Hera
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dëse Mythologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Hera war d'Duechter vum Kronos a vum Rheia, Schwëster a Fra vum Zeus a Mamm vum Ares, Hephaistos, Hebe ann Eileithyia. Als Fra vum héchste vun den olympesche Gëtter (hiren Numm heescht wahrscheinlech "Herrin") war si d'Himmelskinnigin an huet an der So an am Mythos eng bedeitend Roll gespillt.
[Änneren] Kult
Si hat eng Rëtsch vu Kultstätten, an ass virun allem zu Argos (dohier och de Bäinumm Argeia) an Olympia veréiert ginn. D'Hera gëllt als Schutzgëttin vum Bestiedniss a vun der Gebuert, awer och vum Liewensoflaf vun der Fra am allgemengen. Si huet den Éierenumm "Teleia" (d.h. d'Gëttin déi d'Erfëllung bréngt).
Dernieft weist de Mythos awer och aner Facette vun der Hera. Als Fra vum Zeus huet si missten ënnert senge sëlleche Säitespréng leiden an hir Roserei a Jalousie hunn dacks grotesk Zich ugeholl déi och e beléiften Thema an der griichescher Gëtterburlesk haten. Och soss konnt si an hirem Haass onerbiddlech sinn. Sou z.B. am Trojanesche Krich wou si (wéinst dem Uerteel vum Paris fir d'Griiche Partei ergraff huet.
[Änneren] Entspriechungen
- Juno
Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia zu der griichescher Mythologie. |