Gréngewald
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dëse Geographiesartikel iwwer Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Gréngewald ass e Bësch am Nordoste vun der Stad Lëtzebuerg op engem Plateau deen am Schnëtt 350 Meter héich läit. Déi héchste Plaz ass um Lieu-dit Laangtmuer laanscht d'Iechternacherstrooss mat 425 Meter. De Gréngewald besteet zum gréissten Deel aus Bichebësch, an d' Verjüngung ass natierlech, dat hesscht datt den Nowues aus Som vun den ale Beem geschitt. Nëmmen an exceptionnelle Fäll wéi z.b. no de Stierm Daria, Vivian a Wiebke vun uganks 1990, oder soss enger Kalamitéit gëtt geplanzt.
Et ass dat gréisste Stéck Bësch zu Lëtzebuerg, dat uneneenhänkt. D' Réngelbaach an d'Schetzelbaach aus deenen d'Wäiss Iernz entsteet, an d'Kriibsebaach an d'Iernsterbaach aus deenen d'Schwaarz Iernz entsteet, hunn do hir Quellen, an och Drénkwaasser gëtt do ofgezaapt, well de Buedem aus Sandsteen en natierleche Filter ass.
Um westleche Bord vum Gréngewald, no bei Walfer, leien d'Raschpëtzer, en ënnerierdeschen Aquädukt-System aus der Réimerzäit.
Als Staatsbësch ass de Gréngewald d'Géigestéck zum Bambësch, deen der Stad Lëtzebuerg gehéiert.
[Änneren] Transaktiounen
Am 19. Joerhonnert war de Gréngewald 2.623 ha grouss, haut nach 2.500 ha. Den hollännesche Kinnek-Groussherzog Wëllem II. hat am Joer 1845 dem Staat 669 ha Bësch ofkaaft. Nodeems den Haff no an no Stécker vum Gréngewald derbäi kaaft hat, huet de Staat am Mäerz 1934, no engem Vote vun der Chamber 776,12 ha zréckkaaft, fir de Präis vu enger 20 Millioune Frang. Déi Suen hunn dozou gedéngt, den Ënnerhalt vum Haff ze bezuelen.
Am Juli 2006 gouf bekannt, datt de Grand-Duc géif iwwerleeën, deen Deel vum Gréngewald, deen a séngem Besëtz war, ze verkafen. Dëse Projet gouf am September vum selwechte Joer fale gelooss, ë.a., well de Staat net genuch Budgetsmëttelen hat, fir en opzekafen. Dofir gouf sech awer g'eenegt, datt de Staat soll en Deel vun de Käschte vum Entretien vum Grand-Duc sengem Terrain iwwerhuelen. Am Géigenzuch wier dësen zu bestëmmte Joreszäiten der Allgemengheet zougänglech.
2007 gehéieren dem Haff nach 850 ha am Gréngewald.
Bei Geleeënheet vun enger parlamentarescher Ufro vun den ADR -Deputéierten Gaston Gibéryen an dem Robert Mehlen huet de Premierminister Jean-Claude Juncker Uganks Februar 2007 detailléiert Renseigementer ginn iwwer d'Tauschoperatiounen tëscht dem Haff an dem Staat, déi an der Vergaangenheet munneg Rumeuren mat sech bruecht haten.
[Änneren] Um Spaweck
[Änneren] De Gréngewald an der Literatur
- D'Vulleparlament am Gréngewald heescht e satirescht Gedicht vum Edmond de la Fontaine, genannt Dicks.
- D'Geriichtssëtzung vum Michel Rodange sengem Renert spillt sech am Gréngewald of.