See also ebooksgratis.com: no banners, no cookies, totally FREE.

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Deutsche Lufthansa - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Deutsche Lufthansa

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Lufthansa
IATA-Code LH
ICAO-Code DLH
Sëtz: Köln
Logo vun der Lufthansa
Logo vun der Lufthansa

D'Lufthansa (Deutsche Lufthansa AG) ass déi gréissten däitsch Fluchlinn mat Sëtz zu Köln. Hiren Heemechtfluchhafen ass zu Frankfurt, zweet Dréikräitz vun der Gesellschaft gëtt lues a lues de Fluchhafe vu München. D'Haaptmaintenancehalen sinn zu Hamburg. D'Lufthansa wor bis 1953 zu bal 100% a staatlëchem Besëtz, 1966 ass d'Lufthansa-Aktie fir d'éischt un der Bourse cotéiert ginn, 1994 huet de Staat nach 34% vun den Aktien kontrolléiert; zënter 1997 ass d'Lufthansa vollstänneg privatiséiert. D'Lufthansa ass Grënnungsmember vun der Star Alliance.

D'Lufhansa gehéiert och international zu de gréisste Gesellschaften. Mat hiere Verkéiersleeschtungen ass se vierbäi am internationale Loftverkéier: Am Jahr 2003 huet se am internationale Verkéier déi meeschte Passagéier vun allen IATA Fluchgesellschaften transportéiert an ass och bei der Fracht op der 1. Plaz. 2003 goufen 3,5 Prozent méi Passagéier transportéiert wéi d'Joer virdrunn. Bei der Lufthansa Cargo gouf duerch déi schwaach Konjunktur manner Fracht transportéiert, 2,7 Prozent manner wéi nach 2002. D'Auslaaschtung ass mat 65,6 Prozent nëmmen ee Prozentpunkt ënnert där vun 2002 bliwwen.

Inhaltsverzeechnis

[Änneren] Basisdaten

Lufthansamaschin déi amgang ass vum Rhein-Main-Flughafen Frankfurt fortzefléien
Lufthansamaschin déi amgang ass vum Rhein-Main-Flughafen Frankfurt fortzefléien
  • Passagéieropkommes: 62,9 Mio (Stand 2007)
  • Frachtopkommes: 1.911.000 Tonnen (Stand 2007)
  • Employéen: 100.799 (Stand 2007)
  • Gewënn/Verloscht:
    • 21 Milliounen Euro (2001)
    • 717 Milliounen Euro (2002)
    • -984 Milliounen Euro (2003) (Verloscht)
    • 1.378 Milliounen Euro (2007)

[Änneren] Geschicht

D'Geschicht vun der Lufthansa besteet aus zwee Deeler, sou wéi et sech bei der Lufthansa och em zwee verschidde Betriber handelt. Déi eng Lufhansa gouf et bis 1945. Déi aner, déi nei, Lufthansa ass an de 1950er Jahren entstanen, wéi d'Alliéiert et bis erlaabt hunn.

[Änneren] Déi éischt Lufthansa 1926-1945

1926 gëtt d'Lufthansa als "Deutsche Luft Hansa Aktiengesellschaft" gegrënnt. Et handelt sech dobäi em d'Fusioun vun Deutscher Aero Lloyd (DAL) a Junkers Luftverkehr. Den éischte Fluch no festem Horaire geet vun Halle iwwert Erfurt a Stuttgart op Zürich. Am Mee gëtt mat Berlin-Königsberg den éischten Nuetsfluch duerchgefouert. Nodeems d'Restriktiounen vum Paräisser Loftoofkommes gefall si gëtt eng Fluchlinn Berlin - Köln - Paräis an Zësummenaarbecht mat der franséischer Lignes Forman op d'Been gestallt. Am Summer kommen Flich Richtung Nord- an Ostséi dobäi. 1927 kommen eng ganz Rëtsch Strecken dobäi, wéi z.B. München - Salzburg - Klagenfurt - Venedëg. D'Lufthansa benotzt fir divers Fluchlinien och Fluchbooter. Am August gëtt mat der Reichsbahn eng Kooperatioun beim Frachttransport ausgemach. D'Lufthansa grënnt och déi éischt Sub-Gesellschaften am Ausland, 1926 ass dat de Syndicato Condor Ltda a Brasilien. Den 12./13. Abrëll 1928 flitt den Hermann Köhl mat dem Günther Freiherr von Hünefeld und Fitzmaurice an enger Junkers W33 vun Irland aus iwwert den Nordatlantik. D'Lufthansa flitt 1928 suguer a Sibirien an op Tokio.

