See also ebooksgratis.com: no banners, no cookies, totally FREE.

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Meteorological Aviation Routine Weather Report - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Meteorological Aviation Routine Weather Report

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

De Meteorological Aviation Routine Weather Report, besser bekannt ënnert dem Akronym METAR, ass eng standardiséiert Meldung iwwert déi aktuell Wiederobservatioun vun engem Fluchhafen.

En enthält op jidder Fall den ICAO-Code vum jeeweilege Fluchhafen an den Observatiounszäitpunkt. Ausserdem kënnen nach Wandrichtung, Temperatur, Siichtweit, Loftdrock a Wollekeformatioun an aner Informatiounen dran enthale sinn.

De METAR gëtt all 30 Minuten erstallt an huet eng Gëltegkeet fir 2 Stonnen, speziell Bulletinën, genannt "SPECI" (SPECIal), ginn nëmmen erstallt, wa sech ee vun de Parameteren drastesch ännert.

Inhaltsverzeechnis

[Änneren] Generell Syntax

METAR - ICAO-Code vum Fluchhafen - Dag an Zeit (UTC) vun der Meldung - AUTO (optional)- Wandrichtung a -vitesse - Landebunnsiichtwäit - Wieder - Bewölkung - Temperatur an Dapunkt - Loftdrock - Remarken


[Änneren] Opbau vun enger METAR-Meldung

Dëst Beispill ass eng METAR-Meldung vum Findel no den WMO-Richtlinnen an ass erstallt ginn den 11. September 2007 emm 15:50 UTC:

METAR ELLX 111550Z 34004G19KT 300V100 9999 FEW030 BKN045 14/08 Q1023 NOSIG=

  • METAR weist un datt dëst eng standardiséiert Meldung ass
  • ELLX ass den ICAO-Code vum Fluchhafe Findel
  • 111550Z weist den Datum an d'Zäit vun der Meldung, an dësem Beispill den 11. vum Mount um 15:50 UTC
  • 34004G19KT weist d'Wandrichtung (340 Grad oder Nord-Nordwest) an d'Wandvitesse (4 Kniet oder 7 km/h a Wandstéiss bis zu 19 Kniet oder 35 km/h)
  • 300V100 weist, datt d'Wandrichtung sech vun 300 Grad (Nordwest) op 100 Grad (Ost) ännert
  • 9999 weist, datt d'Siicht um Fluchhafe méi wéi 10 Kilometer ass
  • FEW030 weist datt den Himmel 1-2 Aachtel bedeckt ass op enger Héicht vun 3000 Fouss iwwer dem Gronn
  • BKN045 weist, datt den Himmel 5-7 Aachtel bedeckt ass op enger Héicht vu 4500 Fouss iwwer dem Gronn
  • 14/08 weist d'Temperatur (14°C) an den Dapunkt (8°C) un, negativ Wäerter gi mat engen "M" duergestallt
  • Q1023 weist, datt deen op der Plaz registréierte Loftdrock reduzéiert op Mieresspigelniveau momentan bei 1023 hPa läit
  • NOSIG ("no significant change") weist datt an deenen nächsten 2 Stonne keng nohalteg Ännerungen ze erwaarde sinn
  • = bedeit daat de METAR zu Enn ass


Besonnesch déi amerikanesch METARen ënnerscheeden sech liicht vum WMO-Standard, wéi dëst Beispill vum John F. Kennedy Fluchhafen zu New York beweist:

METAR KJFK 151051Z 35003KT 6SM BR FEW005 SCT015 OVC095 18/16 A2983 RMK AO2 RAE29 SLP102 P0002 T01780161=

  • METAR weist un, datt dëst eng standardiséiert Meldung ass
  • KJFK ass den ICAO-Code vum John F. Kennedy Fluchhafen zu New York
  • 151051Z weist den Datum an d'Zäit vun der Meldung, an dësem Beispill de 15. vum Mount um 10:51 UTC
  • 35003KT weist d'Wandrichtung (350 Grad oder Nord) an d'Wandvitesse 3 Kniet oder 5 km/h
  • 6SM weist, datt d'Siicht um Fluchhafe a Moment 6 Statute Mile oder 10 km bedréit
  • BR weist, datt am Moment Donst um Fluchhafen ass
  • FEW005 weist, datt den Himmel 1-2 Aachtel bedeckt ass op enger Héicht vu 500 Fouss iwwer dem Gronn
  • SCT015 weist, datt den Himmel 3-4 Aachtel bedeckt ass op enger Héicht vu 1500 Fouss iwwer dem Gronn
  • OVC095 weist, datt den Himmel 8 Aachtel bedeckt ass op enger Héicht vun 9500 Fouss iwwer dem Gronn
  • 18/16 weist d'Temperatur (18°C) an den Dapunkt (16°C) un
  • A2983 weist de Loftdrock op der Statioun un (29,83 inch oder 1010 hPa), den "A" steet fir Altimeter

