See also ebooksgratis.com: no banners, no cookies, totally FREE.

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Arno Mayer - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Arno Mayer

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Den Arno Joseph Mayer, gebuer den 19. Juni 1926 zu Lëtzebuerg ass en US-amerikaneschen Historiker vu lëtzebuergeschen Originnen. Hien ass Universitéitsprofesser zu Princeton (USA). Seng Fuerschungsgebidder si virun allem d'europäesch Geschicht, besonnesch wärend der "30järeger Kris", wéi hien et nennt, tëscht 1914 an 1945, d'international Diplomatie an d'Shoah (fir déi hien den Term "Judeozid" gebraucht, fir eng reliéis deterministesch Vue ze vermeiden).

Den Arno Mayer, Jong vu jiddeschen Elteren, ass virum 10. Mee 1940, ir Lëtzebuerg vun däitschen Truppen besat gouf, mat der Famill an d'USA an den Exil gaangen. Do huet hien 1944 déi amerikanesch Nationalitéit ugeholl. An der amerikanescher Arméi gouf hien ë.a., wéinst senge gudden Däitschkenntnisser, beim Verhéiere vu Krichsgefaangenen agesat. Hien huet vun 1949 un op der Yale Universitéit studéiert an do 1959, seng Doktoratsthes Wilson versus Lenin: political origins of the new diplomacy verëffentlecht, an deeër en den Ëmbroch vun den internationale Bezéiungen nom Éischte Weltkrich beschriwwen huet (wat en "Nei Diplomatie" genannt huet), deen duerch d'Politike vum amerikanesche President Wilson op deeër enger Säit, der Russescher Revolutioun op der anerer, provozéiert gi war. Seng Theorie, déi en an de Joeren dono virunentwéckelt huet, seet, dass wärend d'Wirtschaft an d'Technik sech rasant zënter der Industrieller Revolutioun virunentwéckelt hätten, d'Diplomatie an Europa sech, well do virun allem Adleger un de Schalthiewele souzen, déi Angscht ëm hir Privilegien haten, vill méi lues entwéckelt hätt, an esou d'Katastroph vum Éischten an Zweete Weltkrich (déi fir heen net vuneneen ze dissoziéiere sinn), vum Faschismus a vun der Shoah, erméiglecht gi wier.

Dem Arno Mayer säi Papp, de Frantz (Frank) Mayer, war de Grënner vum Zionismus zu Lëtzebuerg. Obwuel hien net reliéis war, ass den Arno Mayer 1950 e Summer laang an Israel gaangen, fir do d'Experienz vum Liewen am marxistesche Kibbutz Hashomer Hatzair ze maachen. Hie war awer vun Ufank u kritesch géintiwwer der ethnozentrescher Vue vum Staat Israel a war mam Martin Buber enger Meenung, datt nëmmen en ethnesch gemëscht Staat vu Judden a Palestinenser e Konflikt an deeër Regioun verhënnert hätt. Well hie sech och selwer als Marxist defiéiert huet, huet den Arno Mayer et an den 1950er Joeren, am Kontext vum Maccarthismus an de Verenegte Staaten net einfach gehat.

Hien huet noeneen op de Léierstill fir Geschicht op der Wesleyanescher Universitéit (1952-1953), an deene vu Brandeis (1954-1958), Harvard (1958-1961) a Princeton (zënter 1961) Course ginn. 1970 war hie fir een Dag am Prisong, well e bei enger Aktioun vun zivilem Net-Follege matgemaach hat, fir géint d'Partizipatioun vun engem Departement vun der Princetion Universitéit um Vietnamkrich ze protestéieren.

Säi Buch Why Did the Heavens Not Darken huet him vill Kritiken abruecht. Doranner vertrëtt hien, vereinfacht gesot, d'Thes, d'Shoah wier éischter aus antikommunistesche ewéi aus antisemitesche Motivatioune vum Hitler ageleet ginn.

An deene leschte Joere setzt hie sech kritesch mat der amerikanescher Aussepolitik auserneen, déi en als imperialistesch bezeechent.


[Änneren] Publikatiounen (Auswiel)

  • Wilson versus Lenin: political origins of the new diplomacy, 1959.
  • Post-War Nationalisms, 1918-19, pages 114-126 from Past and Present, Volume 34, 1966.
  • Politics and Diplomacy of Peacemaking: Containment and Counter-Revolution at Versailles, 1918-19, 1967.
  • Dynamics of Counter-Revolution in Europe, 1870-1956: An Analytical Framework, 1971.
  • Lower Middle Class as Historical Problem" pages 409-436 from Journal of Modern History, Volume 47, 1975.
  • Internal Crisis and War Since 1870 from Revolutionary Situations in Europe, 1917-22 edited by Charles L. Bertrand, 1977.
  • The Persistence of the Old Regime: Europe to the Great War, 1981. (fr: La persistance de l’Ancien Régime, l’Europe de 1848 à la Grande Guerre, de: Adelsmacht und Bürgertum. Die Krise der europäischen Gesellschaft 1848-1914. München 1984.)
  • Why Did the Heavens Not Darken? The "Final Solution" in History, 1988. (fr: La "Solution finale" dans l’histoire, La Découverte, 2002.)
  • '"Memory and History: On the Poverty of Forgetting and Remembering about the Judocide". in: Radical History Review, Volume 56, 1993, S. 5-20.
  • The Furies: Violence and Terror in the French and Russian Revolutions, 2001. (fr: Les Furies (1789-1917). Violence, vengeance, terreur. Paris, Fayard, 2002.)
  • "Réflexions intempestives", Iwwersat aus dem Engleschen vum Françoise Cartano in Le Monde, 27.09.2001, nogedréckt am forum 219, September 2002, S.5-8
  • "The Praise of Cassandra", 2003
  • "Bush-Bashing and the Empire's Onward March: Back to Cleopatra's Nose", in: Counterpunch April 7/8, 2007.


[Änneren] Litertur

  • Wehenkel, Henri: "Arno J. Meyer. Né à Luxembourg, historien dissident, voix de l'autre Amérique", in: forum Nr. 236 (2004), S. 44-48.
  • Blackbourn, David & Eley, Geoff: The Peculiarities of German History: Bourgeois Society and Politics in Nineteenth Century German History, Oxford: Oxford University Press, 1984.
  • Fry, Michael and Gilbert, Arthur: "A Historian and Linkage Politics: Arno J. Mayer" in: International Studies Quarterly, Volume 26, 1982, S. 425-444.
  • Lundgreen-Nielsen, Kay: "The Mayer Thesis Reconsidered: The Poles and the Paris Peace Conference, 1919", in: International History Review, Volume 7, 1985, S. 68-102.
  • André Loez, Nicolas Offenstadt: "Un historien dissident ? Entretien avec Arno J. Mayer", in: Genèses, 49, Dez. 2002, S. 123-139 (en Interview mat zwéi vu senger Schüler).
  • Perry, Matt: "Mayer, Arno J." in: The Encyclopedia of Historians and Historical Writing, Volume 2, edited by Kelly Boyd, Volume 2, London: Fitzroy Dearborn Publishing, 1999, S. 786-787.
  • Righart, Hans: "`Jumbo-History': perceptie, anachronisme en `hindsight' bij Arno J. Mayer en Barrington Moore" in: Theoretische Geschiedenis, Volume 17, 1990, S. 285-295.
  • Thompson, E. P.: The Poverty of Theory and Other Essays, London: Merlin Press, 1978.

[Änneren] Um Spaweck


aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -