Mady Delvaux-Stehres
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Mady Delvaux-Stehres, gebuer den 11. Oktober 1950, ass eng lëtzebuergesch LSAP-Politikerin.
D'Mady Delvaux-Stehres huet no hirem Lycée op der Sorbonne zu Paräis klassesch Litteratur studéiert a war dono bis 1989 Professesch am Lycée Michel Rodange an der Stad Lëtzebuerg.
1974 ass si an d'LSAP agetrueden a war do fir d'éischt aktiv bei de Sozialistesche Fraen. 1985 gëtt si Member vum Comité directeur vun deer Partei a bleift dat bis 1989, wou se Regierungsmember gëtt. 1987 gëtt s'an de Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg gewielt.
An der Regierung Santer-Poos II vun 1989 gëtt si Staatssekretärin fir Gesondheet, Sozialversécherung, Jugend a Sport. No de Wahle vun 1994 gëtt se Ministesch fir Communicatioun, Transport a Sozialversécherung.
1999 geet d'LSAP an d'Oppositioun; d'Mady Delvaux-Stehres ass an d'Chamber an an de Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg erëmgewielt ginn.
An der Regierung Juncker-Asselborn, déi aus de Wahle vum 13. Juni 2004 ervirgaangen ass, gëtt d'Mady Delvaux-Stehres Ministesch fir Erzéiung a Beruffsausbildung.
D'Mady Delvaux-Stehres ass Mamm vun 3 Kanner; si ass d'Wittfra vum Michel Delvaux.