Déi folgend Parametere gehéieren net zum WMO-Standard a sinn an Amerika zimmlech heefeg verbreet:

  • RMK weist, datt elo d'Remarken als nächst kommen
  • A02 weist un, datt dës Statioun en automatesche Reensensor huet. Den "AO" steet fir Automated Observation
  • RAE29 weist un, datt de Reen ëm 10:29 UTC opgehalen huet. Den "RAE" steet fir Rain Ending
  • SLP102 weist un, datt de Loftdrock op der Statioun 1010,2 hPa ass. Den "SLP" steet fir Sea Level Pressure
  • P0002 weist, wéivill Reen zënter dem leschte METAR Report gefall ass, an dësem Fall sinn 0,02 Inch oder 0,5 mm gefall. De "P" steet fir Precipitation (Nidderschlag).
  • T01780161 weist déi genau Temperatur an den genauen Dapunkt, an dësem Fall ass d'Temperatur 17,8°C an den Dapunkt 16,1°C. Sin d'Temperaturen am positive Beräich, steet eng "0" virdrun, negativ Temperature gi mat enger "1" gekennzeechent.
  • = bedeit, datt de METAR zu Enn ass

[Änneren] Wandinformatioun

De Wand an engem METAR gëtt a Kniet ugewiesen, manner geleefeg si Meter pro Sekonn a Kilometer pro Stonn. Bei guer kengem Wand gëtt als Wandrichtung 0 Grad ugin. Kënnt de Wand aus ënnerschiddleche Richtungen gëtt als Wanddirectioun "VRB" (Variabel) uginn, ausser wann d'Directioun sech méi wéi 60° ännert ginn déi béid Richtungen duerch e "V" getrennt. Wandstéiss ginn duerch en "G" (englesch fir Gusts) gekennzeechent.

Beispill
Erklärung
29010KT Wanddirectioun: 290°, Vitesse:10 Kniet
00000KT Guer kee Wand
29010G30KT Wanddirectioun: 290°, Vitesse: 10 Kniet, Wandstéiss mat 30 Kniet
VRB05KT Verännerlech Wanddirectioun, Vitesse: 5 Kniet
29010KT 210V310 Haaptwanddirectioun: 290°, Vitesse: 10 Kniet, dréint tëscht 210° an 310°, d'Variatioun gëtt nëmmen ugi wann d'Directioun méi wéi 60° ännert.

[Änneren] Siichtwäit

D'Siichtwäit gëtt ëmmer véierstelleg a Meter ugewiesen. Ass d'Siichtwäit 10 km oder driwwer gëtt dat mat véier Néngtercher uginn. Siichtwäiten ënner 50 m ginn als "0000" ugewisen. Wa CAVOK an engem METAR ugewisen gett, entfaalen d'Siicht - a Wollekeninformatiounen.

Beispill
Erklärung
0000 Siichtwäit enner 50 m
0300 Siichtwäit 300 m
5000 Siichtwäit 5 km
9999 Siichtwäit 10 km oder driwwer

D'Pistesichtwäit (RVR - Runway Visual Range) gëtt nëmmen uginn, wann d'Siicht entweder op der Statioun selwer ënner 1500 m läit oder op eng vun de Landebunnen. Dobei gëtt d'Nummer vun der Landebunn, d'Siichtwäit an d'Tendenz ugewisen. Bei der Tendenz sinn 3 Parametere méiglech: N (No Change), U (Upward) an D (Downward)

Beispill
Erklärung
R24/250N D'Siicht op der Piste Nummer 24 bedréit 250 m an huet wärend de leschten 10 Minuten net changéiert
R31/100D D'Siicht op der Piste Nummer 31 bedréit 100 m an huet sech wärend de leschten 10 Minuten verschlechtert
R18/800U D'Siicht op der Piste Nummer 18 bedréit 800 m an huet sech wärend de leschten 10 Minuten verbessert
R17/400V800 D'Siicht op der Piste Nummer 17 schwankt teschend 400 an 800 m

[Änneren] Wiederzoustand

De Wiederzoustand gëtt mat folgenden Textbausteng duergestallt:

