Web - Amazon

We provide Linux to the World

ON AMAZON:


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Gordian Troeller - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Gordian Troeller

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

De Charles 'Gordian' Troeller gebuer de 16. Mäerz 1917 an der Stad, a gestuerwen den 20. Mäerz 2003 zu Hamburg, war e lëtzebuergesche Journalist, Dokumentarfilmmécher a Resistenzler.

Inhaltsverzeechnis

[Änneren] Säi Liewen

1938 geet de Gordian Troeller als Spueniekämpfer an de Spuenesche Biergerkrich, fier géint d’franquistesch Truppen ze kämpfen. Hie schléisst sech fier d’éischt de kommunistesche Brigaden un, mee geschwënn dono, well e matt hieren dogmatesch-ideologesche Vuën net eens gëtt, den Anarchisten.

Knaps zeréck zu Lëtzebuerg, muss e 1940 matt senger jiddescher Frëndin Ruth Kahn a Frankräich flüchten, wou se sech bestueden. Matt Hëllef vum hollännesche Geheimdéngscht baut hien e Resistenzler-Réseau op, deen Hollänner, Belsch a Lëtzebuerger duerch Frankräich, Spuenien a Portugal bis a Groussbritannie schleist.

Verbattert iwwert d’Haltung vun der Lëtzebuerger Exilregierung an der Anerweis, wéi d’politescht Liewen zu Lëtzebuerg sech nom Krich organiséiert huet, grënnt e mat dem Norbert Gomand d’Wochenzeitung l’Indépendant, wouran e seng Meenung ka soen. Besonnesch d'Haltung vun der lëtzebuerger Regierung géintiwwer hire Biirger während der Nazi-Okkupationszäit gëtt kritisch beschriwwen. Dat féiert dozou, datt d'Regierung mat enger Suite vu Prozesser déi Zeitung an d'Faillite dreift. E Strapp dono dréint e Lëtzebuerg de Réck a schafft virun allem als Auslandskorrespondent vu verschiddenen europäeschen Zeitungen. Hie mécht ë.a. Reportage vun den Nürnberger Prozesser a, vu Madrid aus, iwwer Spuenien.

1946 geet hien zréck a Spuenien. 1948 sëtzt hien do fir dräi Méint am Prisong wéinst Mathëllef un der Flucht vun engem baskeschen Ënnergrondkämpfer.

Am Ufank vun de 1950er Joren léiert de Gordian Troeller zu Amsterdam d’Marie-Claude Deffarge, déi duerno seng zweet Fra gëtt, kennen a mécht matt hir zesumme Reportage vun aus der ganzer Welt. Vu 1960 un schaffen si ënnert anerem bis 1972 regelméisseg fir déi däitsch Illustréiert Stern.

Bekannt ginn si virun allem duerch hir Dokumentar-Filmer, déi se vun 1963 u maachen. D’Serie "Im Namen des Fortschritts" (fr. "Au nom du progrès") besteet aus 22 Filmer, déi se tëscht 1974 a 1984 gedréint hunn. 1984 stierft d’Marie-Claude Deffarge, an de Gordian Troeller schafft viru mat der Ingrid Becker-Ross, mat deer en och schonn d’Serie "Frauen der Welt" (fr.: "Planète des femmes" ; 12 Filmer tëschent 1979 an 1983) gedréint huet. Zesumme réaliséieren se 35 Filmer aus der Serie "Kinder der Welt", déi all op der däitscher Tële, zum Deel och op deer franséischer, gewise goufen.

1986 gëtt hie mat der Ingrid Becker-Ross bestued.