1930 grënnt d'Lufthansa a Kooperatioun mat dem chineseche Verkéiersministère d'Europäisch-Asiatische Luftpostaktiengesellschaft Eurasia. Den Départ vu Postfliigeren vu Passagéierschëffer gëtt Normalitéit (24 där Départ'en dat Joer). D'Loftpoststreck Wien - Budapest - Belgrad - Sofia - Istanbul gëtt et vum Mee un. Iwwert des Streck komme Bréifer a manner wéi 24 Stonnen un. Der Lufthansa-Duechtergesellschaft Eurasia hiere Postdéngscht baut 1931 d'Streck Shanghai - Nanking - Peking - Manschuli op. D'Alpen gi vun 1931 u régelmässeg iwwerflunn an am Juni kascht d'Streck Köln - Frankfurt am Main testweis souvill wéi den 2. Klass-Billjet op der entsprechender Eisebunnsstreck. 1932 gëtt fir d'éischten Kéiher eng Junkers G38 agesaat op der Streck Berlin - Amsterdam - London. Am Juni gëtt suguer en Schëff (d'Westfalen) gelount, well d'Lufthansa wëll an Südamerika fléien. Am Mee 1933 ginn zwou Junkers W34 op Shanghai iwwerfouert. D'Heinkel He 70 gëtt ausprobéiert a brëcht 8 Weltrekorder. D'Deutsche Reichsbahn hëllt op der Streck Berlin - Königsberg als weltwäit éischten Eisebunnsgesellschaft en Nuetszuch wéinst enger Fluchverbindung ausser Betrib. Op der Südatlantikpoststreck gëtt nach emmer ausprobéiert, mee am Februar 1934 offréiert d'Lufthansa fir d'éischt eng transatlantesch Postlinn. Déi sougenannte Reichsbahnstrecken vu Berlin op Münster, op Stuttgart an op Breslau ginn an de Fluchplang intégréiert. Am Mee kennt déi nei Streck vu Berlin op Warschau dobäi. D'Reesvitessen erhéigen sech drastesch duerch den Asatz vun der Junkers Ju 52/3m an der Heinkel He 70. Vum Juni u flitt d'Heinkel He 70 op de sougenannte Blitzstrecken tëschent Berlin, Hamburg, Köln a Frankfurt um Main. Am September kann de milliounste Passagéier begréisst ginn. Am Februar 1935 gëtt e Versuchsfluch op Kairo mat enger Junkers Ju 52/3m duerchgefouert. A Kooperatioun mat der KLM gëtt d'Streck Amsterdam - Mailand an den Horaire intégréiert. Vun Abrëll u ginn op de Südatlantikstrecken och Nuetsflich duerchgefouert. Am August gëtt schonn den 100. Postfluch op der Südatlantikroute gefeiert. 1936 leet sech d'Lufthansa e puer Dornier Do-18 mat Junkers Dieselmotoren, fir d'Südatlantikstrecken, zou. Mat deene Maschinnen ass d'Fliigerei iwwert dem Ozean net méi vum gudde Wierder ofhängeg. Vier d'Prospektioun vun den Asienstrecken iwwerflitt eng Junkers Ju 52/3m dat Joer den Hindukusch an de Pamir. Am Juli gëtt an Ecuador d'Sociedad Ecuadoriana de Transportes Aereos (Ofkierzung SEDTA) gegrënnt, sie chartert bei der Lufthansa zwou Junkers W34. Mat den neie Blohm & Voss Ha 139-Maschinne gi Versuchsflich iwwert den Nordatlantik duerchgefouert, mat Erfolleg. Vun Oktober u gëtt de Postfluchdéngscht tëschent Berlin a Bagdad agefouert. Dës Linn gëtt kuerz dropper bis op Teheran verlängert. 1938 gëtt déi Route (vun Berlin op Teheran) fir de Passagéierverkéier fräiginn. Am Peru gëtt eng Duechtergesellschaft gegrënnt, doduercher kann e Liniendéngscht vun Däitschland an de Peru ageriicht ginn. Am August flitt eng Focke-Wulf Fw 200 nonstop vu Berlin op New York. Am November flitt déi selwescht Maschinn, rem eng Kéier nonstop, op Tokio. Alleng 1938 huet d'Lufthansa 254.713 Passagéier an 5.288 Tonne Bréifer transportéiert. Vu Mëtt Januar 1939 bis Ufank Februar ginn op enger däitscher Expeditioun an d'Antarktis zwou Dornier Do-15 (Wal) agesat an d'Schwabenland. Den 1. Abrëll gëtt d'Transatlantikstrecke vun Natal op Santiago de Chile vun der brasilianescher Duechtergesellschaft Syndicato Condor. Enn Juni flitt eng Focke-Wulf Fw 200 als éischte Fliger vun der Lufthansa, a 9h 47min an am Nonstop-Fluch, iwwert de Südatlantik ouni dobäi mussen op e Schëff zréckzegräifen. Am Abrëll/Mee flitt eng Junkers Ju 52/3m iwwert Bangkok, Hanoi an Taipeh op Tokio. E Liniendéngscht vu Berlin op Bangkok a 5 Etappe gëtt vun Enn Juli un ugebueden.

Déi Zäit déi déi all Lufthansa nach ze liewen huet an de 40er Jore steet am Zeeche vum Krich, no 1942 och am Zeeche vum Ënnergank. Méi a méi Strecke mussen de Betrib astellen, well sech de Krich zu Ongonschte vun den Nationalsozialisten entwéckelt. Scho laang ka keen normale Bierger méi mat der Lufthansa fléien. D'Maintenancehalen an d'Personal vun der Lufthansa stinn de facto am Déngscht vun der Luftwaffe, schonn alleng doduercher datt d'Gesellschaft muss militäresch Aufgaben iwwerhuelen.

Am November 1940 gëtt bei der Eurasia de Betrib agestallt, dat no eng Interventioun vun der chinesescher Régierung. D'Base zu Kunming gëtt geraumt an d'Personal verléisst China. Mëtt Dezember 1941 muss de brasilianeschen Syndicato Condor Ltda. de Betrib astellen, de März vun deem Joer huet schonn d'Deruluft liquidéiert misse ginn. 1942 gëtt de Syndicato Condor Ltda. an Servicos Aereos Cruzeiro do Sul Ltda. ëmbenannt. Vun 1943 bis 1945 ginn no an no emmer méi Strecken suppriméiert. D'Piloten an d'Lufthansareparaturbetriber schaffe fir d'Luftwaffe. D'Maschinne ginn als Transporter agesaat. Den 23. März 1945 gëtt de läschte Fluchplang gemach. Am Verlaf vum Joer gëtt déi al Lufthansa liquidéiert.

[Änneren] Déi nei Lufthansa (zënter den 1950er Joren)

Scho kuerz nom Krich versichen e puer vereenzelt Symphatisanten erëm eng Grondlag fir eng zivil Aviatioun opzebauen. Mee réischt ugaangs der 50er Jore geléngt et hir Aktiounen op eng zolidd Basis ze setzen. Kuerz drop entwéckelt sech d'Lufthansa erëm zu enger profitabler a moderner Entreprise, déi Däitschland an der Welt repräsentéieren däerf a kann.

[Änneren] D'50er Joren

Den Opbau vum zerstéierten Däitschland, d'Wirtschaftswonner an de Kale Krich loossen et zou, datt scho sou kuerz nom Krich rem an Däitschland ka geflu ginn an och däerf. Lukrativ Maschinnen, gënschteg Präisser an e gudde Service bei héijer Zouverlässegkeet loossen d'Lufthansa séier rëm an d'Gewënnzon fléien.

1951 gëtt zu Köln de "Büro Bongers" gegrënnt. Hei schaffen a sammelen al Lufthanseaten Ënnerlagen, déi d'Méiglechkeet an d'Avantage vun enger däitscher Fluchgesellschaft fir déi jonk Bundesrepublik weise sollen. De 26. Juni 1952 décidéieren d'Ministeren vum Bund, datt fir de geplangte Loftveréier eng Vierbereedungsgesellschaft, déi spéider LUFTAG (Aktiengesellschaft für Luftverkehrsbedarf), gegrënnt soll gi wat dann och de 6. Januar 1953 geschitt. Si bereet vun deem Moment un den Terrain fir déi eigentlech Lufthansa vir. Am August gi véier Lockheed L-1049 (Super-Constellation) bestallt. Am November gëtt dat éischt Fluchpersonal agestallt an ausgebild. De 6. August 1954 decidéiert d'Aktionärsversammlung vun der LUFTAG den Numm vun der Gesellschaft an Deutsche Lufthansa AG ze änneren. D'Stammverméige vu 6 Milliounen DM kënnt vum Bund an dem Land Nordrhein-Westfalen. Enn des Jores si scho bal 600 Mënschen bei der "neier" Lufthansa beschäftegt. Den 1. April 1950 geet et mam Fluchverkéier , vun der Lufhansa, bannent Däitschland, nees rem un. Um Ufank ginn och nach véier Convair CV 340 agesat. Déi éischte Verbindunge ginn et tëschent Hamburg, Düsseldorf, Köln/Bonn, Frankfurt am Main a München. Kuerz Zäit drop liwwert Lockheed déi éischt Super-Constellation an engem Nonstopfluch vun New York op Hamburg. Schonn e Mount méi spéit ginn déi éischt Destinatiounen am Ausland ugeflunn. Am Juni gëtt d'Gesellschaft an d'IATA intégréiert. Den Nordatlantikdéngscht no engem festen Horaire, fänkt den 8. Juli 1950, mat TWA-Piloten um Steierknëppel, un. Schonn 2 Méint méi spéit gëtt den Nordatlantik fir d'honnertste Kéier iwwerflunn. D'Verkéierspiloteschoul vun der Lufthansa zu Hamburg gëtt den 1. Oktober opgemach. Ufank November kënnt Stuttgart als nei Destinatioun dobäi. D'Chartergesellschaft Deutscher Flugdienst GmbH, aus där spéider d'Condor Flugdienst GmbH gëtt, gëtt zesumme mat der Bundesbahn, dem Norddäitsche Lloyd an der Hamburg-Amerika-Linie den 21. Dezember gegrënnt. Enn März 1956 flitt déi éischte Super-Constellation, mat reng däitscher Cockpit-Crew, an d'USA. E Mount méi spéit gi Montréal an Chicago als nei Destinatiounen an Nordamerika fir d'éischt ugeflunn. D'Verkehrsfliegerschule vun der Lufthansa zu Bremen gëtt den 1. Mee opgemach. Vum August u flitt d'Lufthansa och erëm a Südamerika (op Rio de Janeiro, São Paulo a Buenos Aires). Vu September u flitt d'Lufthansa erëm an den noen an an de mëttleren Osten mat den Destinatiounen Istanbul, Beirut, Bagdad an Teheran. Zënter dem 2. Abrëll 1957 si fënnef nei Convair CV 440 an der Flott vun der Lufthansa. D'Verbindung mat Éisträich gëtt et erëm zënter Mëtt Abrëll. Eng Weiterentwécklung vun der Super-Constellation, d'Lockheed Super-Star, flitt vu Kalifornien 9300km nonstop op Hamburg. Am Dezember gëtt en Service fir Fracht vun Däitschland an d'USA opgemach. Dofir gëtt eng Douglas DC-4 gechartert. Zënter dem 5. Januar 1958 fléien déi nei Lockheed Super-Star d'Streck Frankfurt/Main - New York nonstop am Passagéierbetrib. D'Lufthansa kënnt all Woch op 30 Flich iwwert den Atlantik. De Gesamtverkéiersvolume vun der Lufthansa klëmmt am Vergleich zum Virjoer ëm ronn 60 %. Zesumme mat der British European Airways (BEA) gëtt en Europafrachtservice agefouert. Déi nei Turboprop-Maschinen Vickers Viscount 814 kommen zuer Flott dobäi. D'Super-Constellation gëtt op de Mittelstrecken agesat. Sou kommen vun November u Flich op Kairo an de Programm. 1959 weit d'Lufthansa hiren Nonstop-Frachtservice vu Frankfurt op New York an. Am Abrëll kënnt eng Linn op Stockholm dobäi an am Mee gëtt och Athen nees erëm ugeflunn. Den 1. November 1959 fält eng Super-Constellation beim Landen zu Rio de Janeiro erof (36 Doudeger). Am Wanterfluchplang sti Karatschi, Bangkok a Kalkutta fir d'éischte Kéier op der Lëscht vun den Destinatiounen.

[Änneren] D'60er Joren

D'1960er Jore stinn am Zeeche vum Fortschrëttsglawen an dem onbegrenzte Wuesstem. Den Düsefliger steet am Mëttelpunkt vum Interessi. De Wuerentransport gëtt méi rapid a Linieflich an den Ostblock iwwerwannen ideologesch Grenzen.

1960 fäenkt bei der Lufthansa den Düsenzeitalter un. Den éischte Passagéierfluch mat der 707 ass den 13. Mäerz 1960 (vun Hamburg iwwert Frankfurt op New York). 1961 gëtt d'Bangkokstreck op Tokio verlängert an op d'Boeing 707 emgestallt. Zu de Boeing 707 komme 4 Boeing 720B dobäi, déi vum 1. Juli un d'Mëttelstrecken an den noen an an de mëttleren Osten servéieren. Vum 1. September u gëtt en Nuechtpostfluchnetz opgebaut, Convair 440- a Viscount-Maschinen iwwerhuelen hei d'Aarbecht. Am Dezember gëtt a Kooperation mat der Seabord Worlds Airlines och nach e rengen Frachtservice op der Nordatlantikstreck ageriicht. 1962 flitt d'Lufthansa nees rem am Liniendéngscht an Afrika. Vu März u gëtt zweemol an der Woch Lagos an Nigeria ugeflunn. Vu Mee u gëtt Johannesburg mat Tëschelandungen zu Athen, Khartum, Nairobi a Salisburg ugeflunn. 1963 sinn d'Super-Constellations weider um Viermarsch a ginn emmer méi op de Kuerzstrecken agesaat. Vum 1. Abrëll u gëtt, mat hinnen, e System getest, en Airbusdéngscht, deen ouni Reservéierung am Vieraus, ouni den traditionnellen Check-In an ouni Bordservice auskënnt. D'Präisser fir d'Strecke bannent Däitschland leien hei um Niveau vun deenen vun der Eisebunn. D'Bundesbahn protestéiert dogéint. 1963 flitt d'Lufthansa och fir d'éischt op Mallorca. 1964 gëtt och allgemeng festgestallt, datt d'Boeing 720 net déi a si gesaten Erwaardungen erfëllen. Den 21. Mäerz kënnt déi éischte Boeing 727 an Däitschland un. Desen Typ gëtt dorops standardméissege Kuerz- a Mëttelstreckfliger vun der Lufthansa. Op der Streck Frankfurt - Hamburg - Kopenhagen - Anchorage - Tokio gëtt fir d'éischt am Liniendéngscht den Nordpol iwwerflunn. Vum 1. Abrëll 1965 un steet och de 5. Kontinent, Australien, um Programm vun der Lufthansa. Och am Frachtverkéier gëtt lo den Düsefliger agefouert. Ufank November gëtt déi éischte Boeing 707 an der Frachtversioun ausgeliwwert. 