Wetter (FMH-1 HANDBOOK)
Qualifier
Weather Phenomena
INTENSITY OR PROXIMITY DESCRIPTOR PRECIPITATION OBSCURATION OTHER
 - Light
  Moderate (see note 2)
 + Heavy
VC In the Vicinity (see note 4)
MI Shallow
PR Partial
BC Patches
DR Low Drifting
BL Blowing
SH Shower(s)
TS Thunderstorm
FZ Freezing
DZ Drizzle
RA Rain
SN Snow
SG Snow Grain
IC Ice Crystals
PL Ice Pellets
GR Hail
GS Small Hail and/or Snow Pellets
UP Unknown Precipitation
BR Mist
FG Fog
FU Smoke
VA Volcanic Ash
DU Widespread Dust
SA Sand
HZ Haze
PY Spray
PO Well-Developed Dust/Sand Whirls
SQ Squalls
FC Funnel Cloud Tornado Waterspout (see note 3)
SS Sandstorm
DS Duststorm
1. The weather groups shall be constructed by considering columns 1 to 5 in the table above in sequence, i.e. intensity, followed by description, followed by weather phenomena, e.g. heavy rain shower(s) is coded as +SHRA
2. To denote moderate intensity no entry or symbol is used.
3. Tornados and waterspouts shall be coded as +FC.
4. The location of weather phenomena shall be reported as "in the vicinity of the station" when between 5 and 10 statute miles of the point(s) of observation.

[Änneren] Bewölkung

D'Bewölkung gett mat folgenden Ofkierzungen am engem METAR definéiert:

Ofkierzung
Komplett Bezeechnung
Erklärung
SKC Sky Clear 0 Aachtel
FEW Few 1-2 Aachtel
SCT Scattered 3-4 Aachtel
BKN Broken 5-7 Aachtel
OVC Overcast 8 Aachtel

Ausserdeem kennen an engem METAR folgend Ofkierzungen optrieden:

  • CLR (Clear): 0 Aachtel Wolleken ënner 12000 Fouss (Miessung duerch automatesch Statiounen).
  • NSC (No Significant Clouds): d'Wolleken iwwer 5000 Fouss gin ignoréiert sou laang et sech net emm Wiederwolleken (CB, TCU) handelt.
  • NSW (No Significant Weather): gett uginn wann e signifikant Wiederphänomen zu Enn ass
  • CAVOK (Clouds And Visibility OK), keng Wolleken enner 5000 Fouss, d'Siichtweit iwwer 10 km, keen Cumulonimbus, a keng besonnesch Wiederphänomener ze verzeechnen sin.


D'Héicht vun der Wollekenennergrenz gett a Fouss ugewisen. Zousätzlech kennen 2 Arten vu Wolleken an engem METAR stoen:

Ofkierzung
Erklärung
TCU Towering Cumulus
CB Cumulonimbus

Am Fall vu Niwwel, wou keng Wolleken erkennbar sin, gett d'Vertikalsiicht als Code VV ugin. Si gett, wéi d'Wolleken och, a Fouss ugin. Ass keng Vertikalsiicht erkennbar gett VV/// ugin.

[Änneren] Loftdrock

De Loftdrock gëtt ëmmer véierstelleg duergestallt. D'Eenheet ass entweder Hectopascal oder Inch.

Beispill
Erklärung
Q1030 QNH=1030 hPa
A3020 QNH=30,20 Inch

[Änneren] Wiederprévisioun

Deen sougenannten TREND enthält eng Prévisioun fir déi nächst 2 Stonnen. Dobei sin 3 Parameter'en méiglech: NOSIG, TEMPO a BECMG:

Code
Komplett Bezeechnung
Erklärung
NOSIG No Significant Change Keng nohalteg Ännerungen ze erwoarden
BECMG Becoming Hannert dësem Code gin déi nohalteg Wiederännerungen opgezielt
TEMPO Temporary Hannert dësem Code gin déi temporaire Wiederännerungen opgezielt

Ausserdem kënnen, wann d'Ännerung ënnerhalb engem bestemmten Zaitpunkt erwaord gett, 3 aaner Parameter'en ugi sin. Déi véierstelleg Auerzeit gett dann hannendru gesaat.

Code
Komplett Bezeechnung
Erklärung
FM1900 From 19:00 UTC Ännerungen gin ab 19:00 UTC erwoard
TL1250 Till 12:50 UTC Ännerungen gin bis 12:50 UTC erwoard
AT0900 At 09:00 UTC Ännerungen gin um 9:00 UTC erwoard

[Änneren] Zousätzlech Informatiounen

Niirwt den Standart-Parameter'en kënnen an engem METAR nach zousätzlech Informatiounen agedroen gin, wéi Pistenzoustand, rezent Wiederphänomener oder Wandscherung um Fluchhafen.

Code
Komplett Bezeechnung
Erklärung
RETSGR Recent Thunderstorm with Hail Während der leschter hallef Stonn ass e Wieder mat Knëppelsteng opgedrueden
WS ALL RWY Windshear Warning for all Runways Wandscherung op alle Pisten
SNOCLO Airfield closed due to Snow Fluchhafen ass wéinst Schnéi net operationnel
24//99// Runway 24 is being cleared Piste 24 gett grad geraumt
24 CLRD Runway 24 cleared Piste 24 ass geraumt a rem verfügbar

[Änneren] Kuckt och

[Änneren] Um Spaweck


aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -