Alessandro Volta
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Alessandro Giuseppe Antonio Anastasio Grof vu Volta gebuer den 18. Februar 1745 zu Como, Italien, a gestuerwen den 5. Mäerz 1827 zu Camnago bei Como war en italienesche Physiker. Hien huet d'elektresch Batterie erfonnt. Zesumme mat dem Luigi Galvani gëllt hien als de Begrënner vum Zäitalter vun der Elektrizitéit.
[Änneren] Säi Liewen
Dem Volta seng Elteren, de Filippo Volta an d' Maria Maddalena Inzaghi, hunn hien op eng Jesuiteschoul geschéckt, mat dem Hannergedanken, datt hie Jurist sollt ginn.
Am Joer 1774 gouf hie Physiksschoulmeeschter a senger Heemechtsstad, a 1779 Professer op der Universitéit Pavia.
Hien huet am Joer 1793 d’Teresa Peregrini bestued, mat deeër hien dräi Jongen opgezunn huet.
De Volta ass 1819 a Pensioun gaangen.
[Änneren] Erfindungen
Am Joer 1775 erfënnt de Volta den Elektrophor, an 1783 den Plattenkondensator.
Seng gréisst an erfollgeräichst Erfindung war awer déi am Joer 1800 konstruéiert Sail vum Volta, déi éischt Batterie, déi fonctionnéiert huet. Si huet aus ofwiesselnd iwwerenee geluechte Koffer- an Zénkplakke bestanen. D’Plakke goufen duerch Dicher, déi mat Saier gedränkt waren, vunenee getrennt.
Eng weider Erfindung vun him war den Eudiometer.
[Änneren] Éierungen
- 1791 ass hie bei der Royal Society zu London als Member opgeholl ginn.
- 1794 krut hien d’Copley-Medail.
- 1810 Fir seng Verdéngschter an der Elektrizitéit ze éiren gëtt de Napoléon Bonaparte him de Grofentitel
- 1815 ernennt de Keeser vun Éisträich hien zum Professer op der Univesitéit Padua
- 1897, also 70 Joer no sengem Doud, gouf de Volta mat deenen héchsten Auszeechnungen, déi jee e Physiker kréie kann, géiert: Zu sengen Éieren gouf d’Moosseenheet fir d’elektresch Spannung Volt no him benannt.
- De Volta a seng Aarbechtsplaz (de Voltatempel) ware bis virun der Aféierung vum Euro op den italienesche Geldschäiner ze gesinn.
[Änneren] Um Spaweck
Commons: Alessandro Giuseppe Antonio Anastasio Volta – Biller, Videoen oder Audiodateien |