Web - Amazon

We provide Linux to the World

ON AMAZON:


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Adel - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Adel

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Illustratioun vun zwéin Adleger aus:Eygentliche Beschreibung aller Stände auff Erden, hoher und nidriger, geistlicher und weltlicher, aller Künsten, Handwercken und Händeln vum Jost Amman an Hans Sachs (1568)
Illustratioun vun zwéin Adleger aus:Eygentliche Beschreibung aller Stände auff Erden, hoher und nidriger, geistlicher und weltlicher, aller Künsten, Handwercken und Händeln vum Jost Amman an Hans Sachs (1568)

Den Adel ass eng sozial Grupp déi um Ierfschaftsrecht opgebaut ass, a wou d'Memberen (oder hir Virfahren) hire Wäert bewisen hunn. A prämodernen Zäite ware si déi Grupp, déi an der Gesellschaft déi héchste Plaz hat. Am feudale System an Europa an och soss an der Welt waren d'Adeleg déi, déi e Fief1 als Vasall haten, an als Konterpartie dem Kinnek trei waren, a fir hien zum Beispill an de Krich gezu sinn. Zimlech séier wor domadder verbonnen, e gewëssen Titel ze droen, deen ee sengen Nokomme verierft huet. Am Frankräich vum Ancien Régime haten déi Adeleg och divers steierlech an aner Virdeeler a Virrechter2. Hautzudags huet en Adelstitel gréisstendeels nëmmen nach e representative Wäert, ouni datt si eng speziell Muecht hätten, wéi dat virun e puer Joerhonnerten nach de Fall war.

Adel ass e geschichtlechen, sozialen a rechtleche Begrëff, deen näischt mam sozio-wirtschaftleche Status ze dinn hat. Well ee räich war, war een net automatesch adeleg an et war och net seelen, datt verschidden Händlerfamilje bei wäitem méi Suen am Tresor haten, wéi de Grof aus der Noperschaft.

D'Wuert Adel kënnt aus dem germaneschen odal wat ee mat "onbewegleche Besëtz" oder "Immobilien" iwwersetze kann.

Inhaltsverzeechnis

[Änneren] De westlechen Adel

Déi indoeuropäesch Vëlker hunn hirt Liewen op enger Gesellschaft opgebaut, déi an dräi opgedeelt war. Dës Andeelung an eng Grupp déi biet (Klerus), eng Grupp déi kämpft (Adel) an an eng Grupp déi produzéiert (Drëtte Stand), gouf vun der Kierch ënnerstëtzt.

Den europäeschen Adel hat säin Ursprong am Héichmëttelalter. Déi fréimëttelalterlech germanesch Herrscher hunn nach gréisstendeels mat Stammesstrukturen a Verbänn regéiert. Wéi am karolingesche Räich an an der Zäit duerno Strukture geschaf goufen, déi iwwert d'Stämm erausgaange sinn, huet den Herrscher nieft de Stammesféierer (Herzogen) onofhängeg Fonctionnaire missen installéieren (Dingschtadel, Ministeriales). D'Denke vun dëser Zäit huet sech awer weiderhin a Stammes- an a Familljestrukture bewegt, a sou koum et zu enger Tendenz, dës Funktioune weiderzeverierwen. Well d'"Bezuelung" vun dëse Fonctionnairen an enger Gesellschaft, déi nach keng entwéckelt Geldwirtschaft kannt huet, meeschtes a Form vu Lännereie gemaach gouf, ass d'Lehenswiesen entstanen, an an der Folleg och d'Ierflechkeet vum Land zesumme mat der Funktioun. 877 gouf bei de Franken d'Recht, seng Charge a säi Land esou ze verierwen am Kapitular vu Quierzy-sur-Oise festgehalen.

Italieneschen Adlegen aus dem 15. Joerhonnert
Italieneschen Adlegen aus dem 15. Joerhonnert

Am 11. Joerhonnert goufen et ëmmer méi Ministeriales (also ofhängeg Adelsfamillen), well d'Kinneken ëmmer méi Verwalter vun hirem Besëtz gebraucht hunn. Mat der Ausdifferenzéierung vun dësem System sinn ënnerschiddlech Adelstitel enstanen, e Prozess dee säin Ofschloss am 14. Joerhonnert fonnt huet. Duerno koum et zu enger Phas an deeër den héijen Adel ëmmer méi versicht huet sech géigeniwwer vun der kinneklecher oder keeserlecher Gewalt z'emanzipéieren. An Däitschland an an Italien ass dëst gréisstendeels gelongen an et koum zu enger Staatebildung vun Herzogtummen a Grofschaften. An England a virun allem a Frankräich ass de Prozess net esou wäit gaangen, an et hunn sech éischer zentral organiséiert Staate gebild3.

