Boeing E-3
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Boeing E-3 Sentry ass déi militäresch Bezeechnung fir eng Boeing 707-320, déi als AWACS Loftopklärer bei den Loftwaffen vu verschiddene Staaten am Asaatz ass. Niewt der fir en Verkéiersfliger ontypescher Bannenariichtung ass um “Daach“ eng grouss Radar-/IFF-Antenn, déi ee kann dréien, installéiert. Dëse Rotodom huet en Duerchmiesser vun 914 cm an eng Déckt vun 183 cm. Den APY-1 Radar huet eng Reechwäit vun 375 km.
E puer vun den 33 Maschinen vun der US-Loftwaff solle bis no 2025 am Déngscht bleiwen.
Déi aktuell 17 Boeing E-3A Sentry Opklärungsfligeren vun der NATO, fléien alleguer ënner lëtzebuergeschem Pavillon
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Versiounen
D’Satndartversioun vun der Sentry dréit déi offiziell Bezeechnung E-3A. Déi meescht Maschinnen goufe vun der US-Loftwaff an den 80er Jore moderniséiert an goufen dunn als E-3B bezeechent. Am Laaf vun der weiderer Moderniséierung kruten vill vun de Fligeren nei CFM Triebwierker an domat d’Bezeechnung E-3C. An de spéiden 80er entwéckelt Boeing zesumme mat British Aerospace eng moderniséiert Versioun vun der Sentry fir d’Royal Airforce an Groussbritannien, d’ E-3D. Dëse Modell ass mat neien méi leeschtungsfähegen General Electric CFM56-Triebwierker, souwéi enger Virriichtung fir d’Loftbetankung versi gin, mat dëser d’Sentry souwuel vun amerikaneschen wéi europäeschen Tankfligeren betankt kann gin, well dës béid Länner ënnerschidlech Fëll-Systemer hun. Zousätzlech gouf den Asaatzspektrum erweidert. Parallel zu der E-3D gouf fir Frankräich d’ E-3F entwéckelt, déi sëch awer nëmmen wéint e puer Détailler ënnerscheeden.
Well de Grondmodell Boeing 707 an hiir Varianten säit Ufank de 90er net méi produzéiert gin, setzen d’US-Loftwaff an aner Interessenten wéi Japan säitdem op d’Boeing 767 als Opklärungsplattform.
[Änneren] Keefer
- USA - 34 E-3A/B/C Sentry (aktuell 33 no engem Oofstuerz)
- NATO - 18 E-3A Sentry (aktuell 17 no engem Oofstuerz)
- Groussbritannien - 7 E-3D Sentry
- Saudi-Arabien - 5 E-3A Sentry (mat GE CFM56 Triebwierker)
- Frankräich - 4 E-3F Sentry
[Änneren] Technesch Daten E-3A
- Éischten Asaz: März 1977
- Käschten/Präis: ca. 270 Milliounen USD
- Besatzung: Crew 4, Missiouncrew 13-19
- Längt: 44,61 m
- Spannwäit: 44,42 m
- Véier Pratt&Whitney TF-33-W-100 Triebwierker mat je 93 kN
- Max. Geschw./Vitesse: 855 km/h
- Asazfluchhéicht: 9333-11000 m (28000-33000 Fuß)
- Asazdauer: bis 10 Stonnen ouni Loftbetankung (bis zu 18 Stonnen mat Loftbetankung)
[Änneren] NATO-Fligeren déi ënner dem Lëtzebuerger Pavillon fléien
Immatrikulatioun | Constructeur | Typebezeechnong | Lafend Nummer |
---|---|---|---|
LX-N19996 | Boeing | 707-329C | 19996 |
LX-N19997 | Boeing | 707-307C | 19997 |
LX-N20000 | Boeing | 707-307C | 20000 |
LX-N20198 | Boeing | 707-329C | 17966 |
LX-N20199 | Boeing | 707-329C | 20199 |
LX-N790442 | Boeing | E-3A | 22855 |
LX-N790443 | Boeing | E-3A | 22838 |
LX-N790444 | Boeing | E-3A | 22839 |
LX-N790445 | Boeing | E-3A | 22840 |
LX-N790446 | Boeing | E-3A | 22841 |
LX-N790447 | Boeing | E-3A | 22842 |
LX-N790448 | Boeing | E-3A | 22843 |
LX-N790449 | Boeing | E-3A | 22844 |
LX-N790450 | Boeing | E-3A | 22845 |
LX-N790451 | Boeing | E-3A | 22846 |
LX-N790452 | Boeing | E-3A | 22847 |
LX-N790453 | Boeing | E-3A | 22848 |
LX-N790454 | Boeing | E-3A | 22849 |
LX-N790455 | Boeing | E-3A | 22850 |
LX-N790456 | Boeing | E-3A | 22851 |
LX-N790458 | Boeing | E-3A | 22853 |
LX-N790459 | Boeing | E-3A | 22854 |
[Änneren] Kuckt och
[Änneren] Um Spaweck
Commons: E-3 Sentry – Biller, Videoen oder Audiodateien |