A sengen engagéierte Reportage stellt den Troeller sech ëmmer op d’Säit vun deene Schwaachen. D’Leitmotiv ass d’Beschreiwung vum schwéiere Liewe vun den ‘einfache Leit’ an de sougenannten Ëntwécklungslänner, agebonnen an déi politesch a wirtschaftlech Conditiounen, déi dëst Liewe bedingen. Den Troeller prangert d’Amëschen an dat rücksichtlos Duerchsetze vun den Interessen vun den viermolege Kolonialmiecht un, mee och déi "importéiert" Ideologië vun den neien Hären a Meeschteren, (mer sinn am Kale Krich), déi gewuesse Strukturen zerstéieren an déi nei Ongerechtegkeete schafen. Hie weist, zum Beispill un Hand vu brasilianeschen Doléiner an enger Zockerplantatioun, wéi de sougenannte ‘Fortschrëtt’, deen de Welthandel fördert, derzou bäidréit, datt e puer Wéineg sech kënnen iwwerméisseg beräicheren, iwwerdeems wäit Deeler vun der Populatioun ënnert der Hongersgrenz liewe mussen.

Fir seng Reportage kritt de Gordian Troeller eng Hellewull Präisser, dorënner 1992 de renomméierten Adolf-Grimme-Preis fier säi Liewenswierk.

Hien verscheed 2003 am Alter vu 86 Joer zu Hamburg.

Als Hommage un de Gordian Troeller kënnt am Dezember 2007 an der Serie Films made in Luxemburg eng DVD mat dräi Dokumentarfilmer ënnert dem Titel Gordian Troeller revisited eraus.

[Änneren] Seng Dokumentarfilmer

  • Ein Kriegsbericht aus dem Mittelalter Jemen 1963
  • Durchs blutige Kurdistan Irak 1964
  • Ein vergessener Völkermord Sudan 1967
  • Im belagerten Sanaa Nordjemen 1967
  • Die Revolte der Sklaven Oman 1969
  • Ein Jahr nach der Revolution 1969
  • Die revolutionäre Kirche in Lateinamerika 1969
  • Das Mittelalter will nicht sterben Jemen 1970
  • Noch ein Biafra Sudan 1970
  • Im Land der 1001 Bohrtürme Persesche Golf 1971
  • Das Sultanat Oman Oman 1971
  • Südjemen, das Kuba der arabischen Welt Südjemen 1972
  • Algier, Hauptstadt der Revolutionäre Algerien 1972
  • Kommunisten seit 1000 Jahren Südjemen 1973
  • Der Zorn der Korsen Frankräich 1973

[Änneren] Im Namen des Fortschritts

[Änneren] Frauen der Welt

[Änneren] Kinder der Welt

[Änneren] Literatur zum Thema

  • ADICK, Ch.; STUKE, F. (Hg.), Ferne Länder - fremde Sitten. Analysen zum Filmwerk Gordian Troeller. Frankfurt 1996
  • GARCIA Robert, Abrechnung mit den Mächtigen, der Filmemacher Gordian Troeller, in Lëtzebuerger Almanach ’89, 44-57.
  • ROEMEN, Robert, Charles "Gordian" Troeller ist tot : Resistenzler, Geheimdienstchef, Journalist und Filmemacher / r.. - In: Lëtzebuerger Journal. - Jg. 56(2003), Nr. 58(25. Mäerz), p. 2, ill.

[Änneren] Linken

[Änneren] Kuckt och

[Änneren] Um Spaweck

Static Wikipedia 2008 (March - no images)

aa - ab - als - am - an - ang - ar - arc - as - bar - bat_smg - bi - bug - bxr - cho - co - cr - csb - cv - cy - eo - es - et - eu - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - frp - fur - fy - ga - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - jbo - jv - ka - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - ms - mt - mus - my - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nn - -

Static Wikipedia 2007 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -
https://www.classicistranieri.it - https://www.ebooksgratis.com - https://www.gutenbergaustralia.com - https://www.englishwikipedia.com - https://www.wikipediazim.com - https://www.wikisourcezim.com - https://www.projectgutenberg.net - https://www.projectgutenberg.es - https://www.radioascolto.com - https://www.debitoformativo.it - https://www.wikipediaforschools.org - https://www.projectgutenbergzim.com