See also ebooksgratis.com: no banners, no cookies, totally FREE.

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Zeus - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Zeus

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Den Zeus an d'Io vum Correggio.
Den Zeus an d'Io vum Correggio.

Entspriechungen: Jupiter · Taranis · Thor · Tinia

Den Zeus (gr.: Ζεύς/Zeús; och Δίας/Dias), Jong vum Kronos an der Rhea, war den ieweschten olympesche Gott an der griichescher Mythologie. Iwwer him stoung nëmmen dat personifizéiert Schicksal - d'Moiren - un dat och hien sech hale misst.

Den Numm kënnt aus der selwechter indogermanescher Wuerzel wéi dat algr. theos, dem lat. deus, dem germaneschen Ziu an dem indeschen Deva, déi Ausdrock fir e gemeinsamt indoeuropäescht patriarchalescht Gottesbild.

Hien huet iwwer den Himmel geherrscht an hat den Adler an de Blëtz als Symboler. Hie gouf mat senger Schwëster Hera bestued, an hat eng sëlleche Kanner, dorënner den Herakles, en Hallefgott, an d'Athene, wat aus sengem Kapp entsprongen ass.

Inhaltsverzeechnis

[Änneren] Kandheet

De Kronos, deen deemools säi Papp Uranos enttrount hat fir selwer un d'Muecht ze kommen, huet gefaart et géif him mat senge Kanner ähnlech ergoen an huet duerfir all seng Kanner verschléckt. Senger Fra Rhea ass ët awer gelongen, den Zeus an enger Grott op Kreta ze verstoppen a si huet dem Kronos e Steen deen a Wëndelen agewéckelt war a sénger Plaz ginn1.

Den Zeus vun Otricoli, Musée Pio-Clementino
Den Zeus vun Otricoli, Musée Pio-Clementino

Den Zeus gouf vun der Geess Amaltheia (oder vun enger Nymph mat dësem Numm) mat Geessemëllech opgezunn, a vun de Kurete beschützt. Aus engem Har vun dëser Geess sollt spéider d'Cornucopia, d'Fëllhar, ginn. Wéi den Zeus méi al war, huet hie sech bei de Kronos geschlach, an hie gezwongen, seng Gesëschter alleguer nees erauszespäizen.

Eng aner Versioun vum Mythos erzielt de Mythograph Antoninus Liberalis a senge Metamorphoses. D'Rhea huet den Zeus an enger kretescher Grott op d'Welt bruecht. Hei gouf d'Kand vu Beien opgezillt. Véier Awunner sinn enges Dags an d'Höhl komm, well si op der Sich no Hunneg waren, an hunn de jonke Gott gesinn, an dësen huet hinne gedrot, e géif si mam Blëtz erschloen, mee gouf awer vun der Themis an de Moiren zeréckgehalen, well keen op dësem hellege Buedem stierwen dierft. Doropshinn huet den Zeus si a Villercher verwandelt, déi Noriichten iwwerbréngen. De Rescht vun der Legend ass verluer gaangen.

Beim Homer ass den Zeus dat eelste Kand, an huet dofir seng Muecht. Esou huet de Poseidon am Trojanesche Krich noginn, well "obschonns si all aus der selwechter Famill kommen, ass den Zeus den Eelsten, a weess am Beschte Bescheed"2.

Beim Homer huet den Zeus als Paredros d'Okeanid Dione, déi och mat him beim Orakel vun Dodona assoziéiert gouf.

[Änneren] Den Zeus an d'Léift

Den Zeus ass berühmt fir seng sëllech Affären, mat Stierflechen, Nymphen a Gëttinnen: Danaë, Alkmene, Semele, Leto, Europa, Ganymed asw. Hie war de Papp vu ville Gëtter: Athene, Dionysos, Hermes, Apollo an Artemis; a vu villen Heroen: Herakles, Perseus, Kastor a Polydeukes asw.

Well hie senger drëtter Fra Hera (no der Metis an der Themis) ëmmer friemgaangen ass, koum ët dacks zum Sträit bei dëser Koppel, well d'Hera war immens jalous. Si huet dacks d'Geléiften (Io, Leto asw.) a souguer d'Kanner (Herakles) vun hirem Mann verfollegt.

Och huet den Zeus sech net ëmmer a senger richteger Gestalt gewisen, hien huet dacks Déiereformen ugeholl. De bekannteste Mythos heivunner ass wuel dee vun der Europa mam Stéier.

Avatar Fra/Affär Kanner
Amphitryon Alkmene Herakles
Ananke Moiren
Satyr Antiope Amphion, Zethos
Asteria
Kalliope Korybanten
Artemis Kallisto Arkas
Kalyke Aethlios, Endymion
Karme Britomartis
Reen aus Gold Danaë Perseus
Demeter oder Styx Persephone
Päerd Dia Peirithoos
Deino Orseis, Kyllene (?), Najaden (?), Skamandros (?)
Dione Aphrodite
Dorippe oder Pyrrha Hellen
Adler Aigina Aiakos
Elara Tityos
Elektra Dardanos, Emathion, Iasion, Harmonia
Enarete (?) Magnes
Eos Herse
Eris (?) Ate, Tyche
Eunomie, Hera, Aphrodite oder Eurynome Hegemone
Wäisse Stéier Europa Minos, Rhadamanthys, Sarpedon
Eurynome Chariten
Gaia Tityos, Manes
Adler Ganymed
Hera Ares an Eris, Eileithyia, Hebe, Hephaistos
Hybris, Thymbris oder Kallisto Pan
Io Epaphos
Laodamia Sarpedon
Schwan Leda oder Nemesis Kastor a Pollux, Klytaimnestra, Helena
Leto Apollo, Artemis
Maia Hermes
Maera Lokrus
Metis Athena
Mnemosyne Musen
Niobe Argos, Pelasgos
Pandora Latinus
Persephone Zagreus
Pluto Tantalos
Selene Herse, Pandia
Semele, Selene oder Dione Dionysos
Taygete Lakedaimon
Thalia Paliken
Themis Horen, Moiren, Astraea, Nemesis
Themisto Ister

[Änneren] Seng Herrschaft

Den Zeus an d'Europa, Tizian.
Den Zeus an d'Europa, Tizian.

Wéi säin Numm aus der indoeuropäescher Wuerzel *dei- seet3, huet den Zeus iwwer den Himmel geherrscht, d'Äerd war ënner de Gëtter opgedeelt. Hie krut de Bäinumm Κεραυνός / Kéraunos (« de Blëtz »), an huet mat engem Blëtz geschoss, deen him d'Kyklope gemaach haten. Dëse Blëtz hat dräi Stäerkten: eng fir ze warnen, eng fir ze strofen, an eng fir d'Enn vun der Zäit, fir d'Welt ze zerstéieren.

Den Zeus war och Meeschter iwwer d'Naturphänomener: Donner, Wellen asw. D'Meteorite waren him gewidmet. A senger Epikles Μαιμάκτης / Maimáktês, hëllt hien de Stuerm ewech. Hien ass och zoustänneg, datt et op der Äerd reent4. Esou hunn déi al Griichen de Reen och τὸ ἐν Διὸς ὕδωρ - Waasser vum Himmel genannt.

Well hie mat den Naturphänomener ze dinn huet, gouf hie logescherweis och mat de landwirschaftleche Kulturen an Zyklen assoziéiert. Den Hesiod schléit zum Beispill fir, den Zeus an d'Demeter ze ruffen, fir datt de Buedem vill Friichten dréit5. Ënner der Epikles Κτήσιος / Ktếsios huet hien d'Garde vum Iesse beschützt, an hat als Attributer d'Cornucopia an eng Schlaang.

[Änneren] Epitheten, Attributer, Hellegtümer

  • Homeresch Epitheten :
    • Zeus Papp (Ζεύς πάτερ / Zeus pater),
    • deen d'Wolleken zesummebréngt (νεφεληγερέτα / nephelêgereta),
    • (fierchterleche) Kronid ((αἰνός) Κρονίδης / (ainos) Kronidês),
    • mat staarker Stëmm (εὐρύοπα / euruopa),
    • Papp vun de Gëtter an de Mënschen (πατὴρ ἀνδρῶν τε θεῶν τε / patêr andrôn te theôn te),
    • mat der schwaarzer Wollek (κελαινεφής / kelainephês),
    • Meeschter vum Ida (Ἴδηθεν μεδέων / Idêthen medeôn),
    • Retter (soter),
    • Beschützer vun de Wiert a Garant vun den Hospitalitéitsregelen (ξένιος / xenios),
    • Beschützer vum Haus (herkios),
    • Beschützer vun der Proprietéit (kleisos),
    • Beschützer vum Bestiednis (gamelios) ;
  • Attributer : Blëtz, Eech, Aigis ;
  • Déieren : Adler ;
  • Hellegtümer : Hellegtum an Elis ; Orakel zu Dodona a säi Bësch aus Eechen an Epirus ; Zeustempel zu Olympia (mat der Zeus-Statu vum Phidias, ee vun de Siwe Weltwonner).

[Änneren] Literatur zum Thema

[Änneren] Notizen a Referenzen

1: Vgl. Bätylos.
2: Homer, Ilias (XIII, 354–355)
3: Pierre Chantraine, Dictionnaire étymologique de la langue grecque, Klincksieck, Paräis, 1999. (ISBN 2-252-03277-4), k.ë. Ζεύς, S. 399 a-b.
4: Hesiod, Wierker an Deeg (V. 415).
5: Hesiod, Wierker an Deeg (V. 465).

[Änneren] Um Spaweck

Commons: Zeus – Biller, Videoen oder Audiodateien
Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia zu der griichescher Mythologie.


aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -