Lycée Michel Rodange
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Lycée Michel Rodange, kuerz LMRL, ass e Klassesche Lycée um Campus Geesseknäppchen an der Stad Lëtzebuerg.
Benannt ass en nom Michel Rodange, dem Auteur vun ë.a. dem Renert.
Am Lycée Michel Rodange huet den aktuelle Premierminister Juncker seng Première gemach.
Direkter ass de Gilbert Pesch. Sous-Direkter ass de Jean-Paul Weynandt.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Historique
D' Regierung krut duerch Gesetz vum 1. Abrëll 1968 d'Erlaabnis fir de Bau vun engem Lycée an der Stad Lëtzebuerg. D'Bauaarbechten fir e provisorescht Gebai, wat vun enger däitscher Firma a Fäerdegbauweis opgeriicht gouf, hunn den 20. Mee 1968 ugefaangen. Well den Direkter vun dëser Firma, deen och de verantwortlechen Ingénieur fir d'Ausféierung vun de Bauaarbechte war, W.B. Schroer geheescht huet, krut d'Gebai den Numm "Schroerbau".
Duerch Gesetz vum 5. August 1968 gouf eng véiert Secondaire-Schoul an der Stad Lëtzebuerg an d'Liewe geruff. Dës gouf am Ufank "Nouveau Lycée de Luxembourg" genannt.
Fir d'Schouljoer 1968/1969 waren 366 Schüler ageschriwwen, 267 Jongen an 99 Meedecher. Zu deem Zäitpunkt waren d'Bauaarbechten nach net ofgeschloss. D'Jongen (10 Klassen) goufen duerfir an de Südfliggel vun der Lëtzebuerger Nationalbibliothéik an d'Meedecher (3 Klassen) an d'Aloyse-Kaiser-Primärschoul ënnerbruecht.
De 24. Februar 1969 goufen all d'Klassen an de "Schroerbau" op de Geesseknäppchen tranferéiert. Dëst Gebai gouf de 14. Abrëll 1969 ageweit.
1969, war de "Nouveau Lycée de Luxembourg", niewent dem Lycée Classique de Diekirch an dem Lycée Classique d'Echternach, ee vun den dräi éischte Lycéeën zu Lëtzebuerg, wou d'Mixitéit (gemeschte Klasse vu Jongen a Meedecher) agefouert gouf.
Duerch Règlement grand-ducal vum 19. Januar 1970 krut den "Nouveau Lycée de Luxembourg" d'Bezeechung "Lycée Michel Rodange".
Den 12. Mee 1970 hunn d'Bauaarbechten fir den Zentralfliggel mat de Spezialsäll, de Bureauen fir d'Schouldirektioun, der Loge an der Portierswunneng ugefaangen.
[Änneren] Direkteren
- Pierre Goedert, vum 28. August 1968 bis de Juli 1984
- Monique Klopp-Albrecht, vum 16. Juli 1984 un
- Gilbert Pesch, vum 1. Mee 2003 un
[Änneren] Linken
[Änneren] Kuckt och
[Änneren] Um Spaweck
- Websäit vum Lycée Michel Rodange
- Loi du 1er avril 1968 autorisant le Gouvernement à faire procéder à la construction, l'équipement"et l'ameublement d'un lycée sur le territoire de la Ville de Luxembourg, y compris l'aménagement des alentours
- Loi du 5 août 1968 portant création d´un quatrième établissement d´enseignement secondaire à Luxembourg
- Règlement grand-ducal du 27 juin 1969 portant création de classes mixtes au Lycée classique de Diekirch, au Lycée classique d´Echternach et au Nouveau Lycée de Luxembourg
- Règlement grand-ducal du 19 janvier 1970 octroyant une dénomination particulière au quatrième établissement d´enseignement secondaire de Luxembourg