Ivan Basso
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Ivan Basso, gebuer de 26. November 1977 zu Gallarate an der Provënz Varese, ass en Italienesche professionnelle Vëlossportler.
Hien ass vu klengem u vum Velo begeeschtert a mécht sech aleng op de Wee op de Stelvio Pass, dee Bierg, dee no bei dem Vakanzhaus vun der Famill Basso läit.
Mat siwe Joer fiert hien seng éischt Coursen bis hien 1998 am hollännesche Valkenburg um Kauberg neien U23 Weltmeeschter gëtt. Hie wiesselt net direkt bei d'Profien, mee hie bleiwt bis de Mee 1999 U23, bis hien da bei "Amica Chips" als Neo-Profi an en Team kënnt. Hie weist e puer gutt Leeschtungen 1999 beim Giro, awer hie fiert e net zu Enn.
No der Saison 2000 bei "Riso Scotto" wiesselt en an d'éischt Divisioun bei d'italienesch Formatioun "Fassa Bortolo", wou hien an der Mëttelmier-Rondfahrt déi 3. Etape gewënnt, iren no enger Chute opgi muss.
[Änneren] Palmarès
- 1998 Weltmeeschter op der Strooss, U 23
- 2002 Beschte Jonke Profi am Tour de France
- 2003 7. am Generalklassement vum Tour de France
- 2004 1 Etappegewënn an 3. am Generalklassement am Tour de France
- 2004 Giro dell'Emilia
- 2005 2. am Generalklassement am Tour de France
- 2005
- 2 Etappegewënn am Giro d'Italia
- Tour vun Dänemark: 1. am Generalklassement an a 4 Etappen
- 2006
- Critérium International: 1. am Generalklassement an an enger Etapp
- Giro d'Italia: 1. am Generalklassement a Gewënner vun 3 Etappen.
[Änneren] Equippen
De 24. Abrëll 2007 gouf hie vun der Equipe "Discovery Channel" suspendéiert well hien an den Dopingskandal Fuentes verwéckelt soll sinn.