Am Verlaf vun de Kricher (wéi zum Beispill dem Honnertjärege Krich) koum et op franséischer Säit zu Kritiken um Adel, dee jo eigentlech déi Grupp sollt sinn, déi Waffen dréit an déi awer wichteg Schluechte verluer hat. Sou koum et zu Bewegunge wéi der Jacquerie. De Krich gouf ëmmer méi eng Affär vu Professionnellen a vu Söldner, während den adelege Ritter sech manner um Schluechtfeld weist, a wann, da gëtt hie meeschtens verschount, well e méi Suë bréngt, wann en nach um Liewen ass. Am 15. Joerhonnert gouf d'Arméi weider moderniséiert a vill Adleger hunn sech als Gentilhomme op d'Land zeréckgezunn. Dëse Liewensstil gouf vum Gilles vu Gouberville a sengem Journal schéi beschriwwen.

Wann een net adeleg gebuer war, dann huet dat net bedeit datt een et net konnt ginn. A Frankräich war et net seelen, datt een duerch gewësse Funktioune fir de Kinnek en Adelstitel krut. Zwar hat ee selwer meeschtens net méi vill dervun, mee spéider Generatiounen hunn dovunner profitéiert. Dës Zort vun Adeleger krut den Numm Noblesse de Robe4. Mee genee sou wéi ee konnt adeleg ginn, konnt ee säin Titel och verléieren. A Frankräich war et zum Beispill den Adelegen verbueden, manuell Aarbechten ze maachen, well dat net nobel war. Wéi wäit ee konnt goen, konnt sech awer vu Land zu Land ënnerscheeden.

Den Néiergang vum Adel koum am 18. Joerhonnert. Am Zäitalter vun der Opkläerung war keng Plaz méi fir eng Grupp an der Gesellschaft, déi eemol eng Berechtegung hat als Grupp déi kämpft mee awer scho laang net méi selwer um Schluechtfeld stoung. Dëst war och e grousse Kritikpunkt an der Franséischer Revolutioun well d'Leit net méi agesinn hunn, wisou eng Grupp, déi hir eigentlech Aufgab scho laang net méi erfëllt, speziell Privilegie sollt hunn. An Däitschland gouf den Adel mat der Weimarer Konstitutioun 1919 ofgeschaf.

[Änneren] Den Adel soss an der Welt

E japaneschen Daimyō op Staatsvisite
E japaneschen Daimyō op Staatsvisite

Bis am 5. Joerhonnert war den Adel a Japan nëmmen e labbere Verband vu Sippen. Am 6. Joerhonnert huet d'keeserlech Zentralmuecht ierflech Standestitel an d'Liewe geruff a si u verschidde Cheffe vun de Sippschaften iwwerginn an huet si domadder staatlech delegéiert an hir Muecht legitiméiert.

Am 7. Joerhonnert gouf den Adelscritère bei der Gebuert duerch d'Verwaltungsfähegkeet ersat. Duerch e Landesgesetz aus dem Joer 701 gouf de Gebuertsadel duerch e Verdingschtadel vun Zivilbeamten ersat. Ënnert der Leedung vun dësem Verdingschtadel, dee sech ëmmer méi an der Haaptstad Heian (haut Kyoto) konzentréiert huet, gouf den Zivil-Adel aus de Provënze bis zirka 1200 vun der Muecht verdriwwen. Bis am Joer 1868 war de sougenannte Schwert-Adel (Samurai, Daimyō, Shōgun) un der Muecht. Dem Keeser (Tennō) si gréisstendeels nëmmen nach kulturell Aufgabe bliwwen. 1884 gouf am Kader vun der Meiji-Restauratioun den Zivil-Adel an de Schwert-Adel zu engem eenzegen Adel (Kazoku) zesummegefaasst, an d'Samurai goufen ofgeschaf. Duerch e Gesetz vum 7. Juli 1884 gouf den Adel nom chinesesche Muster a fënnef Klassen agestuft, mee war awer am Géigesaz zu China onbegrenzt ierflech nom Grondsaz vun der Éischtgebuert. Nom Zweete Weltkrich gouf den Adel als Institutioun duerch d'Konstitutioun vun 1946 ofgeschaf. Nëmmen d'keeserlech Famill selwer ass bestoë bliwwen.

E Mandschu
E Mandschu

Bis zu der Ofschafung vum Keesertum am Joer 1912 gouf et a China en Héichadel, deen éischtens aus de Membere vun der Mandschu-Dynastie bestanen huet, an zweetens aus dem enke Krees vun zéng Haiser, déi den ierflechen Adel vu fréiere Keeser erhalen haten, ë.a. d'Nokomme vum Konfuzius, d'Famill Kong, an d'Nokomme vum Krichshäer vu Formosa am 17. Joerhonnert, dem Koxinga.

Bei den aneren Adelegen huet d'Generatioun drop ëmmer e méi niddrege Stand geierwt, sou datt den Adelstitel no fënnef Generatiounen nees verschwonne war. Adeleger hate Virrechter fir Fonktioune beim Haff. An der Arméi waren awer déi literaresch a militäresch Prüfunge méi wichteg wéi en Titel. An der biergerlecher a spéider kommunistescher Republik ass den Adel verschwonnen. Vill Adeleger sinn ausgewandert, op Hong Kong, an Taiwan oder an d'USA.

[Änneren] Literatur zum Thema

  • Martin Aurell, La noblesse au Moyen Âge, Armand Colin, Paräis, 1996.
  • Christophe Badel, La Noblesse de l’empire romain. Les masques et la vertu, Seyssel, Champ Valon, 2005 (ISBN 287673415)
  • Eckart Conze (Ersg.), Kleines Lexikon des Adels. Titel, Throne, Traditionen, C.H. Beck, München, 2005. (ISBN 3-406-51070-1)
  • Walter Demel, Der europäische Adel. Vom Mittelalter bis zur Gegenwart, C.H. Beck, München, 2005. (ISBN 3-4065-0879-0)
  • Georges Duby, Les trois ordres ou l'imaginaire du féodalisme, Gallimard, Paräis, 1978. (ASIN 2070286045)
  • Dominic Lieven, Abschied von Macht und Würden. Der Europäische Adel 1815-1914, S. Fischer, Frankfurt, 1995. (ISBN 3-10-044804-9)
  • Arno J. Mayer, Adelsmacht und Bürgertum. Die Krise in der europäischen Gesellschaft 1848-1914, dtv, München, 1988. (ISBN 3-406-09749-9)
  • H.M. Scott (Ersg.), The European Nobilities in the Seventeenth and Eighteens Centuries, London 1985. (ISBN 0-582-08070-3)

[Änneren] Linken

[Änneren] Kuckt och

  • Den Adel an de verschiddene Länner: Franséischen Adel, Däitschen Adel, Briteschen Adel
  • Generalstänn
  • Feudalismus
  • Nobilitas

[Änneren] Um Spaweck

Commons: Adel – Biller, Videoen oder Audiodateien

[Änneren] Notizen a Referenzen

1: E Fief konnt e Stéck Land an/oder eng Charge sinn.
2: Sou waren zum Beispill verschidde Steieren nëmme vum Drëtte Stand ze bezuelen, Adel a Klerus waren als "privilegéiert Gruppen" dovunner ausgeschloss.
3: Heibäi duerf een awer net vergiessen, datt et och an dëse Länner net ëmmer einfach war, fir sech als Kinnek ze behaapten. E leschte grousse Versuch d'Muecht u sech ze rappe war a Frankräich zum Beispill d'Fronde während der Minoritéit vum Louis XIV.
4: Robe: de Rack war eng Allusioun op de Fait datt et meeschens Magistrate waren, déi duerch hir Fonktioun adeleg gi sinn

Static Wikipedia 2008 (March - no images)

aa - ab - als - am - an - ang - ar - arc - as - bar - bat_smg - bi - bug - bxr - cho - co - cr - csb - cv - cy - eo - es - et - eu - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - frp - fur - fy - ga - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - jbo - jv - ka - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - ms - mt - mus - my - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nn - -

Static Wikipedia 2007 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -
https://www.classicistranieri.it - https://www.ebooksgratis.com - https://www.gutenbergaustralia.com - https://www.englishwikipedia.com - https://www.wikipediazim.com - https://www.wikisourcezim.com - https://www.projectgutenberg.net - https://www.projectgutenberg.es - https://www.radioascolto.com - https://www.debitoformativo.it - https://www.wikipediaforschools.org - https://www.projectgutenbergzim.com