Lëtzebuerger Nationalbibliothéik
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D' Lëtzebuerger Nationalbibliothéik, offiziell: Bibliothèque nationale de Luxembourg, ass eng ëffentlech Bibliothéik, déi zënter 1958 Depositaire vum Dépôt légal zu Lëtzebuerg ass. Ausserdeem ass et eng wëssenschaftlech Bibliothéik mat enzyklopedeschem Usproch. D'Bicher kënnen zum Deel ausgeléint ginn, fir mat heem ze huelen, zum Deel mussen s'op der Plaz gelies ginn.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Geschicht
D'Urspréng vun der haiteger Nationalbibliothéik ginn op d'Joer 1798 zeréck, wéi d'Bicher vun de Kléischter, déi an der Zäit vun der franséischer Revolutioun, an an de Joere virdrun opgeléist gi waren, op enger Plaz zesummebruecht a versuergt sollte ginn. Dëst geschouch an der École centrale du Département des Forêts, déi dat Joer nei geschafe gouf. Dat sinn déi Bicher, dé haut zu der Réserve précieuse vun der Nationalbibliothék gehéieren.
No der franséischer Occupatioun koum dës Bibliothéik an de Besëtz vun der Stad Lëtzebuerg, an 1848 huet de Lëtzebuerger Staat se opkaaft, an se 1850 mat deeër vum Atheneum fusionnéiert.
1899, wou "Nationales" dans l'air du temps war, gouf se fir d'éischt "Nationalbibliothéik" genannt. 1942, an der Zäit vun der däitscher Besatzung, gouf d'Bibliothéik vum Atheneum an e Gebai um Boulevard Royal geplënnert, wou se bis uganks vun den 1970er Joere blouf. An deeër Zäit war den absoluten Déifpunkt vun der Bibliothéik. D'Bicher louchen doruechter ënner Konditiounen, déi et mat sech bruecht hunn, datt vill Dokumenter, Kaarten a Bicher vermuuscht a verdreckst sinn.
Wéi den Atheneum op de Geesseknäppchen an en Neibau geplënnert ass, ass d'Nationalbibliothéik, no Renovatiounsaarbechte, den 1. Februar 1973, an deene Gebailechkeeten nieft der Kathedral, déi eidel waren, installéiert ginn. Do ass se bis haut.
Hir Aufgabe goufe fir d'lescht duerch e Gesetz vum 25. Juni 2004 definéiert.
D'Nationalbibliothéik bitt, niewent deene schon ernimmten, nach eng ganz Rëtsch aner Servicer un: se ass ugeschloss um System vum Prêt international, se géréiert d'ISBN-Nummere fir Lëtzebuerg, organiséiert Ausstellungen, gëtt d'Nationalbibliographie eraus, ënnerhällt den informatiséierte Katalog vu bibliographesche Referenzen vun de Publikatiounen aus hirem Bestand an deem vun anere Bibliothéiken zu Lëtzebuerg, a mécht op hirem Internet-Site no an no ëmmer méi eeler Zäitschrëften a Publikatiounen am Bildformat zougänglech.
Zënter Jore platzt d'Nationalbibliothéik aus allen Néit; hir Bestänn sinn, nieft dem Haaptgebai, an 3 Annexe verspreet. Zënter Joerzéngten huet d'Kulturpolitik et verschleeft, fir der Nationalbibliothéik eng Infrastruktur ze verschafen, déi dem Niveau an der Groussregioun géif entspriechen.
[Änneren] Direkteren
D'Gesetz vum 26. Februar 1965 huet festgeluecht datt d'Direktioun vun der Nationalbibliothéik vun engem Direkter assuréiert gëtt.
- 1965 - 1972 : Joseph Goedert
- 1972 - 1984 : Gilbert Trausch
- 1984 - 1996 : Jul Christophory
- 1996 - 1997 : Emile Thoma (Interims-Direkter)
- 1997 - 1999 : Jean-Claude Müller
- 1999 - 2001 : Jean-Claude Müller (Direkter), Monique Kieffer (Direkter faisant fonction)
- zënter 2001 : Monique Kieffer
[Änneren] Literatur
- La Bibliothèque nationale de Luxembourg. Luxembourg: Bibliothèque nationale de Luxembourg, 2006.