10 Boeing 727 an enger Fracht/Passagéierausféierung gi bestallt. Bei dese Fligere gëtt et d'Méiglechkeet séier tëschent de beiden Asazméiglechkeeten ze wiesselen, de sougenannte Quick Change. Vu Januar 1966 u gëtt Tunis ugeflunn. Iwwert New York féieren neierdéngs der Lufthansa hier Flich un d'Westküst vu Südamerika. Den 28. Januar fällt eng CV 440 bei Bremen erof (46 Doudeger). Mat Prag steet déi éischte Stad aus dem deemolegen Ostblock um Horaire. Schonn de 6. Abrëll gëtt et en Charterfluch op Moskau. Eng weider Duechtergesellschaft, d'Lufthansa Service GmbH, gëtt den 1. Juli gegrënnt. Den Airbusdéngscht gëtt erem agestallt nodeems et der Bundesbahn gelongen ass eng Präiserhéigung duerchzesetze sou datt déi Saach fir d'Lufthansa net méi rentabel war. Vun Dezember u gëtt eng Streck op Khartum, Entebbe an Daressalam an de Fluchplang opgeholl. Fir an deene Stied hir Passagéier kennen ënnerzebréngen, bedeelegt sech d'Lufthansa un der Deutsche Hotelgesellschaft für Entwicklungsländer mbH. Enn 1966 gehéieren der Lufthansa am Ganzen 54 Fligeren, dovunner 31 mat Düsemotoren. 1967 gëtt eng nei Linn op Bogota ageriicht. D'Länner am Ostblock ginn ëmmer méi interessant fir d'Lufthansa. Et entsti Linien op Belgrad, Zagreb, Bukarest a Budapest. De 6. Oktober ass et eriwwer mat dem Asaz vun de Langstreckekolbemotorfligeren: déi läschte Super-Constellation gëtt aus dem Verkéier gezunn. Den 1. Januar 1968 gëtt déi a finanziell Schwieregkeete geroden Chartergesellschaft Südflug iwwerholl. Den éischten Exemplaire vun den neie Kuerzstreckefligeren vum Typ Boeing 737 land am Februar zu Hamburg. Fir de gewuessenen Usprëch vum Loftverkéier gerecht ze ginn, deet sech d'Lufthansa mat der Air France, der Sabena an der Alitalia zuer ATLAS-Grupp zesummen. Niewent Helsinki, Genua an Neapel gëtt och well Tel Aviv ugeflunn.

[Änneren] D'70er Joren

Den 13. Oktober 1977 gëtt d'Lufthansa-Maschinn Landshut op dem Fluch vu Palma de Mallorca op Frankfurt am Main vu véier palästinenseschen Terroristen entfouert an den 18. Oktober vun der GSG 9 an der Operatioun Feuerzauber befreit.

[Änneren] D'90er Joren

D'Wiedervereinigung vun Däitschland erméiglecht et der Lufthansa 1990 45 Joer nom Enn vu Zweete Weltkrich nees erem op Berlin fléien. Tëschent 1992 an 1997 packt et d'Gesellschaft hier gréisste wirtschaftlech Kris ze iwwerwannen an dat mat engem groussen Sanéirungsprogramm. De Betrib dee bis dohinner gréisstendeels am Besëtz vum Staat war gëtt a enger Rei vu Schrëtt komplett privatiséiert. Technik, Fracht an Informatik ginn an eng extra gegrënnten Gesellschaft verluegt. 1997 ginn d'Lufthansa, d'Air Canada, d'SAS, d'Thai Airways an d'United Airlines mat der "Star Alliance" déi éischte multilateral Allianz am Weltloftverkéier an, deser Allianz schléisse sech weider Fluchgesellschaften un.

[Änneren] D'00er Joren

Zënter 2003 gehéiert der Lufthansa d'Air Dolomiti.

Airbus A340 vun der Lufthansa
Airbus A340 vun der Lufthansa

[Änneren] Bekannte Fligere vun der Lufthansa

  • Junkers F13
  • Junkers Ju 52/3m
  • Focke Wulf FW 200 Condor (Europa-Amerika)
  • Lockheed Super Constellation
  • Boeing 707 (éischten Düsenfliger vun der Lufthansa)
  • Boeing 737 (entwéckelt op d'Bedierfnisser vun der Lufthansa)
  • Boeing 747 (De klassëschen Jumbo Jet)

[Änneren] D'Lufthansa haut

Déi zuer Zäit operativ Lufthansa-Flotte besteet aus folgenden Typen (Stand 15. August 2004):

[Änneren] Kontinentale Passagéierverkéier

  • Airbus A300-600 (15 Stéck)
  • Airbus A319 (14 Stéck)
  • Airbus A320 (31 Stéck)
  • Airbus A321 (26 Stéck)
  • Boeing 737-300 (33 Stéck)
  • Boeing 737-500 (25 Stéck)

[Änneren] Interkontinentale Passagéierverkéier

  • Airbus A330-200 (5 Stéck)
  • Airbus A330-300 (3 Stéck)
  • Airbus A340-300 (28 Stéck)
  • Airbus A340-600 (19 Stéck)
  • Boeing 747-400 (30 Stéck)
  • Boeing 767-300ER (1 Maschinn)
Avro RJ 85 vun der Lufthansa CityLine
Avro RJ 85 vun der Lufthansa CityLine

[Änneren] Régionale Passagéierverkéier

  • Avro RJ85 (18 Stéck, Lufthansa CityLine GmbH)
  • Canadair CRJ 100 (33 Stéck, Lufthansa CityLine GmbH)
  • Canadair CRJ 200 (10 Stéck, Lufthansa CityLine GmbH)
  • Canadair CRJ 700 (20 Stéck, Lufthansa CityLine GmbH)

[Änneren] Frachtverkéier

  • McDonnell Douglas MD-11 F (19 Stéck, Lufthansa Cargo AG)

[Änneren] A Bestellung

  • 15 Airbus A380-800 (Ginn 2007 geliwwert)
  • 10 Airbus A330-300 (dovunner schonn 3 geliwwert)

[Änneren] Weideres

Bei internationale Verbindungen kréien d'Flich Richtung Däitschland ongerued Nummeren an d'Flich an d'Ausland gerued Nummern . D'Lufthansa huet een vun den opwennëgsten Villfléierprogrammen (Miles and More).

[Änneren] Linken

[Änneren] Kuckt och

[Änneren] Um Spaweck



Betriber am Däitschen Aktienindex

Adidas-Salomon | Allianz | Altana | BASF | Bayer | BMW | Commerzbank | Continental AG | DaimlerChrysler | Deutsche Bank | Deutsche Börse | Deutsche Post | Deutsche Telekom | E.ON | Fresenius Medical Care | Henkel-Konzern | HypoVereinsbank | Infineon | Linde | Lufthansa | MAN | Metro-Konzern | Münchener Rück | RWE | SAP | Schering AG | Siemens | ThyssenKrupp | TUI | Volkswagen


aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -