Sierck-les-Bains
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
|
|
---|---|
Land | Frankräich |
Regioun: | Loutrengen |
Departement: | Moselle |
Kanton: | Sierck-les-Bains |
Arrondissement: | Diddenuewen-Ost |
Koordinaten: | 49° 26’ 35’’ N 06° 21’ 39’’ O |
Fläch: | 4,8 km² |
Awunner: | 1 872 (1999) |
Bevëlkerungsdicht: | 389 Aw. / km² |
Héicht: | 145 m – 337 m |
Buergermeeschter: | Denis Schwenck |
Sierck-les-Bains (lëtz.: Siirk) ass eng franséisch Uertschaft a Gemeng am Departement Moselle a Loutrengen, eng 4 km hannert Schengen un der Grenz mat Lëtzebuerg.
[Änneren] Geschicht
Den Uert geet op gallo-réimesch Urspréng zréck, wéi verschidden Iwwerreschter beweisen. Am 10. Joerhonnert war e vun den Tréirer Äerzbëscheef ofhängeg, bis datt déi Loutrenger Herzogen en am 11. Joerhonnert iwwerholl an do eng Buerg gebaut hunn. Déi Buerg gouf am Laf vun der Geschicht dacks belagert, 1633 stonge schliisslech och d'Truppe vum Louis XIII. virun der Dier, mee et huet nach bis 1661 gedauert bis datt Siirk offiziell en Deel vu Frankräich ginn ass. D'Buerg selwer gouf als Fort un der franséischer Baussegrenz nach e puer mol moderniséiert an ausgebaut, 1866 ass se awer endgülteg deklasséiert ginn.
[Änneren] Bevëlkerungsentwécklung
|
[Änneren] Kuckeswäertes
- D'Buerg vun de Loutrenger Grofen
- D'Kierch Notre-Dame vu 1492