kategorie iwwert der Uerdnung ass d'Klass.
Op Latäin halen d'Uerdnungsnimm an der Botanik ëmmer mat „-ales“ op.