Le Club des Chômeurs
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Informatiounen zum Film
Filmdaten | |
---|---|
Originaltitel: | Le Club des Chômeurs |
Produktiounsland: | Lëtzebuerg Schwäiz |
Produktiounsjoer: | 2002 |
Dauer: | 90 Minutten |
Originalsprooch: | Lëtzebuergesch |
Equipe | |
Regie: | Andy Bausch |
Dréibuch: | Andy Bausch Jean-Louis Schlesser |
Kamera: | Jacques Raybaut |
Musek: | Serge Tonnar |
Produzent: | Nicolas Steil Rolf Schmid Iris Film Production Fama Film AG |
Haaptacteuren | |
Thierry van Werveke als Jeronimo Myriam Muller als Angie André Jung als Théid Marco Lorenzini als Frunnes Luc Feit als Sonny Boy Fernand Fox als Abbes Christian Kmiotek als Petz Marja-Leena Junker als Jackel Veronique Fauconnet als Teresa Jhemp Hoscheit als Direkter vum Arbeitsamt Camillo Felgen als Paschtouer Marc Olinger als Lokalpolitiker Claude Oliver Rudolph Sabine von Maydell |
Le Club des Chômeurs ass e Lëtzebuerger Film vum Andy Bausch aus dem Joer 2002.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Ëm wat geet et am Film?
Stolkris, dat heescht fir vill Leit am Minett op eemol am Chômage ze sinn. Fënnef Kollegen hu Gefalen un deer neier Situatioun fonnt an hunn sech geschwuer, fir ëmmer an éiweg als Chômeuren op dem Staat seng Käschten ze liewen - och wann et heiansdo méi Schweess kascht, der Aarbecht aus dem Wee ze goen, ewéi eng unzehuelen. Dofir hu si de "Club des Chômeurs" gegrënnt...
E Film iwwert den industrielle Süden vu Lëtzebuerg, Chômeuren, Indianer, Léift a Verrot, e grousse Coup an och e "klenge Problem". Dat ganzt gewürzt mat enger décker Portioun Humor, riichteraus, wéi dat am Süden esou Usus ass.
[Änneren] Zitat aus der geschriwwener Press
- Le Club des chômeurs est tout simplement une comédie, une déclaration d'amour à la Minette et à ses habitants, au rock'n'roll, aux indiens, au cinéma et à ses spectateurs, Si on n'attend rien d'autre que du divertissement et du plaisir à s'identifier et à reconnaître, on passera un excellent moment de cinéma. Et en rira aux larmes. (Land, 25. Januar 2002)