See also ebooksgratis.com: no banners, no cookies, totally FREE.

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
André Jung - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

André Jung

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Den André Jung (*13. Dezember 1953) ass e Lëtzebuerger Schauspiller, deen déi meeschten Zäit vu senger Carrière - iwwer honnert Rollen - an der Schwäiz an an Däitschland verbruecht huet.

Tëscht 1973 an 1976 huet den André Jung d'Staatliche Hochschule für Musik und Darstellende Kunst zu Stuttgart besicht. Vun 1976 u war hien ë.a. zu Heidelberg, Basel, Zürich, Bréissel, Stroossbuerg a Frankfurt-am-Main engagéiert.

Séng éischt Engagementer hat hie bei den Theatern zu Heidelberg a Basel, 1985/86 koum en an d' Schauspielhaus vun Zürich. Vun 1988 bis 1993 war er am Ensembel vum Theater Basel wou e virun allem mat de Regisseure Werner Düggelin, Herbert Wernicke, Hans Hollmann, David Mouchtar-Samorai, Jossi Wieler a Christoph Marthaler gespillt huet.

1993 ass den André Jung bei d' Deutsche Schauspielhaus Hamburg gewiesselt, wou en ë.a. ënnert dem Christoph Marthaler a Kasimir und Karoline, Die Spezialisten an Die Stunde Null oder Die Kunst des Servierens, gespillt huet, an ënnert der Regie vum Jossi Wieler am Peter Handke sengem Kaspar, dem Shakespeare sengem Wintermärchen an dem Tankred Dorst sengem Merlin.

1997 huet hien tëschenduerch zu Bréissel an der Opéra de la Monnaie d'Tenorroll an Orphée aux Enfers ( vum Jacques Offenbach) gesongen. 1998 huet hien an der Uropféierung vun der Elfriede Jelinek hirem er nicht als er (Regie: Jossi Wieler) zu Salzburg matgespillt, an och am Horváth sengem Zur schönen Aussicht (Regie: Christoph Marthaler) an dem Ariadne auf Naxos (Regie: Jossi Wieler).

Vun 2000 bis 2004 war den André Jung nees beim Schauspielhaus vun Zürich engagéiert, wou en ë.a. an Drei Schwestern (Regie: Stefan Pucher), Winter (Regie: Jossi Wieler), Anatomie Titus Fall of Rome Ein Shakespearekommentar vum Heiner Müller, an dem Johan Simon senger Inszenéierung vun Die zehn Gebote (no de Filmer Dekalog 1 - 10 vum Krzysztof Kieslowski a Krzysztof Piesiewicz) gespillt huet. Niewelaangscht ass en och mat de Münchner Kammerspiele opgetrueden, ë.a. am Patrick Barlow sengem Der Messias (Regie: Nikola Weisse) an der Elfriede Jelinek hirer Uropféierung vun "In den Alpen" (Regie: Christoph Marthaler).

Zënter der Saison 2005/06 ass hie beim Ensembel vun de Münchner Kammerspiele engagéiert. wou en an Die Bakchen vum Euripides (Regie: Jossi Wieler) an dem Johan Simons senger Inszenéierung vun "Elementarteilchen" ze gesi war. Hien huet och a Robinson Cruso, die Frau und der Neger nom John M. Coetzee sengem Roman Foe gespillt (Regie: Johan Simons).

Zu Lëtzebuerg schafft hien ëmmer nees an Inszenéierunge vum Frank Hoffmann mat, z.B. an Der Theatermacher (nom Thomas Bernhard, 2003) oder Der Widerspenstigen Zähmung (eng Koproduktioun mat de Ruhrfestspiele vu Recklinghausen, 2006).

Den André Jung spillt och a ville Kino- an Tëleesfilmer mat, dorënner och de Lëtzebuerger Produktiounen Die Reise das Land, Schacko Klak, Three Shake-a-leg Steps to Heaven, Le Club des Chômeurs a La Revanche.

2006 ass en a Perl oder Pica an Deepfrozen ze gesi gewiescht.

[Änneren] Gielecher

1981 an 2002 gouf e vun der däitscher Fachzäitschrëft Theater heute zum Schauspieler des Jahres gewielt. 2000 krut den André Jung de Schauspielpreis der Stadt Hamburg.

[Änneren] Filmer

[Änneren] Kino

[Änneren] Televisioun

  • Bella Block (Episod: Bitterer Verdacht) (2001)
  • Ariadne auf Naxos (2001)
  • Polizeiruf 110 (Episod: Kleine Dealer, große Träume) (1996)
  • Die Stunde Null oder Die Kunst des Servierens (1996)
  • Ausgerechnet Zoé (1994)
  • Déi zwéi vum Bierg (1985) (TV-Serie)

[Änneren] Kuckt och


aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -