See also ebooksgratis.com: no banners, no cookies, totally FREE.

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Kazenaniwwel - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Kazenaniwwel

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

De Katzenaniwwel: Zesummegesatend Bild aus optesche Biller vum Hubble-Weltraumteleskop a Röntgenstrahlendate vum Chandra-Röntgenteleskop
De Katzenaniwwel: Zesummegesatend Bild aus optesche Biller vum Hubble-Weltraumteleskop a Röntgenstrahlendate vum Chandra-Röntgenteleskop

De Katzenanniwwel (NGC 6543) ass e Planetarischer Nebel am Stärebild Draco. Hien ass vun der Struktur ee vun de komplexten ënnert de bekannten Niwwelen. Héichopléisend Fotoën vum Hubble-Weltraumteleskops loossen op aussergewéinlech Strukturen wéi Kniet kucken. Jets a bouarteg Eegeschaften sinn och ze erkennen.

Hie gouf de 15. Februar 1786 vum Wilhelm Herschel entdeckt an hie war duerch den Amateurastronom William Huggins 1864 den éischte Planetaresch Niwwel, bei deem een d’Spektrum ënnersicht huet.

Duerch modern Ënnersich koumen vill Rätselen op. Déi komplizéiert Struktur kënnt deelweis vun engem Begleetstär staamen, awer bis elo gouf dësen nach net entdeckt. Weiderhin existéieren aus ongeklärte Grënn staark Variatiounen vum Resultat vun zwou Methoden, déi d’chemesch Zesummesetzung miessen.

Inhaltsverzeechnis

[Änneren] Allgemeng Informatiounen

Den NGC 6543 ass ee ganz genee ënnersichten Planetaresche Niwwel. Hien ass mat enger Magnitud vun 8.1 relativ hell an huet deemno eng ganz héich Uewerflächenhellegkeet. Seng Rektaszensioun ass 17h 58.6m a seng Deklinatioun ass 66°,38’. Seng héich Deklinatioun bedeit, datt hie liicht vun der nërdlecher Hemisphär gesi ka ginn. Den NGC 6543 befënnt sech bal um Nordpol vun der Äerdbunn an ass dofir och ënnert dem eelere Numm Ekliptiknordpol-Niwwel bekannt.

Während den Duerchmiesser vum hellen banneschtem Deel mat ongeféier 20 Bousekonnen e ganz klengen Deel anhëllt, existéiert ëm den Niwwel och en 6,4 Bouminutten groussen Halo, dee vu sengem ale Stär ausgestouss gouf wou hie nach e roude Ris war.

Den Haptkierper huet eng Dicht vu ronn 5.000 Deelecher pro cm³ an eng Temperatur vu ronn 8.000 K. De bausseschten Halo huet eng Temperatur vun 15,000 K an eng vill méi kleng Dicht.

De zentrale Stär ass e O-Typ Stär an huet eng Temperatur vun 80,000 K. Hien ass ongeféier 10.000-mol méi hell wéi eis Sonn, an huet awer nëmmen hiren 0,65 fache Radius.

Duerch spektroskopesch Analysen konnt gewise ginn, datt hien am Moment Mass duerch säi schnelle Stärewand verléiert. Et sinn ongeféier 3,2×10-7 Sonnemassen am Joer - 20 Billiounen Tonnen pro Sekonn. D’Wandvitessen hunn 1900 km/s. Berechnungen weisen, datt de Stär nëmmen e bëssche méi wéi eng Sonnemass weit. Et geet een awer bei de Berechnungen dovun aus, datt hien fréier eemol 5 Sonnenmasse schwéier war.

[Änneren] Observatiounen

De Niwwel gouf de 15. Februar 1786 vum Wilhelm Herschel entdeckt an et war duerch den Amateurastronom William Huggins 1864 den éischten Planetaresche Niwwel, bei deem een d’Spektrum ënnersicht huet. Dem Huggins seng Observatiounen waren déi éischt déi dorop higedeit hunn, datt de Niwwel aus extrem verdënntem Gas besteet. Zënter dëser fréier Observatioun, gouf den NGC 6543 queesch duerch dat ganzt elektromagnetescht Spektrum ënnersicht.

[Änneren] Infraroutobservatiounen

Aus Observatiounen um NGC 6543 am Infraroutberäich geet ervir, datt et do interstellare Stëbs an niddregen Temperaturen gëtt. Et gëtt gemengt, datt hie sech an der leschter Phas vum fréierem zentrale Stär entwéckelt huet. De Stëbs absorbéiert d’Liicht vum Zentralstär a wandelt et an Infraroutliicht ëm. Aus dem Infraroutspektrum vum Stëbs huet een erausfonnt, datt hien eng Temperatur vu ronn 70 K huet.

Infraroutemissiounen hunn och op d’Existenz vu netioniséiertem Material higewisen, wéi molekularem Waasserstoff (H2). A ville Planetaresche Niwwelen ass d’Emissioun duerch Molekülen um Rand vum Niwwel am gréissten, mä et schéngt am NGC 6543 déi stärksten Emissioun duerch molekulare Waasserstoff ëm den banneschten Deel vum bausseschtem Halo ze sinn. E Grond kënnt sinn, datt verschidden schnell Stoussweleen, déi den H2 enthalen, kollidéieren.

[Änneren] optesch an ultraviolett Observatiounen

Den NGC 6543 gouf am ultravioletten an opteschen Wellelängeberäich ëmfaassend ënnersicht. D’Biller vun dëse Wellelängten gi benotzt fir d’komplizéiert Struktur vum Niwwel siichtbar ze maachen. (Dogéint sinn spektroskopesch Observatiounen do, fir d’chemesch Zesummesetzung ze ermëttelen)

Dëst Foto vum Hubble-Weltraumteleskop weist net d’Faarwen vum Niwwel wéi se a Wirklechkeet sinn. Si gouf gemaach, fir d’Verdeelung vun héijem a niddregem Ionisatiounsgehalt ze weisen. Et goufen dräi Biller iwwereneen geluecht, déi einfach ioniséirte Waasserstoff vun der Wellenlängt 656,3 nm, ioniséierte Stéckstoff bei 658,3 nm an ioniséierte Sauerstoff vun der Wellenlängt 500.7 nm duerstellen. Well d’Faarwe vun den eenzelnen Wellenlängten rout, rout a gréng sinn, huet een hinnen fir eng besser Ënnerscheedung déi 3 Kanäl rout, gréng a blo zougewisen. Et erkennt een um Bild bei den Ecken zwee Beräicher aus wéineg ioniséiertem Material.


[Änneren] Um Spaweck

Commons: Katzenaugennebel – Biller, Videoen oder Audiodateien


aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -