See also ebooksgratis.com: no banners, no cookies, totally FREE.

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Marie-Josée Jacobs - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Marie-Josée Jacobs

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

D'Marie-Josée Jacobs gebuer den 22. Januar 1950 zu Maarnech, ass eng lëtzebuergesch Politikerin.

D'Marie-Josée Jacobs ass eng ausgebilten Infirmière-anesthésiste a praktizéiert dëse Beruff tëscht 1969 an 1992, wou se Ministesch gëtt.

Parallel dozou huet se sech politesch a gewerkschaftlech engagéiert. Als Member vum Lëtzebuerger Chrëschtleche Gewerkschaftsbond (LCGB) ass si vun 1980 bis 1992 Presidentin vun der Sektioun fir Privatbeamten a vun 1981 bis 1992 Vizepresidentin an deeër Gewerkschaft. Politesch ass se zanter 1967 Member vun der CSV, wou se zäitweileg Presidentin vun de Chrëschtlech-Soziale Fraen, Presidentin vun der Nord-Sektioun a Vizepresidentin vun der Partei ass.

1984 gëtt d'Marie-José Jacobs fir d'éischt an d'Chamber gewielt, wuer se zanterhir all Kéiers erëmgewielt gëtt. 1987 gëtt se Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg.

Den 9. Dezember 1992 gëtt d'Marie-Josée Jacobs zur Ministesch fir Landwirtschaft, Wäibau a Ländlech Entwécklung an Delegéiert Ministesch fir Kultur an der Regierung Santer-Poos II ernannt, e Portefeuille, deen se no de Wahle vum 12. Juni 1994 bäibehällt. Bei der Regierungsëmbildung am Januar 1995, nodeems de Jacques Santer als President vun der Europäescher Commissioun op Bréissel goung, gëtt d'Marie-Josée Jacobs Ministesch fir Familljen, d'Promotioun vun de Fraen an de Mënsche mat Behënnerungen.

1999, an der Regierung Juncker-Polfer, ass d'Marie-Josée Jacobs Ministesch fir Familljen, Sozial Solidaritéit a Jugend, a Ministesch fir d'Fërderung vun de Fraen.

Zanter 2004 ass d'Marie-Josée Jacobs Ministesch fir Familljen an Integratioun a Ministesch fir Chancegläichheet an der Regierung Juncker-Asselborn.

Aner Sproochen


aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -