Alternativ Demokratesch Reformpartei
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Logo | Parteizentral |
---|---|
Basisdonnéeën | |
Grënnungsdatum: | 12. Mee 1987 |
Parteipresident: | Robert Mehlen |
Vizepresidentin: | Marie-Josée Kodisch-Bausch |
Trésorier: | Jeff Engelen |
Generalsekretären: | Roy Reding, Manuel Turmes |
Websäit: | www.adr.lu |
Alternativ Demokratesch Reformpartei (ADR) ass den Numm vun enger Lëtzebuerger politesch Partei, déi den 12. Mee 1987 als Aktiounskomitee 5/6 Pensioun fir jiddfereen gegrënnt gouf. 1989 gouf den Numm an Aktiounskomitee 5/6 ëmbenannt, dee sengersäits 1993 an Aktiounskomitee fir Demokratie a Rentegerechtegkeet ëmgedeeft gouf. Am Mäerz 2006 koum eng weider Ëmbenennung zum Numm, wéi en elo ass.
[Änneren] Geschicht
D'ADR ass erfirgaang aus enger "Single-issue"-Partei, déi mat enger eenzeger Fuerderung – gläichhéich Pensiounen an alle Secteuren – bei de Chamberwale vum 18. Juni 1989 ugetrueden ass a mat 4 Deputéierten an d'Parlament gewielt gouf.
Den 10. Oktober 1993 ass d'ADR a 7 Gemengeréit gewielt ginn. Den 12. Juni 1994, bei de Chamberwalen, gewënnt d' ADR 1 Sëtz derbäi, a bei deene vum 13. Juni 1999 nach eng Kéier 2. Et sinn der ewell 7. Bei de Gemengewale vum selwechte Joer kënnt d'ADR op am ganzen 10 Gemengerots-Sëtzer.
Bei de Chamberwale vum 13. Juni 2004 huet d'ADR 2 Sëtzer par rapport zu virdru verluer. Och bei de Gemengerotswale vum 9. Oktober 2005 huet se manner Sëtzer kritt wéi virdrun.
[Änneren] Deputéierten
- Roby Mehlen vu Manternach
- Gaston Gibéryen vu Fréiseng
- Jacques-Yves Henckes vu Lëtzebuerg
- Jean-Pierre Koepp vun Houschter-Déckt