Departement Moselle
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
|
|
---|---|
Regioun | Loutrengen |
Prefektur | Metz Arrondissementer Metz-Ville Metz-Campagne |
Ënner-Prefektur(en) | Boulay-Moselle Château-Salins Forbach Sarrebourg Sarreguemines Diddenuewen mat: Thionville-Est Thionville-Ouest |
Bevëlkerung | 1.023.447 Aw.(1999) |
Fläch | 6 216 km² |
Arrondissementer | 9 |
Kantoner | 51 |
Interkommunalitéiten | 39 |
Gemengen | 730 |
Den Departement Moselle (57) ass e franséischt Departement, dat nom Floss Musel (fr.: Moselle) genannt ass.
[Änneren] Geschicht
Wéi déi meeschten aner Departementer, gouf d'Musel-Departement de 4. Mäerz 1790 an der Folleg vun der Franséischer Revolutioun gegrënnt. Et ass aus dem nërdlechen Deel vun der deemoleger Provënz Loutrengen ervirgaangen, a seng Grenz gouf bis 1815 e puer Mol liicht verännert. D'Stied Saarbrécken a Sarrelouis hunn zäitweileg derzougehéiert.
Deemools war d'Departement a 4 Arrondissementer ënnerdeelt: Metz (Chef-lieu), Briey, Sarreguemines an Diddenuewen.
Den 18. Mee 1871 huet Däitschland e groussen Deel vum Departement annexéiert. Just dee westlechsten Deel blouf franséisch, a gouf an dat nei geschafent Departement Meurthe-et-Moselle agegliddert.
1919, nom Traité vu Versailles gungen déi loutrengesch Territoiren nees hannescht u Frankräich. Zesumme mat engem Deel vum fréieren Departement Meurthe gouf d'Moselle nees nei als Departement gegrënnt (mat den Arondissementer Boulay-Moselle, Forbach, Metz, Sarreguemines, Diddenuewen, Château-Salins a Sarrebourg), woubäi d'Ofgrenzung zur Meurthe-et-Moselle dem franséisch-däitsche Grenzvelaf vun 1871 no gemaach gouf.
Am Zweete Weltkrich gouf d'Moselle an de Gau Westmark integréiert, zesumme mam Saarland an der Pfalz. D'amerikanesch Truppen hunn der Okkupatioun en Enn gesat, wann och verschidden Uertschaften hu misse bis Mäerz 1945 waarden, bis se befreit goufen.
[Änneren] Geographie
D'Moselle ass Deel vun der Regioun Loutrengen. Et grenzt un d'Departementer Meurthe-et-Moselle a Bas-Rhin, an un Däitschland a Lëtzebuerg.
Gréisser Stied: Saint-Avold, Creutzwald, Hayange, Hagondange.
Waasserleef: Musel, Saar, Seille.
[Änneren] Bevëlkerung
D'Awunner gi Mosellan(ne)s genannt.
[Änneren] Wopen
Linken :
[Änneren] Linken
[Änneren] Kuckt och
[Änneren] Um Spaweck
- (fr) D'Préfecture
- (fr) De Conseil général
- geoplatt
01 Ain · 02 Aisne · 03 Allier · 04 Alpes-de-Haute-Provence · 05 Hautes-Alpes · 06 Alpes-Maritimes · 07 Ardèche · 08 Ardennes · 09 Ariège · 10 Aube · 11 Aude · 12 Aveyron · 13 Bouches-du-Rhône · 14 Calvados · 15 Cantal · 16 Charente · 17 Charente-Maritime · 18 Cher · 19 Corrèze · 2A Corse-du-Sud · 2B Haute-Corse · 21 Côte-d'Or · 22 Côtes-d'Armor · 23 Creuse · 24 Dordogne · 25 Doubs · 26 Drôme · 27 Eure · 28 Eure-et-Loir · 29 Finistère · 30 Gard · 31 Haute-Garonne · 32 Gers · 33 Gironde · 34 Hérault · 35 Ille-et-Vilaine · 36 Indre · 37 Indre-et-Loire · 38 Isère · 39 Jura · 40 Landes · 41 Loir-et-Cher · 42 Loire · 43 Haute-Loire · 44 Loire-Atlantique · 45 Loiret · 46 Lot · 47 Lot-et-Garonne · 48 Lozère · 49 Maine-et-Loire · 50 Manche · 51 Marne · 52 Haute-Marne · 53 Mayenne · 54 Meurthe-et-Moselle · 55 Meuse · 56 Morbihan · 57 Moselle · 58 Nièvre · 59 Nord · 60 Oise · 61 Orne · 62 Pas-de-Calais · 63 Puy-de-Dôme · 64 Pyrénées-Atlantiques · 65 Hautes-Pyrénées · 66 Pyrénées-Orientales · 67 Bas-Rhin · 68 Haut-Rhin · 69 Rhône · 70 Haute-Saône · 71 Saône-et-Loire · 72 Sarthe · 73 Savoie · 74 Haute-Savoie · 75 Paräis · 76 Seine-Maritime · 77 Seine-et-Marne · 78 Yvelines · 79 Deux-Sèvres · 80 Somme · 81 Tarn · 82 Tarn-et-Garonne · 83 Var · 84 Vaucluse · 85 Vendée · 86 Vienne · 87 Haute-Vienne · 88 Vosges · 89 Yonne · 90 Territoire de Belfort · 91 Essonne · 92 Hauts-de-Seine · 93 Seine-Saint-Denis · 94 Val-de-Marne · 95 Val-d'Oise · 971 Guadeloupe · 972 Martinique · 973 Guyane · 974 Réunion
Bar-le-Duc | Boulay-Moselle | Briey | Château-Salins | Commercy | Épinal | Forbach | Lunéville | Metz-Campagne | Metz-Ville | Nancy | Neufchâteau | Saint-Dié-des-Vosges | Sarrebourg | Sarreguemines | Thionville-Est | Thionville-Ouest | Toul | Verdun